Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Grindelwald Gletscher

 
Grindelwald Gletscher
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.08.2012
  • Gekuckt:
    10611
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/160
  • Blend:
    f/F9
  • Brennwäit:
    24mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x675
  • Späicherplaz:
    671 KB
  • Originaldatum:
    13/08/2012
  • Fotoapparat:
    Nikon D800
  • Programm:
  • Objektiv:
    24-70
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65936]
Kommentar vum Fotograf:
Hei e Panoramablëck vum First aus fotograféiert.Et ass en HDR aus 3 Fotoen. Hoffen e gefält, an all Kritik ass wellkomm.
Gaga 20.08.2012 - 19:37
phantastesch landschaft !
Flott festgehaalen !
Abacab 21.08.2012 - 10:16
Merci Gaga bigsmile
VeloBen 20.08.2012 - 20:19
Super Panorama ! Den Baam stéiert hei irgendwéi. Naja..; gung wahrscheinlech net anescht. Ass also keen Beenbroch.
Abacab 21.08.2012 - 10:19
Merci VeloBen. Hu mer och schonns Gedanken iwwert d'Dennen gemat, mee wollt se esou erem ginn wéi de Bléck an deem Moment eben war.
daveluxphoto 20.08.2012 - 23:06
Top Foto, erennert mech unn Molerei aus der Romantik, z.b.: Caspar David Friedrich. Ann mol eng keier wou ech fannen dass den HDR net overprocessed ass ann d'Foto ze onnatierlech ausgesait.
Abacab 21.08.2012 - 10:21
Merci daveluxphoto. Jo ech hunn den HDR am PS ganz banal zesummegesat ouni vill drunn ze dréien. Hat och mam Photomatix probéiert, mee do huet et direkt vill ze vill onnatierlech ausgesinn.
Jeanny 21.08.2012 - 06:54
wonnerschein
Abacab 21.08.2012 - 10:22
Villmols merci jeanny bigsmile
orlok 21.08.2012 - 07:32
E schéine Panorama!
Gefällt mer.
Abacab 21.08.2012 - 10:22
Villmols merci orlok bigsmile
Istuffroeserbann 21.08.2012 - 08:15
Ganz flott, nee, super flott smile
Abacab 21.08.2012 - 10:22
Super vill merci bigsmile
Geko 21.08.2012 - 13:05
Ganz flott, do gesäit ee richteg wéi klor d'Loft an de Bierger ass. Och wann ech d'Beem bëssen dominant fannen. Wiere just déi ganz riets drop fir Déift ranzebréngen, kéint ech mir d'Foto nach méi schéin viirstellen. Dat ass awer keng Kritik, du kanns jo nët fir d'Beem, déi do wuessen smile
Abacab 22.08.2012 - 10:25
Merci Geko, jo dat stemmt mat de Beem, mee wollt d'Vue esou festhalen, wéi se dee Moment op der Platz war. (Op der Terrasse vun enger Hütte mat enger gudder Fläsch Béier) closed_eye
JC1967 21.08.2012 - 18:54
Flott flott flott, nach 2 Deeg an dann sin ech och an der Geigend. smile
Abacab 22.08.2012 - 10:27
Merci Jickly, fréh dech, si schonns gespaant op deng Fotoen closed_eye bigsmile
apeace 22.08.2012 - 08:16
Ganz schéin!
Dat mecht Loscht op eng Vakanz an de Bierger!
Abacab 22.08.2012 - 10:28
Merci apeace. Schaffen schonns erem vun e Méindeg unn, an hunn och schonns erem loscht op eng Vakanz an de Bierger closed_eye
Pit 22.08.2012 - 09:01
Impressionant
Abacab 22.08.2012 - 10:29
Merci Pit smile
gemu 01.09.2012 - 09:51
Super Opnaam, ech gesin de Gletscher geet nach ëmmer vun Joer zu Joer zerëck daat ass erschreckend.
Abacab 01.09.2012 - 15:57
Merci gemu, jo dat mam Gletscherschmelzen ass net esou schéinunhappy

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 610 Gäscht online