Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Abrëllswieder

 
Abrëllswieder
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.04.2012
  • Gekuckt:
    47453
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    35
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    62 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x567
  • Späicherplaz:
    309 KB
  • Originaldatum:
    2012:04:22 20:34:58
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Ech war haut de Mëtteg zu House spadséieren, a si just laanscht de Reen komm.

Fir anzesetzen: [pg_img=63263]
Kommentar vum Fotograf:
zu Housen.
Loki 22.04.2012 - 21:02
Wow, ganz ganz schéin di dooten! D'Stëmmung kennt exzellent eriwwer.

Zwou Saachen:
1) Ass de Buedem do wierklech sou geschwongen oder ass daat deng Lëns di daat sou 'ronn' mecht? Also wanns de verstees waat ech mengen? Vlait kinnt ee mat e bessen geometreschem Ajustement e bessen mi riit zéihen (Lënsenkorrektur am Lightroom)?
2) Wanns de di hell Beraicher nach e bessen méi ophells, dann denken ech wierkt et nach en tick méi surreal well d'Beem dann nach méi erausstiechen.

Awer wi gesot, super dat do, mat di beschten Stuerm-/Reenfoto di ech hei gesin hun bis dato, gudd geschafft!
Nicon07 22.04.2012 - 21:20
Merci fir däi Kommentar.

De Buedem ass do wirkléch sou geschwonge, wéi's du dat nenns. Ech mengen och net, datt d0 eng Lënskorrektur vill drun ännert. A fir et am Photoshop riicht ze béien ass kaum dran, ouni datt d'Gras verpixelt oder onscharf wierkt.

Ech weess och net op nach méi ophellen net een Halo ronderem d'Beem mécht. Mais ee versuch ass et wert.

Iwwregens: Et ass eng farwech an eng Schwarzwäissfoto (mam Silver Effek pro de Roudfilter simuléiert) an da mat Multiply bei 50% di 2 Ebene vermëscht.
gloda 22.04.2012 - 21:03
Immens erwëscht. Ech fannen et ëmmer cool wann d'Sonn eng Plaz esou beliicht an hannendrun déi däischter Wolleken deen immense Kontrast setzen. Super.
Nicon07 22.04.2012 - 21:21
Dat ass och ménges. An ech sin ëmmer frou, wa sou Wiederkonditioune wi haut sin, an ech kann an enger schéiner landschaft op Fotojuegd goen.

Merci
Jean-Jos 22.04.2012 - 21:24
Eng super Liichtsituatioun gekonnt an d'Bild bruecht.
Exzellent!
Nicon07 22.04.2012 - 21:31
Merci! Jo! Wann sou Stëmmunge sin, da sin ech a méngem fotografeschen awer och sentimentalen Element. smile

Merci fir de Favorit!
gtaddei1 22.04.2012 - 22:00
Superbe dess! Flott luucht. An deenen leschten deeg waren mir verwinnt mee leider haat ech keng zeit!
Nicon07 22.04.2012 - 22:02
Dat war och éischter Zoufall, datt ech haut ënnerwee war. An der läscht hun ech och keng Zäit méi. Mais dofir duerfe mir eis awer elo net de Kapp rof rappen. Et kommen och neess Zäite, wou mir méi Zäit hun! smile

Merci, Gennaro.
gtaddei1 23.04.2012 - 01:30
Ah daat ass secher, ... D gesondheet behaalen ass eben dann alles! smile
jorsch 22.04.2012 - 22:28
Mir gefält dës Foto aussergewéinlech gutt. D'Luucht, d'Faarwen, d'Stëmmung, alles passt. Di wäiss Bléie vun de Quetschen an de Schléiwen sinn d'Kiischt um Kuch!
Dat nennt ee Fotografe-Gléck! Super!
Nicon07 22.04.2012 - 22:35
Villmols Merci, jorsch! Ech weess dat och ze schätzen, dat Fotografegléck. Ech hun di Foto och schon op DIN-A3 geprint. Do kënnt se nach besser wéi hei um Ecran bei PG.
Maimonides 22.04.2012 - 22:40
http://www.youtube.com/watch?v=3sAyO7o6RBo

