Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Séirousen

 
All Fotoen an dëser Serie:
28751 Thumbnail
28752 Thumbnail
Séirousen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.07.2012
  • Gekuckt:
    16256
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Blummen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65024]
Kommentar vum Fotograf:
Béid Fotoe si mam Polfilter opgeholl ginn, fir d'Reflexer vun der Owessonn am Waasser ze vermeiden.
jHi-3mM 15.07.2012 - 12:40
Schéin, mee:
Firwaat huët dat 2. Bild déi megabreet Rumm?
Dat wierkt nët extra elegant, an domat passt déi zweet Opnam optésch och guër nët sou richteg zu der éischter.
jorsch 15.07.2012 - 13:47
Merci fir de Kommentar an deng Iwwerleeungen!
Di grouss wäiss Rumm soll dem Bild Plaz a Rou ginn. Si soll domat d'Eleganz vun der einfacher Seerousebléi ënnersträichen.
Di zwou Fotoe passe just vum Sujet zesummen, si si mateneen opgeholl ginn. Ech hätt se natierlech och eenzel eropluede kënnen.
Hubi 15.07.2012 - 13:08
Zur 2. Foto:
Einfach mais stark! Schärft, Faarwen, Spiggelung, Cadrage,...Top.
Fannen dass déi Rumm hei extra gudd mecht.
jorsch 15.07.2012 - 13:48
Merci Hubi, freet mech wann s du dat och esou gesäiss!
Maimonides 15.07.2012 - 21:59
Ech gesinn dat och esou, jorsch.
An di 1. ass anischt awer grad esou super.
jorsch 16.07.2012 - 20:13
Merci Maimonides, freet mech!
Jeanny 15.07.2012 - 18:07
Faarwe vun deier éischter gefale mir wonnerbar, eng ganz lieweg Foto, dai Zweet, minimalistesch a ganz flott mat der Spigelung
jorsch 16.07.2012 - 20:13
Villmools Merci Jeanny!
chrYstal 15.07.2012 - 19:26
Fannen di 2 Fotoen och top. Allerdings stéiert mech bei der 2. di breed wäiss Rumm. Mi dezend, nit sou opfällig, hätt mer besser gefall mä dat ass adgclosed_eye
jorsch 16.07.2012 - 20:16
Merci chrYstal.
Normalerweis gefale mir déck Rummen och net.
Ech hunn d'Bild ouni, mat klenger a mat méi breeder Rumm ausprobéiert.
Mir perséinlech gefält dat hei am beschten: D'Bild kritt Plaz an domat Rou.
Mäi d'accord: ass adg!
Gaga 15.07.2012 - 22:12
Waaaaahhhh genial ! Allenzwou wierklech super schein Biller !

TOP daat do !

jorsch 16.07.2012 - 20:17
2x Merci gesot, och fir de Fav.!
OK-Photography 17.07.2012 - 21:34
propper an einfach nemmen TOP!!! bigsmile
sen decken Fan vun minimalistichen Fotoen an mat där 2. treffs de 100% an dSchwarzt!closed_eye

wierklech gudd!
jorsch 18.07.2012 - 12:17
Merci, freeë mech iwwert deng Begeeschertung!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 491 Gäscht online