gut Fro Zora !
Gin dier do Recht, mier fehlt et och e bessen un Buedem, mais d'Tuermspëtz muss och drop, also evtl. en Stich vun 3-4 vertikalen Fotoen ?
Nee, ech hätt e bessi mei no lenks gekuckt fier den Tuerm drop ze kreien, oder mier soen direkt en Pano ! Mais daat kanns de nie als Argument huelen. En hätt jo och kennen enzwoug anescht an t'Vakanz goen ?!?
Hmm pass op, Becken geiff bewierken dat dei Mauer Riets immens heich get an weit no Uewen an t'Bild kennt. Mei no hannen? Kenns du dei Plaatz ? Ech net .. also huelen mer mol un dat den Abacap net deen aller Lidderechsten as, wann et gaang wier, hätt hien daat gemach denken ech, oder ?
Merci Gaga, Zora an Zodiac, des Opnahm besteet aus enger eenzelner Foto déi mat enger Brennwäit vun 14mm gemat ass. Wéi de Gaga richteg bemierkt huet ass et mer dremms gaangen fir lenks den Tuerm ganz drop ze kréien. Duerch di 14mm Brennwäit waren Tierm lenks a riets verzunn, an d'Ausriichten vun den Tierm ass op Käschten vum Wee virdrunn gaangen. Lidderech war ech op alle Fall net, et war schonns vill Aarbecht fir Tierm all riet ze kréien, an Touristen ewech ze biemen
jo, wanns de net kanns am Niveau knippsen, dann huelen ech mer eemr direkt 20-30% Plaatz an der Breet fier duerno kennen ze riischten. Mat der zeit nerft et ememr Sachen just nach hallef drop ze kreien
Dann Kamera besschen no lenks dreinen, wär och eng Idee gewiercht, dann häss de och mei vum lenksen Tuerm drop, elo genuch gequakt, se ass jo esou wei's du se wollst weisen