D'Luucht ass zimlech flaach, do ass eppes u Struktur verluer gang wat soss besser eraus komm wier. De Choix an d'Duerstellung vum Sujet sprieche mech och net un. Ech gesinn näischt "weisenswertes" um Bild - well eng Gäns an engem Park u sech näischt aussergewéinleches ass sollt d'Bild fir sech duerch d'Interpretatioun dann eppes besonneges draus maachen, duerch Bildopbau, Beliichtung asw. Also: um technesche Plang ass alles zimlech gutt, um kreativen Niveau kanns de méi experimentéieren.
jo esou soll et sinn, mat deenen commentairen, kloer an déidlech erklärt, mat Verbesserungsvirschléi
ech perséinlech fannen den Opbau awer net schlecht,de bléck, déi kurv mam Hals,Faarwen vun dem a An dem Schniewel fannen ech gutt
bei deenen schnéiwäissen Plazen, ass et natierlech ëmmer schwéier eng Struktur dran ze kréien, an dat am Commentaire vum Auteur steet si wier am park opgeholl ginn, an net an der fréier Natur, zb l laanscht d'Musel, oder engem Séi ...beaflosst villäicht och de Sujet
Vläit wann et e wäissen/mi hellen Hannergrond wier, mei eng kadréiert a schwarzwäiss (vläit och en tick mi hell), géiff d foto bessi vun anneren oofsetzen.
Merci Poly
An der freier Natur ass huet een oft mei Spillraum fir d'Foto aus engem aaneren Wenkel ze fotografeieren mee duerch en Droht geet daat schlecht
Villmols Merci fir dein Kommentar an Verbesserungsfirschléi.
U sech wollt ech d'Pose an d'Form vum Hals duerstellen.
Dei Foto ass Moies gemeet gin an duerch den Droht fotografeirt gin waat net esou einfach ass.
Si ass net richtech weiss esou wei dei aaner an hierem Gehege an dofir huet se mech ugesprach
Wollt d'Foto net komplett am PS änneren well soss d'Originaliteit verluer geet. Ausserdeem wees ech net wei ech se bei esou enger Pose se hätt besser keinten kadreieren.