Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Spiral

 
Spiral
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.08.2012
  • Gekuckt:
    18384
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    41
  • Beliichtungszäit:
    1/350 sec
  • Blend:
    f/2
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    1 EV
  • Gréisst:
    800x536
  • Späicherplaz:
    108 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65810]
Kommentar vum Fotograf:
eng traap ....
orlok 15.08.2012 - 20:20
Uëwen ass dat Ganzt mer e bëssen zevill onschaarf ... a ganz ënnen am Lach eigentléch och.
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:25
daat ganzt bild ass esou gewollt, hun zwar och eng matt mei blend gemaach dei vun uewen bis ennen schaarf ass, mais dei gefaellt mer net wierklech ..
Abacab 15.08.2012 - 21:29
De fotografeche Blëck ass ginn, mee un der Emsetzung muss nach geschafft giinn.
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:24
ahsou ? villmols merci fier den tip smile
Abacab 17.08.2012 - 08:38
Domat mengen ech di extrem hell weiss Platz vum Glänner, di d'Opmierksamkeet vum Bild op sech lenkt. Dat kéint een am PS licht änneren, da géif se mengen ech nach besser gefalen.
Zora 15.08.2012 - 21:38
Brilliant mat der Schärft gespillt!
Maimonides 15.08.2012 - 22:04
http://www.youtube.com/watch?v=Gk6tN5tV7Ws
Zora 16.08.2012 - 09:06
tango???
Maimonides 16.08.2012 - 20:29
Da kuck mol
wéi dat dréint, Zora,
dat Donkelt !
An dat eckigt Hellt
mëscht de Rythmus.

En Tango.
Zora 16.08.2012 - 21:25
Huiii, do wär ech elo net drop komm, hun wahrscheinlech ze komplizéiert iwerlucht, ganz gud daat doclosed_eye
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:24
oh en wonnerscheinen verglach mam tango, villmols merci.
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:25
merci joffer, och fier den fav smile
Jean-Jos 15.08.2012 - 21:41
Intressant mat der Schäerft gespillt, ech hätt vläicht en halwen Tour méi spéit ugesaat, awer och esou immens flott.
Vum Titel hiir kéint ee sech och "l'oeil du cyclope" virstellen bigsmile
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:24
jo do keins de rescht hun, war mer net secher wou ech den focus sollt setzen am ufank , mais eng decisioun muss een huelen.
interessanten titel closed_eye
gi87 15.08.2012 - 21:52
Top Foto ! scheinen Bockeh am Bild !
Gaga 16.08.2012 - 00:09
bokeh ???
sorry, ech gesin keen bokeh !
gi87 16.08.2012 - 00:27
Gaga, hei http://de.wikipedia.org/wiki/Bokeh !
Gaga 16.08.2012 - 00:40
jo Bokeh,
ech hun allt gemengt et geiff een nemmen vun Bokeh schwätzen wann et wierklech schein Onschärftekreeser sin ... ?!?
Hei sin der 2-3 um weissen Gelänner ... mais "scheinen Bokeh" ?
den Schärftenverlaaf fannen ech ock ... mais hätt do lo nie vun Bokeh geschwaat !
Alt erem epes geleiert, oder ...?!?
gi87 16.08.2012 - 01:23
Wgl. mussen ma elo nees dorauser eng Stadtsaffär man ?
Gaga 16.08.2012 - 01:33
Nee, hun graat 5 Deeg Congé, also schwätz mer net vum Staat wegl. !
Hues du prinzipiel en Probleem mat Froen, Diskusiounen an Wessensaustausch oder wei soll ech deen Toun do emmer verstoen ?
Pardon, wann ech erem nobueren ... mais ech sin e fuerwertzegen Mensch ...
Ah, lo wees ech, ech hun "?!?" getippt ... daat kennt bestemmt erem klugscheissereg an iwerhierflech eriwer ... pardon, mein Fehler !
Daat wor als eescht gemengten Fro geduecht.
gi87 16.08.2012 - 02:22
Gaga Esh hun kee Bock halt dass all Wuert hei op Woo geleut get an a Froh gestallt get !
2. Esh hun dem ZerberuZ hei e Kommentar gin, verstin Esh elo net wisou Esh mesh nees geschwenn mat Dir an den Hooer hun, bekemmer Desh dach em Deng Fotoen oder Kommentaren ?
3. Obs Du elo Congé heus oder net, dat geet mesh nix un an dat ass ma och Egal wann esh eierlesch sen, an wanns du beim Staat Schaffs kann esh jo net wessen wann esh dat Wuert Staatsaffär hei benotzt hun oder ?
Sorry mee geschwenn wees Esh net wei esh mesh soll Dir geigeniwer verhallen ? Dei geschicht mam Eisvull ass ma schon immens ob de Kecks gangen, an elo gedet weider ? Nee, dann Ignoreieren Esh Desh, an Basta.. Wannet net annescht hei geht ! Man mir net meng Nerven hei mat Dir kapot !
Gaga 16.08.2012 - 11:50
Ech gesin du hues wierklech e Problem dommader ...
Lauschter, ech wees net ob et een Emoticon dofier get, mais mein Blutdrock as ganz deif. Zen, relax, cool ... dein schengt mer do net esou ze sin.
Ech sin hei fier iwer all Foto ze schwätzen. Meng eegen sin do eichter nierwensächlech, do well ech eichter lauschteren wei matschwätzen.
Du hues iwert eng Foto geschwaat, ech hun der dozou eng Fro gestallt well ech wei et schengt en Fachbegreff anescht verstin eweis du. DU bass deen eenzegen deen sech opreegt, out of topic get an sech e bessen (menger Mehnung no) donierft behellt.
Ech denken dats du einfach weinst der Eisvullen Geschicht, dei änlech wor, nach emmer gewessen Fierurteeler iwer mech hues, ouni mech iwerhaapt ze kennen. Ech fannen daat traureg. En erweussenen Mensch deen am Berufsliewen steht, an weis du dann och nach am Bau schaft, misst do e bessen mei Reckrad hun. Oder hues de ob der Schaff och e Probleem dermat wann een der Froen zou denger Installatioun stellt ?
Deng Astellung mer net wellen ze Äntweren, resp. op eng Diskusioun anzegoen, fannen ech net nemmen traureg, mais et schengt mer och wei wanns du nemmen hei wiers fier deng Fotoen ze weisen, wann meiglech nemmen Luerf kreien an daat wor et. Ech mengen dann hues de den Prinzip vun PG net verstaanen. Wann et net esou as, dann kann et jo just nach sin dat des Astellung nemmen geinnt meng Persoun geht, an daat ouni dats de mech iwerhaapt kenns.
Bon, den Frenndin - Fra, huet mer jo och schon gesoot dat hat keng Loscht huet sech hei mid ze machen. Da so mer mol ganz einfach fierwaat dat der hei sid ? Villeicht kann ech mech dann besser ob är komesch Art a Weis astellen.

