Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kierchbierg vun Uewen

 
Kierchbierg vun Uewen
cc
Speziell Rechter gëllen fir dës Foto. Se steet ënnert enger Creative Commons Lizenz:
Paternité - Pas d'Utilisation Commerciale - Pas de Modification 3.0 Luxembourg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.07.2012
  • Gekuckt:
    22678
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    84 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x540
  • Späicherplaz:
    284 KB
  • Originaldatum:
    2012:07:27 19:36:29
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon EF 24-105 f/4
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:
Eng Cessna :)

Fir anzesetzen: [pg_img=65339]
Kommentar vum Fotograf:
E Méindeg hat ech d'Chance fir däerfen mat engem e bëssen iwwert eist Land ze fléien, hei ass lo mol déi éischt Foto déi ech dovun bëssen verschafft hunn.
gi87 27.07.2012 - 19:43
Sau stark Foto, dei gekipten Perspektive get dem Bild eng Gewessen Dynamik, an wat och nach Flott ass et ass keng Richteg verzerung Visibel un de Kanten vun de Gebaier ( wiekt e bessen à la Tilt&Schift ) An de Farwen basste zimmlech Natierlech bliewen an dat kennt och immens Gud eriewer !
Johny 27.07.2012 - 20:01
Also ech hun näischt à la Tilt/Shift gemaach, Well wann dann wir dat lénks (D'"Héichhaus"closed_eye méi no lénks un der Kant drun closed_eye D'Perspektiv ass mir am Fliger direkt opgefall an wollt séier profitéieren well souvill Zäit huet een net. Hun eng 4 Fotoen mat ähnlecher Perspektiv, an freet mech wann se gutt ukënnt smile D'Foto ass duerch eng Fënster gemaach, d.h. fir d'Faarwen sou ze kréien war dowéinst net ganz einfach.
Merci fir de Fav.
chrYstal 27.07.2012 - 20:26
Eng herrlich Vue op de Kierchbierg. Vun uewen gesäit dat ganz impressionant aus. Eng flott Foto!
Johny 27.07.2012 - 23:04
Merci.
Maimonides 27.07.2012 - 22:22
Dat Spill mat den Diagonalen,
mat der Schärft,
a mam Liicht:
wat méi weit
wat méi blo,
déi ongewinnte Vue,
dat Alles, Johny,

gefällt mir super.
Johny 27.07.2012 - 23:05
Freed mech, merci smile
gogo 27.07.2012 - 22:36
superopbau, mega wéi d'stroos am Eck ufaenkt, koennt super gudd riwwer, et mierkt een absolut guer net dass d'foto duerch d'fenster gemeet gouf. Ganz gudd och dass den Himmel nach mat op der Foto ass, daat gett dem Bild dann och nach mei Déift fannen ech
Johny 27.07.2012 - 23:05
Op enen anere Fotoen do war méi Himmel drop, an dat ass dann och rëm net gutt wéi ech fannen, dat hei huet mer do am beschte gefall. Merci och fir de Fav smile
Gaga 28.07.2012 - 01:08
se kippt liicht !

smile


soss awer ganz flott Johny !
Johny 28.07.2012 - 01:09
Wat heescht hei "soss"? tongue
Gaga 28.07.2012 - 01:14
ausser dem Kippen hues de der cour de justice des CE t'Feiss ofgeschnidden, den Himmel as komplet oofgesoff an wanns de 2-3 Schrett no lenks gaangen wiers häss de eng besser symetrie ... de recht fannen ech awer acceptabel fier deng eicht Loftopnahmen !
smile
Johny 28.07.2012 - 01:22
Wéiee Kippen? Ech hoffe jo dass de weess dass déi schonn express esou schief ass smile Den Himmel ass iwwerbeliicht, mä dat ass technesch hei guer net anescht méiglech, an en aneren Himmel asetzen dat maachen ech net. An "2-3 Schrëtt" an enger 4-sëtzer Cessna ... eh jo bigsmile
Gaga 28.07.2012 - 01:27
hmmm, John ... Gaga ... sarkasmus ... ironie ... Gaga ... ?!?
Bimmelt et ?

bigsmile
Johny 28.07.2012 - 01:28
ach komm, et ass ze spéit fir soueppes bigsmile
Gaga 28.07.2012 - 01:54
et as nie ze speit fier e bessen GAGA !
suraki 28.07.2012 - 09:24
du hues d'Spigelung an der Fënster vergiess Marco, deeeeeen hat kee Polfilter oder an desem spezielle Fall, kee Loftfilter drop tongue
a Johny, .... maach der neicht aus dem Marco sengem Kommentar, ech fannen d'Bild awer cool an de "gaga" ass egal ëm ewéi eng Zäit, net ze spéit ... oder awer ? bigsmile bigsmile
mat enger Cessna ennewé ?
Gaga 28.07.2012 - 11:45
daat as elo relatif Ed, wor ech sou frei op, oder sou Speit an t'Bett keen wees ech, masi ech wees et ! bigsmile

Johny 28.07.2012 - 13:22
Yep Polfilter hat ech effektiv net drop, dat weess ech fir nächst Kéier (an hätt och direkt kënnen drun denken) tongue
Jup, Mat enger Cessna ënnerwee.
Metalbambi 30.07.2012 - 17:21
Béis Perspektiv, froen mech just op den wäissen Eck uewen gutt oder schlecht ass.
tomsmith 25.09.2012 - 09:35
top dat doten closed_eye
Johny 26.09.2012 - 15:06
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 499 Gäscht online