Merci Ass wirklech immens flott, am reellen ass et natirlech nach vill mei schein. Wann een den wee iwwert d ganz bierger mecht ass een zwar 4 stonnen ennerwee mee dei vue dei een op den bierger huet ass genial
Dat gleewen ech der. Sin och nämlech reicht firun enger woch erem komm... an wier lo am leifsten schon rem do... mee bon weinsten ass et hei alt net sou wuarm, 39 grad wuar mir dann dach en bessen ze vill...
Also ech verstinn ewell gudd wisou d'Leit dohannen mettes Sieste haalen... dobaussen ass et wierklech net auszehalen..dann schleift een mol bis mettes 2, halwer 3 an dann ass et nach fuerchtbar waarm dobaussen... Zum Gleck hun mir eng Piscine wou een sech rem oofkillen kann (kleng Randnotiz: Also een Daag do haaten mir nach owes um 9 39°C um Thermometer stoen...onvirstellbar)
Oh jo, mir hun eis och un hieren rittmuss adapteiert. Moies frei opstoen, mettes iessen, dann siesta bis 4 an dann owes rem raus... jo ech wuar mech och oft an piscine oofkillen... jo mir haaten och wärend drei deeg 39 grad. ass dann och net mei wirklech agreabel...
Mir sinn och zu richtegen Ardècher ginn gewircht, moies wann et "kaal" war dobausen, bis 3 dobannen dann raus an den pool, um 7 auer apéro an oft reicht um 9 gies.
(allerdengs muss ech soen dass mir dei waarm deeg do och wierklech net vill ennerholl hunn, well et wierklech ze waarm war) also beim kayak fueren hun ech mech freiwelleg gekippt, am waaser war et mei agreabel
Jo bei eis wuar et genau nemmlecht... Nee mir hun an der zeit och quasi iwerhapt neicht gemach...
Mir wuaren just den Mont Vent Toux besichen, an do wuaren schein kill 21 grad do uerwen
Lol jo do kann een sech dann eng schein oofkillung huelen...
Also ech haat mech getraut en 4 stonnen wanndertour iwwer d bierger ze maachen bei 36/37 graad... nie mei Hun 1,5L waaser ennerwee gedronk, an et wier mei ginn wann ech mei derbei gehaat hätt