Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Serge Tonnar & Legotrip

 
All Fotoen an dëser Serie:
25808 Thumbnail
25809 Thumbnail
25810 Thumbnail
25811 Thumbnail
25819 Thumbnail
Serge Tonnar & Legotrip
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.03.2012
  • Gekuckt:
    44094
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
    03.03.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Objektiv:
    Canon EF 16-35mm f/2.8 II & Canon EF 24-70mm f/2.8
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=62441]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Serie vun Biller vun der lëtzbuerger Band "Serge Tonnar & Legotrip" geknippst bei 20 Joer Moof den Samschdeg an der Kufa.

Weider Biller vun dem flotten Owend fann der hei:
20 Joer Moof @Kufa (Esch/Alzette) 03.03.2012

Ech wollt mol eng keier hei probéieren eng zesummenhängend Serie vun Lëtzebuerger Muséker ze machen déi do ob dem Concert gespillt hun:

Tëschegas


Gang


Serge Tonnar & Legotrip


Moof


... & Friends
Gibbes 07.03.2012 - 22:52
Erem eng Top Serie bis vleit op dei eischt dei mer net esou gudd gefällt well bei denen oofgeschniddenen Been ass mir den Espace uewen ze grouss besser bei der fönnefter awer soss sin ech deen absoluten Fan
Schluck 07.03.2012 - 23:05
Mat der eischter hat ech och sou meng Problemer an ech hat verschidden Sachen ausprobeiert mais naischt huet mech wierklech iwwerzeegt. Ech wollt der Guitar nët den Hals ofschneiden, dofir dei vill Loft iwwert dem Kapp. An och dein schein Foarwen vun den Luuchten nët verléieren ... wann ech awer lo sou kucken wier ët villeicht awer besser gewiercht se ze croppen.
Gibbes 07.03.2012 - 23:16
Wann een emmer alles weisst - bei souvill gudden Fotoen kann och emool eng net Top Mais emmer nach gudd sin
Schluck 07.03.2012 - 23:32
Jo dat ass ok ... d' Wëll ee jo awer dat bescht aus engem Bild machen .... villeicht huet een Digital einfach och zevill Meiglechkeeten herno nach drun fréckelen ze goen
rabbit 07.03.2012 - 23:29
super Billder hass de do gemaach
No_Saint 07.03.2012 - 23:36
Flott Série, fannen de cadrage vun der éischter awer ganz an der Reih, eben wells'te déi flott Hannergrondbeliichtung agebaut hues.
Schluck 07.03.2012 - 23:41
Jo, dofir hun ech mech schlussendlech wéi déi Variant entscheet wëll dann wier déi ganz Foarwen ronderem eweggewiercht
Jeanny 08.03.2012 - 10:42
wat soll ech dir schreiwen Schluck,smile einfach TOP
Schluck 08.03.2012 - 16:13
Merci Jeanny, ech wees ët och sou lues nët méi ... ech hoffen alt ëmmer rëm ob Kritik an Verbesserungsvirschléi ... villeich léën ech merselwer d'Laat schon ze heich.
Jeanny 09.03.2012 - 06:10
sou soll et och sinn, Schluck, wann een seng Fotoe selwer Perfekt fënnt ass ni gutt.
Schluck 09.03.2012 - 09:27
Richteg Jeanny, wann een selwer mengt seng Biller wieren Perfekt kann een sech nët méi weiderentwéckelen
Jeanny 10.03.2012 - 07:22
sou ass et, a mat der Zäit gëtt een ëmmer mäi kritesch, an de Pabeierkuerf fëllt sech ëmmer mäi séiersmile
Schluck 10.03.2012 - 11:25
Stëmmt Jeanny, ech hun ee bëssen d'Gefill wéi wann ech ob engem Punkt bei den Concertsbiller unkomm sinn wou ët nët méi sou richteg weider geet an ech fannen dass ët baal keen Sënn méi mecht déi Biller héi ze weisen
Zora 08.03.2012 - 11:08
Ech gin elo mol eng Kritik ofclosed_eye, dei hun alleguer esou een komeschen Mikro am Gesichttongue, nee Quatsch, nes eng top Seriebigsmile
Schluck 08.03.2012 - 16:14
Hehe, merci Hex, jo effektiv Microën an virun allem Micro'sstänneren missten verbueden sinn
Zora 08.03.2012 - 16:16
Bei eiser Technik haut stemmen ech der zouclosed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 327 Gäscht online