Dat hänkt dovun of ... also ech hun ët wierkelch super fonnt, dat Gefill an der Guitar, déi herrlech Stëmm, den flotten Kader, eng herrlech Accoustique ... och d'Luucht woar TOP. Fir mech woar ët eierlech gesoot Qualitativ mat dat bescht wat ech dëst Joër gesinn hun.
Bon.. d'Wierder woar wuel nët besser wéi um Stau .. dass se keen Béier hun dierfen während dem Concert zervéieren woar ee bëssen kommech, mais wéi ech dat virum Concert matkritt hat, hat en mer virgesuergt
Nee leider nët ... vu que dass ech Freides hun missten schaffen woar ech awer nët ... zweemol hannerteenen ob Beaufort woar mer dun awer zevill .... deet mer awer im Nachhinein deck Leet!
Et ass just Schued, daat een nëmmen während deenen éischten 2 Liddr Fotoe maache konnt, wëll méi spéit am Owend woor d'Liichtstëmmung vun der Bühn a Buerg einfach super...!
Mee den Haer Blackmore ass streng!
tja, daat as awer nët nëmmen beim Här Blackmore sou, mais och bei déenen aaneren. Méeschtens sin et 3 Lidder, wou éen duerf knipsen an dann - raus .....
Jo, woar ganz schlëmm .. ech hat och extra den 400er mat fir nach ee puer Biller vun hannen ze machen awer dat konn's de vergiessen ... an den Witz ass awer um Blackmore's Night FB hun se awer lo meng Biller vun RTL downgeload an souguer beim Candice als Profil Banner mais mol net gefroot
huet dach keen Sënn Armand, den Kampf do hun ech obginn (wéi annerer och) ët sinn Sachen do huet ët einfach keen Sënn méi nach Energie dran ze verschwenden .. weinstens ass den Logo nach dran dann ass ët halt ee bëssen Pub fir mech .. och wann ët lo direkt näicht brengt