Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Zwergdommel

 
Zwergdommel
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (22.08.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.07.2012
  • Gekuckt:
    31646
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    33
  • Beliichtungszäit:
    1/1600 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    560 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    387 KB
  • Originaldatum:
    2012:07:26 19:16:43
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 1,4x III
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
2. Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65311]
Kommentar vum Fotograf:
Erëm eng Zwergdommel, dës keier am Fluch ... wenn zevill Dommelen héi um Site gesäit brauch jo nët drop ze klicken oder einfach d'Aen zou machen an uewen 'weider' klicken
Scyv76 26.07.2012 - 19:35
Déi hues de super am Flug erwéscht. Gefällt mir ganz gudd an mir gin se och net langweileg smile
Schluck 31.07.2012 - 11:26
Merci Scyv76, freet mech an motivéiert och nach weider Biller héi ze weisen
Nathalie 26.07.2012 - 19:38
Ganz flott erwecht Schluck. Ass nach eng flott schärft dran. an et gefällt ner dass Flilleken onschaarf sin, dat weist eng schein dynamik am bild.
Schluck 31.07.2012 - 11:26
!et geet mat der Schärft ... fir mech keint se och méi scharf sinn
gi87 26.07.2012 - 19:45
Ganz flott Amigo, wei Nathalie hei schons Gesot heut, Top!
Just fannen esch Bild e klengen Tick ze Donkel.
Schluck 31.07.2012 - 11:25
Jo, ginn der recht, hun leider lo keng Loscht fir se nach eng keier néi ze verschaffen
gi87 31.07.2012 - 12:16
Jo esou gehdet mir och emmer wannse eng zaitchen drop ass smile
Poly 26.07.2012 - 19:56
du muss eng roueg hand hunn smile
gutt geschoss smile
Schluck 31.07.2012 - 11:24
Virun allem een Bounensaack, dann muss d'Hand och nët grad sou roeug sinn .. merci Poly
petz65 26.07.2012 - 21:18
Einfach super!
Schluck 31.07.2012 - 11:23
Merci Petz
Jeanny 26.07.2012 - 21:27
der goldege Schuss, Top Schluck
Schluck 31.07.2012 - 11:23
Merci Jeanny
Charly_Ente 26.07.2012 - 22:08
WOW!! huet bei mier bis lo nach net geklappt unhappy genial foto closed_eye
Schluck 31.07.2012 - 11:23
Wann den Poteau vum Häischen nët gewiercht wier nach méi Platz no riets iwwereg bliwwen
Charly_Ente 31.07.2012 - 18:59
dat wär nach mei flott gewiergt closed_eye
Abacab 26.07.2012 - 22:21
Top Opnahm! Herrlech ze kucken!
Schluck 31.07.2012 - 11:21
Merci Abacab, freet mech dass se der gefällt
Zora 26.07.2012 - 22:44
Schluckchen, erem eng wonnebar Foto!
Schluck 31.07.2012 - 11:21
Merci Hex closed_eye
TC 27.07.2012 - 08:31
flott erweschtsmile
Schluck 31.07.2012 - 11:20
Villmol merci TC
jorsch 27.07.2012 - 09:57
Immens getraff! Gefält mir exzellent!
Schluck 31.07.2012 - 11:20
Merci jorsch, woar zimmlech vill lass den Dach am Häisschen
Fennec 27.07.2012 - 12:15
Hepp hepp hepp, genuch Dommelen, quatsch sou eppes, immens festgehalen an nach scharf dobei, top geschafft smile
Schluck 31.07.2012 - 11:20
Merci Fennec, ech fannen d'Dommelen och ëmmer nach schéin
Gaga 27.07.2012 - 15:28
bigsmile
Dei as flott gin Schluck !
Bis elo geht et mat den Dommelen ... bigsmile
Haaptsach awer aaner Leit steppler nennen, hà, du klengen Spaassvull ! bigsmile

MbG
JohnJ 28.07.2012 - 16:09
Ech hun se elo schon e Puer mol gekukt..
hei meng Meenung, ech wier frou et wier e bessi mei Plaatz ronderem haaptsächlech an Flugrichtung, ann et keiint e bessi mei Brillance an der Foto sin.
Ech sin der Meenung dass de daat mat dengem Material muss besser hin kreien vun der Schärft.
frendlech Greiss
Schluck 30.07.2012 - 21:29
Ech hät mer och méi Plaatz ronderem gewönscht virun allem am Häischen an och ob der Foto ... vun der Schärft hier sinn ech och nët zefridden, hun ee Back-Focus Problem mat dem Objektiv ob der Mk IV dofir gët ët lo angeschéckt fir ze justéieren. Besser geht ëmmer ... weisen closed_eye
JohnJ 31.07.2012 - 18:33
Daat mam Backfocus ass zwar bei esou deirem Material net cool..waat seet Canon dann dozou?
Mam weisen ass esou eng Saach ech sin net deen groussen Vullenfotoraf... ech sichen dann mol an mengem Archiv op ech eppes Besseres fannen :o))
Schluck 03.08.2012 - 23:01
Dat dierft jo keen Problem sinn, ech kommen nët souwäit erem wéi's du ... Canon, tjo, anschécken an justéeieren, just dass ech dofir am Moment keng Zäit hunn
desi 25.09.2012 - 14:28
wow woner woner schein foto
JENIAL smilesmilesmilesmilesmile
Schluck 26.09.2012 - 13:37
Villmols merci desi smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 288 Gäscht online