Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Life

 
Life
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.06.2006
  • Gekuckt:
    37199
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    60
  • Beliichtungszäit:
    1/40
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    180 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    149 KB
  • Originaldatum:
    06.05.2006
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 300D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Misc
2. Kategorie: Just for fun »» Rätselfotoen
Extras:
- RAW

Fir anzesetzen: [pg_img=6631]
Kommentar vum Fotograf:
Eng bessi mei aal foto (haat ech gemaach vir den contest). Mee wollt awer och nach e puer Kommentarer dozou wessen. Ween roden well waat daat ass kann roueg roden, mee setzen se net bei Rätselfotoen well soss nemmen geroden gett an keen en Kommentar schreiwt.
ploro 02.06.2006 - 17:58
ass eng rull dees glitzer ziipstongue
yoshi 02.06.2006 - 17:58
mh? wees zwar net waats de mengs mee mengen net closed_eye
Nora 02.06.2006 - 18:03
en jojo?
yoshi 02.06.2006 - 18:05
nee, awa net schlecht closed_eye mengen setzen se awer mol bei rätselfotoen, kennt jo dach drop eraus closed_eye
Sylvia 02.06.2006 - 18:16
wat mech interresseiert ..ass dat een Kameraeffekt ? Ech gesinn an der lescht dauernd Biller dei mat enger roteierender Kamera sollen gemeet sin kann mer awa beim beschten wellen net virstellen wei een Kamera komplett ronderemgedreint kritt and sou perfeckt Kreeser gezunn kritt ?? Vlait kanns du mech opklären ? surprised)
yoshi 03.06.2006 - 10:44
Also et ass keen Kameraeffekt, Kamera huet sech bei deser Foto net beweegt. Ass awer un der Form och naicht um Computer geennert gin. (Just hellegkeet)
hun och sou eng foto gema wou camera dreint (camera tossing heecht deen "sport"closed_eye smile
Camera Tossing
Sylvia 02.06.2006 - 18:20
ass dat gletzereg Woll ?
yoshi 03.06.2006 - 10:45
nope
ApplEric 02.06.2006 - 18:44
geseit fir mech aus wei dei Glasfaser telefonskabelen, (froe mech lo grad op dei aus glasfaser senn). Am Ikea kress de jo och sou luuten dei sou liichten. Mee awer eng schein Foto.
Wann ech lo just giff wessen, wat et wirr...
yoshi 03.06.2006 - 10:46
tjo dann muss de roden closed_eye huet nach bislo keen et richteg smile merci!
CHAREL 02.06.2006 - 18:52
Zimlech schweier daat do! hmm
Minaa 02.06.2006 - 19:17
D'Glasfaseren vun souenger UFO-Luucht?
Fannen iergentwéi kee richtegen Gefaalen un der Foto, wees net richteg wisou ...
yoshi 03.06.2006 - 10:48
baal richteg closed_eye oder och voll donierft :P
mir gefällt foto immens gudd, well ech waat ech mei laang kucken iergentwei lauter saachen dran gesin an richtung liewensooflaaf, dofir och den titel smile
verstin awa gudd dass se engem net gefällt closed_eye
MarcGerard 03.06.2006 - 00:01

asou, ech hu guernet gecheckt dass dat eng rätselfoto as.
't minaa huet natiirlech recht. sou en ufoluucht(wier elo ouni hat net op den numm kommsmile) déi dann eben nach dréit....
einfach flottsmile
yoshi 03.06.2006 - 10:49
merci closed_eye ass natierlech net ganz richteg, oder ween huet hei schon mol en ufo gesin closed_eye
yoshi 03.06.2006 - 10:52
En Tip: Et ass keng Luucht mee eichter eng Reflexioun vun der Luucht.
ApplEric 03.06.2006 - 12:19
Mee et huet awer mat Glasfaseren ze dinn, oder as dat och falsch?
Ah jo, ech fannen d'Foto eifach gudd, doweinst kommen dei 8/10 smile
yoshi 03.06.2006 - 12:31
nee, glasfaser ass och net richteg.
merci smile
JADE 03.06.2006 - 12:39
Sonnenstrahlen am Limonadenglas vum Sylvia,
Reebouw am Wasser/Sprangbuer
yoshi 03.06.2006 - 12:47
hehe nee... also ech sichen no engem tip deen ech ierch kann gin closed_eye ass naemlech net wierklech einfach
yoshi 03.06.2006 - 12:48
2. Tip: Oh Wunder, et ass eppes waat dréint tongue
maxipu 03.06.2006 - 14:22
vlait eng cd die dréint?
yoshi 03.06.2006 - 14:41
nee, dei huet en lach an der mett smile
Mojoo 03.06.2006 - 15:09
Eng Lutsch vun uerwen? Oder Zockerwatt.. op alle Fall eppes Séisses fir z'Iessen? closed_eye
yoshi 03.06.2006 - 18:17
ahoooooooooooooooooh nee closed_eye nix vir ze buffen, och nix süsses tongue
Mojoo 03.06.2006 - 18:19
Aarghs.. ppfffftt dann eben net!! tongue
MarcGerard 03.06.2006 - 22:16

eng haart noss

(dat as net méng léisung, ech fannen just eben dass dat rätsel eng haart noss ass smile )

also ech bleiwe bei ménger ufoluuchtsmile

also wat ech mer firstelle kann(mee dat wier zimlech fies vun däer):

