Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Scream

 
Scream
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (17.03.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.03.2012
  • Gekuckt:
    34746
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/90 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    120 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    532x800
  • Späicherplaz:
    275 KB
  • Originaldatum:
    2012:03:16 21:41:52
  • Fotoapparat:
    Leica S2
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=62555]
Kommentar vum Fotograf:
Ee Portrait vum Bernadette Kasper mat menger neier Leica S2 ;-)

Merci dem LECUIT fir déi flott Gelegenheet den Mëtteg fir ee professionnelt Model mat sou enger Kamera ze shooten. D'Bildqualitéit ass iwweragent, sinn total begeschtert. Do gesäit een alt ërem dass Qualitéit eben sein Preis huet.

mischii 16.03.2012 - 21:49
Portrait ass zwar net sou mäi Beräich,
mee ech gratuléiren mol zum Bild an zur Cam
Schluck 16.03.2012 - 21:56
Woar ee Witz mischii, sou grouss Lächer am Porte-Monnaie kann ech mer nët erlaaben
mischii 17.03.2012 - 23:00
ech haat geduecht Du häss an der Lotterie gewonnen bigsmile
Nathalie 16.03.2012 - 22:21
Souen portrait ass ongewinnt vun dir. Awer nawell flott gin. Ech muss awer soen dass ech lo hei keen enerscheet an der qualiteit par rapport zu der 1D mierken...froen mech do ob dann deen preis vun der kamera gerchtferdegt ass....
Schluck 16.03.2012 - 22:23
Bei 800px sëcher nët awer bei Heigher Opleisung ass ët eng anner Welt an allen hinsichten.
Nathalie 16.03.2012 - 22:41
Ok dann gleewen ech der dat mol. Wees awer net op ech 20.000 euro geif ausginn... sad
Dann gin ech mech awer leiwer mat menger 5D zefridden...
Schluck 17.03.2012 - 11:58
Dat Hänkt dovun off ... wann's de lo professionnel Fashion an Portrait mëss, ass den Präiss bestëmmt gerechtfertegt ... eng Hassi kriss de och nët geschenkt
Nathalie 17.03.2012 - 16:19
Jo dat stemmt och erem...
gi87 16.03.2012 - 22:56
Flotte Portrait, mol eppes neies smile Bon mat Leica sin esh nach emmer Skeptech gewiecht wat Preis-Leechtung ugeht.. 1250 iso just - 1,5 Biller an da sekon fannen dat vir den Haut de Gamme schwach op da Brocht... emplus wat d,optiken praiser hun.... Glewen schon dass e Bild an High resolution impressionant ass am Studio mat Iso 100... A voir den Nikon D800 E well den heut jo och den Deifpassfilter entfernt krit.. Mussen Biller dann och vun da S2 nach software meisseg vaarbecht gin ?
Shantideva 17.03.2012 - 11:11
D'Leeschtung vun enger Leica léisst sech net un den Eckdaten moossen. Ech benotzen meng Canon net méi zënter ech eng Leica hunn, an et war och vill méi einfach mat enger Leica an der Jackettentäsch an d'Vakanz ze fueren wéi mat engem Rucksak mat Canonmaterial.
Un der Foto stéiert mech den Ënnerscheed an der Faarf tëschent den Hänn an dem d'Gesiicht e bëssi.
Schued dass ech net dobäi konnt sinn. D'S2 hätt ech nawell gären eng Kéier getest. Awer fir mech och definitiv jensäits dem Budget. smile
Schluck 17.03.2012 - 11:56
Genau dat ass ët , du kanns déi zwou Kameraen guer nët matennen vergläichen well se einfach vir een anneren Zweck geduercht sinn.

Hun dat mat den Hänn nach verbessert, hat d'Vignette ze wäit erofgezunn. Am Gesiicht, mengs de do d'Nues ?
Shantideva 17.03.2012 - 16:23
Nee, ech hat gemengt dass een gesäit dass hat Fond-de-teint am Gesiicht huet an d'Hänn awer ganz wäiss sinn. Ech denken wann d'Gesiicht méi hell geschminkt gewiescht wier, hätt dat net gestéiert. Dat huet awer näischt mat der Foto un sech ze dinn. Et ass éischter eng Saach vun der Schmink.
Schluck 18.03.2012 - 12:04
Richteg ... lo wou's de ët sees, mir woar ët just ob de Nues obgefall
ZerberuZ 17.03.2012 - 11:50
flott gin schluck.
Schluck 17.03.2012 - 11:56
Merci dem Här
Schluck 17.03.2012 - 15:34
Ajo, gesäis den Gesiichtsaudrock wann een mat enger Leica ob den Bunny schmeisst bigsmile bigsmile bigsmile
ZerberuZ 18.03.2012 - 11:27
hahaha bigsmile bigsmile hues dem Bunny hoffentlech net weih gedoen du brutalo bigsmile
gemu 17.03.2012 - 13:38
Ech kënnen zwar och näischt vun Portraiten, mee déi doten gefält mer, daat wor bestëmmt net einfach fir an der kurzer Zaït sech à la fois op een aanert Material sou wéi Motiv ëmzestellen
Schluck 17.03.2012 - 15:31
Eierlech gesoot, läit den verdingscht fir déi flott Foto beim Model an beim Photograf den d'Bellichtung gemach huet
Zora 17.03.2012 - 14:43
wow!!! wei ongewindt vun där, an d'ass super gin, do hues de jo deng nei Erausfuerderungsmile)
Schluck 17.03.2012 - 15:33
Hmm ... wees nët ob dat menges wier, woar flott mol ze probéieren mais sou eppes muss de profesionnel machen wëll als Hobby ass dat kaum ze finanzéieren

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 339 Gäscht online