Back to topic:
ech hun allt gemengt et geiff een nemmen vun Bokeh schwätzen wann et wierklech schein Onschärftekreeser sin ... ?!?
Voilà, weinst deem Satz soll ech mer elo Froen stellen ?
Mier sin jo awer erwuessen Leit, oder?
Gaga 16.08.2012 - 11:51
Ah jo, an hei kanns de och mol epes noschloen, net Wiki, mais och ganz informatif fier dech :

Wat ass de Sënn vu Photogen

Photogen ass e Site dee gemaach ass fir Leit déi d'Fotografie als Hobby un, déi och drunn interesséiert sinn sech mat Hëllef vu Kommentarer an Kritiken vun anere Leit weider ze entwéckelen.


http://www.photogen.lu/?page=about
Gaga 16.08.2012 - 12:05
Schlussendlech zum Bokeh, ok, ech hun mer elo ca 10 Artikelen iwer Bokeh erangezun, an ok, Bokeh as naischt anescht wei onschärft !
Dat waat ech mat Bokeh bezeechent hun sin einfach Zerstreuungskreise.

Gut ze wessen, merci Gianni, och wanns de mer net direkt gehollef hues, weinstens hues de mech motiveiert et genau ze wessen.
Wier jo ze einfach sech einfach hei auszetauschen tsss...
gi87 16.08.2012 - 23:01
Gaga, du heus Desh mat mir, mam Nathalie an och mam Schluck an diskousiounen erann gerieden, Du miess awa souleus agesin dass de Fehler net just hei bei mir leit, do dreist Du menger Meenung de greisten Paart bei ! Kloer ass mein Blutdrock net ganz Enen, well dat mesh leus a leus hei geschwenn Ukatzt, an dat hapsächlech an da Lescht elo just mat Dir.. Meng Aarbecht, do loss mesh dat man, dat hun esh schon am Grëff, an kanns ma gleewen, oder och net ( ass ma jo och egal ) wär de Lëschten den engem net giew eng Äntwert gin op eng berechtegt gestallten Froh...
Mee wann do kennt bokeh ??? blablabla, dann reageieren esh e bessen mei agressiv dodrober, well wees net wei esh soueng Art vun Schreiweis soll Opheulen...
Deng Äusserung, dass esh just hei sen vir Leurf ze kasseieren, dei hässte da kinnten och elo speuren, Esh sen hei vir Biller ze weisen, sin Leit do dei sen net esou Naturbegeeschter an mat mengen Biller ( gin da hei dei man dat nach eng Deck Schepp besser ewei Esh ) well esh hinn just dat weisen wat Sie net Regelmeisseg oder geur net gesin, Detailer an Macroen etc.. dei engem esou net Opfahlen... Kloer gief esh mesh mei Freen wann een mesh gief Froen, hei wei heuste Desh donei ungeleucht vir Foto esou ze hin zeireien... awa et kennt dach emmer ... schein, gefällt mir etc.. also souwisou Nix konstruktives etc...das Fein dass een sech Zait helt an halt seet se ass schein oder och net, dann wees een woueen Drun ass ...awa esh sen net hei vir Loorbeeren ze Kasseieren, aus dem Kanner Niveau sin esh längst eraus, do kann esh ma selwer opt Scheller klappen wann esh wees dass esh eppes gudd gemach hun, dofir brauch esh keen deen ma dat seet...
Meng Frauschen ass och net frou mat dem ganzen Pipapo hei, kloer dass dat Dir esou zereckschreiwt, Den Schluck dem baste jo och op Feiss getreppelt ma Eisvull..
Weeste Gaga, wei een an de Besh rieft, esou schaalt et och zereck.. brauchs Desch net ze wonneren , an wanns Du emmer mengs Du bass den Onschwlegen an dei Anner sin dei beis, dann gleew Du dat, mee esh man mesh net mei Mitt ma Dir !
P.S. dat mam Bluttdrock , kloer ass dein mei ennen ewei main,dat ass bei Provokateuren normal, an bei Provozeirten Leit assen mei heich , ewei an mengem Fall !
Bon elo nees em zereck opt Thema deelweis ze kommen, dann deit deng Froh annecht un, an net eweiste geschriewen heus : bokeh ??? sorry esh gesin keen Bokeh ! Wor dat eng Richteg Froh, soudass esh mat Dir hei wessen soll austauchen ?