Super Foto, Nico.
Nicon07 23.04.2012 - 06:16
Merci fir de GB. Zu wat fir engem Thema huet deen eigentléch keng Chanson geschriwwen???? smile
Nicon07 23.04.2012 - 06:18
Merci fir de favorit.
gemu 22.04.2012 - 22:48
Wonnerschéin, daat geckegt Abrëllswierder kreatif ausgenotzt. Top!
Nicon07 23.04.2012 - 06:16
Merci gemu!
Poly 22.04.2012 - 22:59
exzellent déi faarwtéin an den trappenopbau vum gras bis erop an d'wolleken
Nicon07 23.04.2012 - 06:17
Sou hat ech dat mol net gesin mam Trapenopbau, mais du hues recht: genau sou ass et.


Merci Poly.
Jeanny 23.04.2012 - 07:00
däi ass nach besser, do kritt e Ängscht smile
super verschafft Nico
Piff 23.04.2012 - 08:02
Herrlech Stemmung, hätt se perséinlech en Tick méi hell gemaat,mee bon, affaire de goutsmile
Nicon07 23.04.2012 - 21:16
Hell oder donkel, dat ass alles relativ, well mir jo net di selwécht Ecranën hun. Mäin Apple Cinema Display vu 27 Zoll weist mir des Foto, sou, wéi ech se fannen, datt se am beschten déi Stëmmung remgëtt, wéi ech se erlieft hun. Natiirléch war op der Plaz selwer d'Dramatik net sou intensiv, wéi hei op der Foto. Mais ganz onverschafft ass dest eigentléch eng banal Situation.
http://www.abload.de/img/_20120422_2624dsc_111c9un...

Merci fi de Kommentar.
NikonD80 23.04.2012 - 11:00
eng super Foto, dramatesch Stëmmung, gefält mir immens
Nicon07 23.04.2012 - 21:09
Ee grousse Merci och un déch!
Nemo 23.04.2012 - 14:18
J'adore !!

Bessi apokalyptësch zwar, mee et passt closed_eye
Nicon07 23.04.2012 - 21:09
Wann desen Abrëll net apokalyptesch ass, wat muss dann nach geschéihen.


Merci, Nemo!
Nemo 24.04.2012 - 08:46
Wous de Rescht hues...smile

Mee Enn der Woch soll et jo bessr gin :-P
pho-taux 23.04.2012 - 18:53
Super Foto, di Dramatik an der Foto ass ganz flott!
Nicon07 23.04.2012 - 21:08
Di Dramatik war och in natura ganz flott. Wann ech elo nach dee kaale Wand vu vir an di vereenzelt veriirte Knëtonguepelsteng hei mat eriwwerbrénge kéint.... smile
galileo 23.04.2012 - 19:57
Superbe & Fav !
Nicon07 23.04.2012 - 21:07
Deng kurz Äntwert an däi Choix fir des Foto an d'Lëscht vun dénge Favoriten opzehuele, bedeite mir ganz vill. Merci, galileo.
mischii 23.04.2012 - 20:39
1a plus Fav
Nicon07 23.04.2012 - 21:06
Merci villmols, Michèle! Ech hätt net geduecht, datt ech mat dëser Foto sou ee Stuurm vu Begeeschterung lasstrëtonguepele géing.
galileo 23.04.2012 - 21:18
Begeeschterungsstuerm bei Stuerm-ähnlech Wolleken closed_eye

Du gesäis..hei gi gudd Landschaftsfotoen vermësst smile
Richie 25.04.2012 - 17:19
Mega !
Nicon07 25.04.2012 - 23:31
Merci villmols, Richie! och fir de Fav!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 300 Gäscht online