"Von der sechsten bis zur neunten Stunde herrschte eine Finsternis im ganzen Land."
"Da riss der Vorhang im Tempel von oben bis unten entzwei. Die Erde bebte und die Felsen spalteten sich." ....
(Mt 27,45 an Mt 27,51)
Villmols Merci Zora. Et sin meng éicht Versich am PS. SW huet mer och méi passend geschingt fir d'Dramaturgie vun der Kräizigungszen besser zum Ausdrock ze bréngen. Am Farwigen wär d'Foto éichter onintressant gewiëcht. Ech hun express héich Kontraster gewiëlt... et war mol ee Versuch
sorry, hei gesin ech net richteg waats Du eis wels weisen
fototechnesch gesin ass fir mech de Sujet ze vill an der Mëtt an et kann e keng Detailer gesin, well et ze däischter ass
Den Himmel par contre ass staark iwwerbeliicht an d'Wolleken einfach ze vill ausgefriess
Ech gin der recht, deng Bemierkungen sin ganz richtig. Fir d'éicht mol ass mäin Titel an mäin Kommentar schlecht gewiëlt, sou datt een sech ka froen, wat daat soll. Ech versichen daat mol emzeänneren. Mech huet daat Kräiz do an der Landschaft laanscht d'Strooss ganz einfach ugesprach an hun mol eng Foto gemeet (den Himmel war bloo). Ech wollt awer eppes méi draus machen, méi Dramatik an d'Bild kréien, dofir hun ech sw gewiëlt an héich Kontraster. D'Wolleken wierken zwar dodurch éichter ausgefriëss, ma mer huet dat besser gefall, steigert nach d'Dramatik. Ech stellen mer daat sou viir, "den Himmel gëtt schwarz, Blëtzer erhellen d'Nuecht an den Donner kraacht....". D'Motiv ass zentral, ma ech fannen et nit onpassend well genau an der Mëtt vum Kräiz deelen sech d'Wolleken. An well ech méiglichst vill vum dramatischen Himmel wollt hun, dofir hun ech nit Héichformat gewiëlt (haat daat och probéiert). Ma secherlich kann een dëst Motiv nach vill besser duërstellen an mi spannend kadréieren. Et war een vun mengen éichten Versich mam PS. Villmols Merci fir däin éierlichen Kommentar, nemmen sou kann ech eppes bäiléieren, mech selwer a Fro stellen an driwer nodenken wat ech kéint besser machen