Gaga 17.08.2012 - 00:05
Gianni,
Endlech mol Kloertext !
Daat gefällt mer. Du hues Recht.
Et kann een daat als Provocatioun verstoen, mais provozeieren leisst een sech nemmen wann een net objektiv denkt. Dier denkt eben emmer direkt AHHH DE GAGA WELL MECH EREM SCHEISSEN DOEN !
An ech setzen hei an denken, "oh mei, lo mengen se erem ech weilltse scheissen doen!"
As am Fong witzeg, nee ?
1. Mier as et Wurscht vun weem eng Foto kennt, bei verschiddenen User wees ech do kanns de hellefen, bei verschiddenen wees ech do kanns de leieren.
2. Ech steppelen net a well keen Streit. Ech hun en hang zu schwarzem Humor, starker Ironie an iwerdriwenem Fuerwertz an e Verlaangen Sachen emmer direkt kloer ze stellen. (waat och oft fierkennt wei wann ech daat läscht Wuert weillt hun, wei elo, as et awer net!)
3. Ech verstin nie fierwaat een sech hei kann iwert eis kackeg Amateursfotoen opreegen ! Et as dach en Hobbie !
4. Ech sin frou iwer all Diskusioun, hätt wahrscheinlech sollen an t'Politik goen, oder Satire machen, do sichen se sou Clownen wei mech bestemmt !
Ech entschellegen mech dat ech sou sin wei ech sin, mais wei ech dem Schluck soot, wanns de net wees weis de et solls verstoen, dann liess den Numm "GAGA" an dann huel et vun der ironescher Seit ... och wann ech t'Thema escht huelen, gecksen ech allt emmer am Ennertoun, Minetter eben ... meng Aussoen sin nie beiss gemengt ! Ech hun dem Johny schon gesoot en misst hei viiiilll mei Emoticons erop lueden, dat ech mein Toun mol besser enenrmolen kann bigsmile
Sou, lo fillen ech mech schon erem besser, driwer schreiwen helleft ! Also net sou lidderech sin, an am Plaatz 100x "schein" ze schreiwen, kennen mer dach souvill Interessant Diskusiounen hei feieren, iwer Eisvullen, Bokeh, oder den 18ten März ! Nee ?
ZerberuZ 17.08.2012 - 07:45
Zerklappt ierch am forum oder gidd een drenken , net ennert aaneren lait hieren biller..
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:23
villmols merci Gianni, an och fier den fav. freet mech dass et der gefaellt.
gi87 16.08.2012 - 23:32
smile
Metalbambi 15.08.2012 - 23:00
Schonn vill ze oft gesinn, sou ofwiesslungsräich sinn Trapen awer net.
Wéi schonn gesot wier eng méi kleng Blend net schlecht gewiescht, Déiftenschäerft ass limite. An virun allem d'Lach ganz an d'Mëtt setzen (riets schneiden, bréngt dem Bild sws näischt) oder et richteg dezentréieren.
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:21
Merci, dei Blende F/2 war keen zoufall.
Metalbambi 17.08.2012 - 02:01
Dat ännert awer näischt drun dat et ze wéineg ass. smile
ZerberuZ 17.08.2012 - 07:44
Wei gesoot, ech perseinlech fannen et genau gudd esou smile
Miisamm 16.08.2012 - 00:01
Lol mindestens Blend 1000 häss de missten huelen. Ech mengen hei ass eing liicht Onschärft am Bild. Däi Sensor ass och vläit futti, oder et ass duerch den Nordwand aus dem Süden. An iwwerhaapt firwaat ass dei ronn Traap net Veiereckeg?

ROFL
Gaga 16.08.2012 - 01:54
best comment EVER !
Zora 16.08.2012 - 14:18
bigsmile
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:21
bigsmile ech soen emol merci , opwuel ech net wees op daat en senn mescht bigsmile
Fennec 16.08.2012 - 10:17
ganz flott, och den Bokeh as top
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:20
Dier och en groussen merci.
JohnJ 16.08.2012 - 13:06
sehr gut
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:20
Villmols merci.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 395 Gäscht online