Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Admiral

 
All Fotoen an dëser Serie:
28168 Thumbnail
28169 Thumbnail
28170 Thumbnail
28171 Thumbnail
Admiral
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.06.2012
  • Gekuckt:
    29690
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
    2012:06:17
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Objektiv:
    Canon Objektiv EF 100 mm 2.8 L IS USM Macro
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Déieren »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=64533]
Kommentar vum Fotograf:
Hei en Admiral deen ech um Galgenbierg geknippst hun.
Mei Fotoen op Photograpix.lu
Nicon07 24.06.2012 - 20:10
Ee schwiereges Sujet, deens du gudd gemeeschtert hues. Du hues d'Schärft gudd op de Punkt bruecht. Et ass fantastesch, sou d'Detailer ze gesin, déi een normalerweis guer net matkritt, wann ee sou Päiperlécken an der Natur gesäit. Et ass scho phänomenal, wat fir eng Formen d'Liewen erfirbruecht huet. Wat ech just komesch fannen, dat ass datt grad zu eisen Zäite, wou ee mat der Optik an der technik d'Schéinheet an d'Vielfalt vun der Schötonguefung ka sichtbar maache wi ni virdrun, déi selwécht Natur ëmmer manner respektéiert gët.
Nathalie 24.06.2012 - 22:20
Villmols merci Nico. Ech fannen et och schued dass natur emmer manner respekteiert get, an zumols vun deenen jonken an dei an mengem alter... mee dei gesin einfach d'scheinheet vun der natur net, an wessen se och net mei ze schätzen...woubei se eigentlech mol missten iwerleen vun wou se dach eigentlech hirkommen....
Fennec 25.06.2012 - 12:08
Moien,
Freier as gesot gin, wei eng Welt hannerlossen mir eisen Kanner, haut kann een soen, wei eng Kanner hannerlossen mir eiser Welt.
Den Respekt am allgemengen as faerm amgangen zereck ze goen, deen vis à vis vun der Natur an Emwelt, awer och deen vis à vis vun den aneren Matbierger.

Trotzdeem, super flott dei Detailer vum Pimpampel ze gesin smile
Nathalie 25.06.2012 - 20:17
Jojo wei wouer...
Merci Fennec smile
An nach en merci fir den Fav.
jps 24.06.2012 - 20:24
Schéi Serie Nathalie, ech schléisse mech hei dem Nico sengem Kommentar un.
Me wéini huet dann d'Sonn geschéngt closed_eye
Nathalie 24.06.2012 - 22:21
Merci Jean-Paul, dat wuar och chance deen moment mat der sonn, knapps 10 minüten do an dun nees weg...
wei am moment sou typech ass... smile
gloda 24.06.2012 - 20:54
Déi lescht Foto klappt gutt wéinst dem Fuerfkontrast a well s de dech op Detailer konzentréiert hues.
Nathalie 24.06.2012 - 22:21
Merci
mischii 24.06.2012 - 21:52
wonnerschéin Detailler Nathalie
den Nicon07 huet scho baal alles gesoot
gudd geschafft, well ech weess, dass dat do eng Aarbecht ass déi net sou liicht ass
4 gefällt mir am Beschten
Nathalie 24.06.2012 - 22:23
Merci Michèlle, jo et ass wirklech net einfach dei deiercher do ze knippsen, mee et ass awer och vill mat chance verbonnen closed_eye
Zora 24.06.2012 - 21:56
Kann nemmen soen all Respekt fir dei Leeschtung, fannen des Serie mei wei gelongen!
Nathalie 24.06.2012 - 22:24
Wow Zora, wat fir een Kompliment. Ma do soen ech villmols merci smile
An nach en merci fir den Fav smile

An lo geht et awer dur des gudden soss gin ech hei nach ganz Rout closed_eye
Zora 24.06.2012 - 22:55
Ass gär geschitt an verdengtclosed_eye
Nathalie 24.06.2012 - 23:11
bigsmile
gi87 24.06.2012 - 22:25
Heuste Flott festgehaalen Nathalie, zumols de Lechten vun da Serie Gefällt mir gud !
Nathalie 24.06.2012 - 22:26
Merci Gianni smile
Freet mech
Jeanny 25.06.2012 - 06:54
ass dir wonnerbar gegléckt Nathalie
Nathalie 25.06.2012 - 20:17
Merci Jeanny
jorsch 25.06.2012 - 16:50
Super Macroopnamen. Besonnesch 4 ass impressionant!
( Ech staunen, wéi no s du mat dem Macroobjektiv erun kënns! )
Nathalie 25.06.2012 - 20:19
Villmols merci jorsch.
Klengen Tipp, kuck der mol genau Foto Nr 3 un, drein se en bessen an cropp mol eng keier dran...dann entsteht Nr 4, genau esou mat 1 an 2. Dat sin emmer "Close up" closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 452 Gäscht online