Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Protection

 
All Fotoen an dëser Serie:
30213 Thumbnail
30214 Thumbnail
30216 Thumbnail
30217 Thumbnail
30218 Thumbnail
Protection
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.08.2012
  • Gekuckt:
    34280
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Originaldatum:
    26.08.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 1.4x III
Kategorie: Déieren »» Hausdéieren
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66106]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Serie wou ech mer och baal keint iwwerleen Vegetarier ze ginn ... Am Fong wollt ech dat klengt Källefchen knippsen ... wéi ech méi no erunkomm sinn hunn d'Elteren sech bedroht gefillt an sech schützend virun ët gestallt.
abrissreif 28.08.2012 - 10:47
Toller Eindrücke von den Kühen. Die Mimiken sind stark.
Schluck 28.08.2012 - 11:34
Merci, freut mich dass sie dir gefallen
Scyv76 28.08.2012 - 10:51
Super staark déi Serie, virun allem déi läscht Foto fannen ech fantastesch vum Motiv an der Mimik, obwuel se vum Liicht net sou schéin ass wéi 1 bis 3.
Schluck 28.08.2012 - 11:35
Merci Scyv76, hunn se nach eng kéier ersaat an d'Teinung misst elo besser sinn
Scyv76 28.08.2012 - 12:24
Super sou, lo ass se perfekt !! immens
orlok 28.08.2012 - 11:10
Oh, wéi léif!
Jo, bei deene Biller do kann ee jhust nach Vegetarier ginn.
smile
Schluck 28.08.2012 - 11:36
Jo gëll, wann's de dat Källefchen do misst selwer eweghuelen an schluechten ...
orlok 28.08.2012 - 12:06
Wann ech selwer misst schluëchten, da wier ech Vegetarier.
Dat ginn ech zou.
Schluck 28.08.2012 - 12:33
Genau dat
Gaga 28.08.2012 - 11:49
Genial Serie,
Villeicht leiden dei drei jo de Metteg bei engem hei um Teller ?
Fierwaat denken t'Leit nemmen sou weit wann se wierklech dermat konfronteiert gin ?!?
As daat Ignoranz oder as et einfach dat mer eis am groussen ganzen keng Gedanken mei machen iwert daat waat ronnderem eis geschitt ?

Et as schweier, mais et get nemmen een eenzegen Gronnt fierwaat mer Fleesch iessen : Gewunnecht !
Fier dei Gewunnescht schluechten mer dann eben 50 Milliarden Deieren am Joer.
Well emr net wellen verzichten, ... masi wann jiddereen just nach eng Keier an der Woch Fleesch geiff iessen, keintnen mer dei Zuell op 7 Milliarden brengen, nach emmer eng gehiirlos Zuel ... mais awer ...
Btw : Wann der dest Kallef schon leed deet, dann informeier dech emol iwert eis Mëllechkéi, dei fier eng grouss Liggen (Mellech as gesond) direkt vun hieren Mammen eweggeholl gin, fier dat se keng Mellech klauen. Do fàllt mer och nach deen witzegen Kou-piercing an, en Plastikrank, deen t'Kei an t'Nuess kreien, mat Picken, fier dat et hinnen weideet, wann se un hier eegen Zittsen Mellech drenken gin, t'Mellechbaueren nennen daat dann "KLAUEN" .... wei pervers sin mer eigentlech ?

Mais bon, et as Zeit fier op de Beafsteak !
E Gudden gewenscht !

Steeling Milk
Scorpius 28.08.2012 - 12:07
Ech gesin Gaga, du bas nawell gut informeiert closed_eye
Et as secherlech wuetwietlech WAHNSINN wat mir un Fleeschquantiteiten iessen an deieren schluechten. Ganz dovuner ofgesin WEI dei Deieren oft geschluecht gin an gehalen gin..gequält an euni leiwt behandelt gin.

