Do kommen Ornitologen 300km gefuer fir dat Véi do ze knipsen an akustesch opzehuelen ... du bréngs dann einfach mol esou en Vullendanz an elo des hei )
wann du dech net gëss Schluck, mellen ech mech hei of !
Quatsch ... dee Gefalen maachen ech "verschiddene" Leit hei net
Hehe, ech hun lo Blut geleckt an ech ginn mech souball nach nët. Jiddenfalls woar ech fir den Danz méi no erunkomm wéi se gemengt haaten. Mach dat nët Ed, verschiddener wieren frou, mais annerer géifen dech vermëssen.
Déng ganz Baggerséi-Serien a -Fotoen sin staark. Stellvertriedend dofir bei dëser och vu mir congrats dofir!
Ganz kleng Kritik bei dëser: de lénke Flillék ass uewen eng Grimmel ausgefriess, do hues de awer sécher nach Sput fir dat auszebesseren.
Mengen do hat ech schon probéiert an do ass leider zevill dovun fort ... merci Jean-Jos freet mech dass se der gefallen, ech richten mech lo gléich do an den Häissercher an