Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

bei de Leit ...

 
bei de Leit ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.07.2012
  • Gekuckt:
    15317
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/40 sec
  • Blend:
    f/3.2
  • Brennwäit:
    19 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    0.3 EV
  • Gréisst:
    800x547
  • Späicherplaz:
    381 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Hausdéieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65068]
Kommentar vum Fotograf:
... gëtt oft gesot, en huet zwee Gesichter.

de Coudy hei, ... huet der Dräi ;)
jHi-3mM 16.07.2012 - 19:34
Gudd, ganz gudd fannen ech d'Mimik vun deem dräifaltege Mupp, speziell ganz lénks an an der Mëtt.

Wat mer manner gefällt:
Op Dénger Foto gesäit leider sou aus, wéi wann d'Muppekätonguep opgestoppt un der Mauer géifen hänken. Déi Virstellung fannen ech gräissléch a makaber, wat dozou féiert, dat mäin ugeschloënt Gemitt no engem Baldriantéi jhäizt. A leschter Zäit gëtt dat eng Gewunnécht. smile
Gaga 16.07.2012 - 19:39
Drenk emol Absinth, da geht et der villeicht besser ! bigsmile
jHi-3mM 16.07.2012 - 19:43
Vun echtem Absinth gëtt ee blann mat der Zäit. Dat wëlls De mer dach nët wënschen, oder? Glécklecherweis gëtt déi Zort vun Absinth scho laang nët méi produzéiert. bigsmile
Gaga 16.07.2012 - 23:11
1. get een net blann, mais blödd
2. waat hues du eng Ahnung waat een nach alles kritt closed_eye
3. duerch den Thujon geiffs de bestemmt all Foto hei phantastesch fannen
4. du geiffs dein Nesquik Effekt duerch en Reeboufarwenen Farfverlaaf ersetzen an deng Fotoen geiffen mer erem besser gefaalen
5. evtl. schneits de der en Ouer eroof ... mais mein Gott.... !
smile
jHi-3mM 17.07.2012 - 07:48
*** Vum Absinth sinn am 19. Jorhonnert vill Künstler, besonnésch Moler, blöd an och blann ginn. Absinth war am Frankräich zu där Zäit am Künstlermilieu e Moudegedrénks, bis erausfond ginn ass, dat een blann ka ginn dovun. Duërno war e jorelaang verbuëden. Neierdings gëtt e neess produzéiert, mee op eng aner Art a Weis, wéi sou villes.

(Coca Cola vun haut huët och guër näischt méi mam ursprüngléchen Coca Cola ze dinn. An den 80er Joren ass d'Rezept nach eng Kéier ferm geännert ginn. Coca Cola schmaacht hautzedags vill mi séiss, mee dat ass dem Suraki sénge Muppen quietschegal, well déi hänken opgestoppt un der Mauer als Stëtonguepsfänker a Formaldehydausdünster.)

*** Oueren erofschneiden ass banal, dat huët schon ee viru mer gemat. A där Hinsicht wëll ech keen imitéiren.

*** Du muss méch och nët "mein Gott !" nennen.
"jHi-3mM" geet mer do vollkommen duër.
smile
Gaga 17.07.2012 - 08:22
Ok, Jhhhiii!
suraki 16.07.2012 - 19:46
hmmm, mat mengem séiere schaffen hunn ech mech dann elo erëm ugeschmiert. Hat geduecht et giff net offalen ewéi ech d'Holz, wou d'Kätonguep drop montéiert sinn, ewechretuschéiert hat.

Enner eis, se hänken nieft dem Fernseh an der gudder Stuff un der Mauer, soo ... mëss du Hunneg an däin Téi ?? bigsmile

merci !
jHi-3mM 16.07.2012 - 20:06
Téi geet scho laang nët méi duër. Lo muss ech Heino & Wildecker Herzbuben lauschteren, fir méch virun der Depressioun ze retten. bigsmile
suraki 16.07.2012 - 20:09
bigsmile
Gaga 16.07.2012 - 19:42
Ed, bass de op den Hond komm ? KENG SCHREIPSEN ????

suraki 16.07.2012 - 19:48
mat dem ganzen Gedeessems hei hunn ech déi elo vergiess !!
Gaga 16.07.2012 - 21:08
Merd awer ! smile
Jeanny 16.07.2012 - 19:57
huet der bestëmmt nach vill mäi wei dréi Edy smile
suraki 16.07.2012 - 20:05
e verrécktene Mupp Jeanny , ... merci smile
gemu 16.07.2012 - 22:41
Excellent wéi de Coudy sech verstëllen kann, demdo geet bestëmmt alles duech doheem, deen huet der bestëmmt nach e puer Mimiken op Lager vir den Fall wou... Wonnerbar festgehalen
suraki 13.04.2013 - 17:25
gemu thx,
met dem kéint een e Film dréien bigsmile
aMaD 13.04.2013 - 11:42
Ass daat eng franseisch Bulldog? Main Brudder hat emmer sou eng. Sin emmer witzeg ze knippsen bigsmile
suraki 13.04.2013 - 17:24
dat doten ass eisem Vis_a_vis säin, e verrécktenen Käerel hehe
merci aMaD

(... vu sat kennt aMaD ?) smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 489 Gäscht online