An das ganz fill Krankheeten entstin wan een zefill fleech esst, get och net gesoot, dat kennt der Pharmaindustrie dach fill ze gut! Ech well hei och lo net eng diskussioun ufänken wou deen een behapt flesch as schlecht an deen aneren fleesch as gut. Mee weis du sees wa mir et winstens gengen reduzeieren wier schons fill gemeet !

An ech perseinlech iessen quasi kee fleesch mei seit 2 joer..et kennt mol fir das ech poulet iessen..mellesch drenken ech och keng mei, just nach soja mellesch an dei schmacht mir grad sou gut an kreien och keng verdauungsproblemer mei.
Wan een sech dat mi genau ukukt, all deier wat fleesch esst, huet en relativ kuezen Darm fir das dfleesch net vermuuscht an der panz, krass gesoot closed_eye mir hun en ganz laangen Darm fir das all nährstoffer aus eiser Nahrung och erausgefilter kenne gin (gemeis, friichten planzen etc). Mir hun och keng Zenn wei en wollef oder soss en deier wat fleesch esst..krallen hu mer och keng. mir gesin och nuets net sou gut wei een predator an mir iessen eis deieren och am prinzip net reih (ofgesin vun sushi, filet americain an sou sachen closed_eye )

Nujee wollt dat just mol lass gin wells de grad sou schein ugefang hues domat Gaga closed_eye
Gaga 28.08.2012 - 13:22
Du kenns net zoufälleg den Gary Yourofsky? smile
Scorpius 28.08.2012 - 16:23
Lo jo, schengt en Mann der Taten ze sin closed_eye an sin och direkt op epes gestous wat mol interessant ausgeseit : http://www.imdb.com/title/tt2332847/
Hien mecht anscheinend do mat
Gaga 28.08.2012 - 17:20
Ma kuck emol True Activist oder Earthlings op Facebook, dei hun emmer interessant Sachen , traileren etc ....

closed_eye
Schluck 28.08.2012 - 13:44
Merci Gaga, dat ganzt gët engem schon ze iwwerleen ... D'Soll keen soen déi Déieren hätten keng Gefiller.
Abacab 28.08.2012 - 12:24
Léif an aussohkräfteg Serie. Di Mimik vun deene Kéih soen alles. Et spiert een wat se denken. Di lescht gefält mer am beschten.
Schluck 28.08.2012 - 13:48
Merci gesoot, jo hun ech och esou emfonnt
Jean-Jos 28.08.2012 - 16:35
Ganz flott Déiere-Biller mat richtég gudde Cadrage weis' du eis hei. Gefällt exzellent!
Schluck 28.08.2012 - 17:10
Merci Jean-Jos, freet mech .. just een Détail mengen ech änneren ech nach ... déi eischt just Källefchen drop
pitchul 28.08.2012 - 18:15
Eng ganz schein Serie
Schluck 28.08.2012 - 18:21
Merci pitchul, freet mech dass se gefällt
Richie 28.08.2012 - 19:18
Un der 4. kéint ech mech scho saat kucken. Da brauch ech och kee Fleesch méi closed_eye

Super Flott Serie.
D'Schäerft an déi Fräistellung sinn impressionnant
Schluck 28.08.2012 - 19:37
Merci Richie, saat kucken geet natirlech ovh ... probéieren dat och emol dann huelen ech vläicht ee puer Kilo of. JUst déi zwou läscht hun ech ee bëssen an den Sand gesaat, ass nët méi grad duer gangen mat der Déiftenschärft fir déi lenks .. déi woar ee bëssen méi no vir komm an ech hat nët obgepasst
Richie 29.08.2012 - 17:57
Ech fannen se Tipptopp.
A wann s de se nach verfeineren wëlls, méchs de et déi nächste kéier einfach besser. smile
jorsch 30.08.2012 - 21:51
Ech flott Serie.
De Ausdrock vun de Kéi ass esou staark, datt een däi Kommentar bal net brauch, fir ze verstoen.
Schluck 31.08.2012 - 13:04
Merci jorsch, woar ee bereierenden Moment!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 554 Gäscht online