Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Um seidene Fuedem

 
Um seidene Fuedem
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (11.08.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.08.2012
  • Gekuckt:
    20883
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1.3333333333333 EV
  • Gréisst:
    800x541
  • Späicherplaz:
    237 KB
  • Originaldatum:
    2012:08:09 21:26:09
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65651]
Kommentar vum Fotograf:
Emol e spannende Porträit am sw.
gogo 09.08.2012 - 22:06
100 punkten, megagäil.
jorsch 10.08.2012 - 21:04
Merci, och fir de Fav. , du bass awer schéi mëtschgieweg!smile
Jean-Jos 09.08.2012 - 22:08
Wahnsinn! Richtég gutt! Kompliment.
jorsch 10.08.2012 - 21:05
Merci Jean-Jos.
Däi Kommentar an däi Fav. freeë mech besonnesch!
mischii 09.08.2012 - 22:20
schéin am Liicht, an déi Spann stecht sou richteg gudd eraus
jorsch 10.08.2012 - 21:05
Merci mischii!
Du fäert s se also net! smile
orlok 09.08.2012 - 22:21
Wat soll ech do soën?
Super? Perfekt?
Jo béides, an ausserdeem sinn ech och nach frouh mat Spannen.
Tatsächléch! smile
jorsch 10.08.2012 - 21:09
Ah, nach en Arachnophil!smile
Ech fannen et faszinant Déieren, kann nëmmen iwwert se staunen.
Merci fir däi léiwe Kommentar!
jorsch 10.08.2012 - 21:21
... an nach Merci fir de Fav!
micky-maus 09.08.2012 - 22:32
Dei dooten ass den Hummer!! Scharf lenks,scharf riets, ann der Mett flou. Daat ass S**GUDD!!
jorsch 10.08.2012 - 21:10
Villmools Merci micky-maus!
Maimonides 09.08.2012 - 23:28
Super Foto, jorsch:
bal wéi op der Fouer
awer vill méi schéin.

(Fir mech missten déi 2 kleng ganz hell Punkten nët do sinn.)
jorsch 10.08.2012 - 21:13
Merci Maimonides, och fir deng Iwwerleeung mat deenen zwou Drëtonguesen.
Mech hunn se direkt net gestéiert, si hëllefen d'Verbindung vun der Spann zum Netz maachen, zemol well an der PG-Opléisung de Fuedem praktesch net méi ze gesinn ass.
Wann se net do sinn, ass d'Bild nach méi pur. Op et da besser ass muss ech elo mol ausprobéieren.
Maimonides 10.08.2012 - 21:57
Ouni "Verbindung"
wär deng Foto
villäicht
nach méi
spann end, jorsch,

mais dat muss een,
wéis du seess,
ausprobéieren.

Ech bläiwe gespaant !
jorsch 11.08.2012 - 17:34
Ech hunn elo ausprobéiert an se ersat.
Ech fannen se elo och besser, déi Drëtonguese kéinten een och irritéieren.
Merci fir däi gudden Tip!
m-otiv 09.08.2012 - 23:44
Immens
jorsch 10.08.2012 - 21:14
E Kommentar ( och e ganz kuerzen ) vun dir freet mech vill! Merci!
Jacques 10.08.2012 - 06:46
Top Foto Jorsch!!!!!
jorsch 10.08.2012 - 21:15
Merci Jacques!!!!!smile
obskur 10.08.2012 - 07:26
Gefällt mir gutt am s/w.
jorsch 10.08.2012 - 21:17
Merci obskur, sinn denger Meenung.
sw huet mer et hei erlaabt, den donkelgréngen Hannergrond ganz an d'Schwaarzt ze kippen. Dat ënnersträicht de Grafik vum Netz.
Fuuss 10.08.2012 - 11:44
Genial Foto.
Daat éenzegt wat mäich stéiert, ass di gruss schwoarz Plaaz ënnen lënks: villäicht woarden bis d'Spann säich e besselchen méi ofgeséelt hoat? smile
jorsch 10.08.2012 - 21:19
Merci Fuuss, och fir de Fav.
Di schwaarz Fläch ënne stéiert mech manner wéi eppes an der schwaarzer Fläch dat stéiert! smile
D'Spann selwer huet schlecht gefollegt! unhappy

Jeanny 10.08.2012 - 14:03
ganz speziell a ganz flott jorsch
jorsch 10.08.2012 - 21:20
Merci Jeanny, freet mech wann et dir gefält!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 505 Gäscht online