Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

D'Kirch vun Uewerfeelen

 
All Fotoen an dëser Serie:
28435 Thumbnail
28436 Thumbnail
28437 Thumbnail
28438 Thumbnail
D'Kirch vun Uewerfeelen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.07.2012
  • Gekuckt:
    12654
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
    03.06.2012
  • Fotoapparat:
    NikON D700
  • Objektiv:
    AF-S 85mm 1:1,8G
Kategorie: Digital Art »» Architektur  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=64738]
Kommentar vum Fotograf:
Original a verschaffte Versioun mat onOne Effects a Nik ColorEfex Pro 2.

An engems een Test fir mäin neit Objektiv, deen neie Nikkor AF-S 85mm 1:1,8G.

EDIT: ech hun elo den Titel verbessert. Et ass natirléch NET Nidderfeelen, mais Uewerfeelen.

EDIT 2: Ech hun dann elo nach eng 3. an eng 4. Foto an des Serie bäigesaat.

Di 3. widmen ech dem Metalbambi (deem säin Haus ech net weggestempelt hun) an dem Mika. (Foto ouni Glow)

Di 4. ass mam DxO Fimpack 3 als Fuji Superia 400 simuléiert, well méng Fra gemengt huet, di Foto wier wi fréier, wéi se an der "Heimat und Mission" waren (fir déijéineg, déi di Zeitung vun de Pateren nach kennen)
chrYstal 03.07.2012 - 16:21
Schéi Foto, flott verschafft. Gefällt mer ganz gudd. Ma ech mengen awer, et ass d'Kirch vun Uewerfeelenclosed_eye
Nicon07 03.07.2012 - 17:45
Merci fir de Kommentar. De Feeler ass verbessert.
Metalbambi 03.07.2012 - 16:47
Ass Uewerfeelen. closed_eye An mäin Haus ass drop, dat wäisst am Eck Tuerm/Daach! bigsmile Fannen dat net léif dat s de mech einfach wech stempels... :'(
Nicon07 03.07.2012 - 17:20
Dat muss ee färdeg bréngen... Ech hu geduecht: Uewerfeelen a schreiwen Nidderfeelen. Dat ass dach egaal waat vu mir. Mannoh! unhappy
Natiirléch weess ech datt et Uewerfeelen ass. smile

Ech bieden déch dann och ëmm Entschëllegung datt ech déch weggestempelt hun, mais fir de Besoin vum Effekt hun ech gemengt ech kéint dee moderne Bau do afferen... closed_eye
Mika 03.07.2012 - 17:59
Hahahah, nitt schlecht dat do closed_eye D'Téinung fannen ech ganz passend, mee de Glow-Effekt ass vill ze stäerk (erennert mech einfach zevill un schlecht Hochzäitsfotoen bigsmile)
Nicon07 03.07.2012 - 18:42
Tjo! Dobei hun ech nach ni schlecht Hochzäitsfotoe gemaach....bigsmile
.
.
.
Well ech nach guer keng Hochzäitsfotoe gemaach hun... closed_eye

An de Glow hun ech express sou stark gemaach, well ech eng Zort "mystery"-Stëmmung wollt dra bréngen. Mais wann et dir net gefällt, dann ass dat ganz an der Rei. Normalerweis sin ech och net sou vun Effekthascherei, mais heiansdo, dann iwwerkënnt et méch...bigsmile
Mika 04.07.2012 - 00:46
Hehe, ech mengen jidereen huet mol seng Problemer fir richteg anzeschätzen, wéivill Effekt gudd deet, mee dofir si mir jo op pg hei fir d'Diagnos ze stellen tongue
Nicon07 04.07.2012 - 06:31
Genau! Du hues et richteg erkannt. tongueclosed_eye

Wéi ass et dann elo mat deenen Fotoen, déi ech nach dobäi gesat hun?
Metalbambi 03.07.2012 - 21:18
Ok, der drécken mer alt mol en Aan zou... closed_eye
Ginn dem Mika Rescht mat deem Glow, ass och net sou menges. Mee sou laang et dech nëmmen heiansdo iwwerkënnt wäerten mer et iwwerliewen. smile
Nicon07 04.07.2012 - 09:36
Kuck! Ech hun dir extra eng nei Verarbéchtung gemaach, wou ech däin Haus net wegradéiert hun an och de Glow ganz weg gelooss hun. smile
Metalbambi 04.07.2012 - 10:19
Aah... Wonnerbar! smile
Jeanny 03.07.2012 - 18:50
däi verschaffte gefält mir wonnerbar Nico
Nicon07 03.07.2012 - 20:53
Merci, Jeanny!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 480 Gäscht online