eng blo schossel mat waasser an esou komeche reflektéierende faarweche glas-oder plastikstécker dran. du hues 't waasser gedréit, sou dass sech 't grimmele matgedréit hun....
déi faarwech stécker missten zwar logescherweis NET AM waasser sin, well déi giffe jo direkt no bausse gedréit gin( fliehkraft)

smile sin ech wéinstens um richtege wee? smile
JADE 03.06.2006 - 22:41
Mëllech
cf. bedeit Liewen (Mammenmëllech an Pudermëllech), an dréint ( "du lait qui a tourné"closed_eye
yoshi 04.06.2006 - 03:35
mellech mat glitzer dran oder wei? closed_eye tuuuuuuuuuuuuut falsch closed_eye
Misch 04.06.2006 - 16:10
hmm... ech gif soen as eppes waat dreint an waat op eppes laid waat aus holz asclosed_eye

mee un ech wees ech jo waat et as closed_eye an megen loosen dei aner mol weider roodenclosed_eye
yoshi 04.06.2006 - 16:55
hehe closed_eye
saskia 09.06.2006 - 00:16
mir gefällt foto smile

ass et eng discokurrel ? mh
indigo 09.06.2006 - 00:24
bei enger discokurrel misst een jo dann awer iergendswei erkennen dass dei veiereckeg spiggelen do dropsin mee hei... vlait eng kreschtbull...?
yoshi 09.06.2006 - 13:41
nee, ass naicht vun beids, mee ech erenneren drun dass bewegung am bild ass, an dass spiggelen dann zb nemmi ze gesin sin.
indigo 09.06.2006 - 00:22
indigo 09.06.2006 - 00:25

indigo 09.06.2006 - 11:55
wi kreien ech dat driwwer nees geläscht? closed_eye
Mojoo 09.06.2006 - 12:01
Lol !! War et gescht besseli spéit? closed_eye

War dach cool waats de geschriwwen haas closed_eye
yoshi 09.06.2006 - 13:42
kruut et leider net mat, schreiw et rem dohin tongue
MarcGerard 09.06.2006 - 13:46

josmile
ech sin elo och firwelzeg gin smile
ApplEric 09.06.2006 - 12:05
Also, war dach fantasievoll wat firdrun do stung. Why läschen?
annemie 12.06.2006 - 00:16
Ups daat ass eng Rätselfoto???!!!! Do haat ech rem eng laaaaang Leitung...
Also...mech erenert et un Wellen: wees de wanns de en Steen an d'waasser geheits, dei wellen eben...
mee ech wees net su ganz ob daat bei daat "et dreint" passt.... *grübel*
yoshi 12.06.2006 - 00:18
törööööööööööö ZONK! closed_eye
um holzwee
annemie 12.06.2006 - 00:20
Klonk *aua*, ok dann eben net closed_eye
yoshi 12.06.2006 - 00:47
hehe closed_eye
annemie 12.06.2006 - 23:36
Heyy ech wel wessen waat daat ass :-P
yoshi 12.06.2006 - 23:42
jo mengen leisen glaich op closed_eye
MarcGerard 12.06.2006 - 23:49

jo! mach dat! ech gleewe kaum dass mer drop kommen....

deemno kriss du vu jidderengem eenlelen dee matgeroden huet ee patt

bigsmile
yoshi 12.06.2006 - 23:51
hehe dann leisen ech am bechten direkt op, mussm er just na eng foto um laptop sichen wou et am stillstand drop ass smile
annemie 13.06.2006 - 11:38
Yeah, olé closed_eye souvill Pätt (mehrzahl vun Patt?) *g* hmmm oder eben tier mc do :-P
yoshi 14.06.2006 - 01:19
uuh d'angebot gett emmer mei verlockend, mengen waarden na bessi, gett flait na besser tongue
MarcGerard 14.06.2006 - 13:19

och nöö! esou vill kanns du dach net drénken smile

ech hu gezielt: wann ech mech net verzielt hun sin et der 12! dat as ee patt de mountsmile
yoshi 14.06.2006 - 17:54
an souvill kann ech net drenken? tongue
MarcGerard 14.06.2006 - 18:31

dach, amfong schon... mee alles beieneen as fläit bessi geféierlechsmile
yoshi 14.06.2006 - 22:16
fenken mol eng nei dengen hei un closed_eye

also op 12 meint verdeelt ass daat awer e bessen ze weineg oder?
MarcGerard 14.06.2006 - 22:20

dommensmile
profitéier!smile ausserdeem wäert deen een oder aneren net bereed sin der een ze spendéieren. emplus kanns de net erwaarden dass de all mënsch hei kenneléiers! also falls mer eis am "al eeschternoach" sollten eremgesin: erenner mech drun closed_eye
annemie 14.06.2006 - 23:22
Ach manno...closed_eye Kent dei Opleisung an 5 Joer dann vlait?closed_eye))
Daat mat den Pätt henkt ewentuell suguer nach dervunn oof waat et schlussendlech ass :-P
yoshi 15.06.2006 - 03:08
jo souwisou, ass sou onmeiglech rauszefannen, dass ech am endeffekt guer keen kreien closed_eye ass dann och wurscht tongue den marc gett mer dann awer een aus, an wann ech em en muss dono zreck gin smile
annemie 15.06.2006 - 10:41
LOL dann hudd der o weinstens allen 2 epps dervun closed_eye)
hmm e verspriechen muss een jo halen...ech probeiren drun ze denken dass de en tour mc zegudd hues tongue
yoshi 15.06.2006 - 03:29
An hei ass d'Opléisung:
Life Opléisung

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 485 Gäscht online