Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gang

 
All Fotoen an dëser Serie:
25796 Thumbnail
25797 Thumbnail
25798 Thumbnail
25799 Thumbnail
25800 Thumbnail
Gang
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.03.2012
  • Gekuckt:
    41380
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Originaldatum:
    03.03.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70mm f/2.8
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=62436]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Serie vun Biller vun der lëtzbuerger Band "Gang" geknippst bei 20 Joer Moof den Samschdeg an der Kufa.

Weider Biller vun dem flotten Owend fann der hei:
20 Joer Moof @Kufa (Esch/Alzette) 03.03.2012

Ech wollt mol eng keier hei probéieren eng zesummenhängend Serie vun Lëtzebuerger Muséker ze machen déi do ob dem Concert gespillt hun:

Tëschegas


Gang


Serge Tonnar & Legotrip


Moof


... & Friends
gemu 07.03.2012 - 07:55
Flott Série, ech sin ëmmer ërem faszinéiert e.a. vun der Schärft vun denge Biller ënnert deenen Konditiounen
Schluck 07.03.2012 - 09:16
Merci gemu, ech kann dozou nëmmen soën, merci Canon (oder Nikon), merci Nik Dfine, merci Photoshop an virun allem merci mengem geplömmtenen Spuerkont closed_eye

Mais bon, ët geet nach besser, kuck emol dem Schlimpitz seng Biller, seng Schärft an Kontraster sinn nach ee Krack besser:

http://www.flickr.com/photos/geronimospics/
gemu 07.03.2012 - 09:40
Keng falsch Bescheidenheet Schluck, daat do klengt esou wéi wann e Stärekach seet merci WMF, merci Kütonguepersbusch...,
Schluck 07.03.2012 - 09:50
Ech sinn leiwwer Bescheiden an mat den Féiss um Buedem; ech kréien Effektiv immens vill positiven Feedback vun allen Säiten, dat stëmmt schon mais bon, ët ginn immens vill gudd Photographen.

Den Merci ... uewen un Canon, Nik an co woar ob d'Schärft bezunn.

Wat ech déi läscht Zäit ee bëssen vermëssen ass d'Kritik un denen klengen Détailer, well Perfekt sinn se lo och nët.
Schlimpitz 07.03.2012 - 10:47
Schluck(specht) tongue

Wanns du meng Biller besser fenns wei deng dann muss ech der mol en Brell kaaffen closed_eye

Du mess daat schon richteg gut.



gunman 07.03.2012 - 09:08
Also, obschon ech nun guer keen Fan vun Heavy Metal sin, sin ech awer en Fan vun dengen Photoen dozou (an net nemmen dozou).
Mech beandrockt wéi schons oft hei gesoot déi technesch perfekt Ausféierung, an déi wonnerschéin Faarwen.
Du schaffs zwar mat TOP Material, mais deng Photoen sin awer en Beweis derfier, dass et nach laang net nëmmen opt d'Material ukënt !
Schluck 07.03.2012 - 09:21
Merci gunman, déi Foarwen sinn den Verdëngscht vun dem super Luuchtentechniker aus der Kufa, ouni hien an seng schéin Luucht wieren d'Biller och nët dat, an ob d'Matérial kënnt an dem Bereich schon un ... kuck déi eischt mam Rouden, d'1D verdréit dat einegermossen gudd .. mat der 7D hun ech soubal rout koum obgehaalen ze knippsen wëll ët keen waert hat.

An punkto Kadrage usw. hun ech och hei um Site vill geléiert an ech sinn mer sëcher dass do och nach méi dran ass.
Scorpius 07.03.2012 - 09:48
DEN concert Fotograf closed_eye *daumenhoch*
Zora 07.03.2012 - 10:12
wei soll een dei Fotoen do dann nach kritiseieren, ech mengen wann een eppes dervun versteet, dann bass du daat, als Pefektionist fällt et der natirlech schweier, well du wels nei Herausfuerderungen, hun och een esou een hei heem setzen, et get wahrscheinlech nach een oder deen anneren deen hei am Detail eng Verbesserung fennt, mä ech sin daat bestemmt net, fir mech sin deng Fotoen mei wei perfekt!
Chapeau Schluck, vun denger Hexbigsmilebigsmile
Schluck 07.03.2012 - 10:27
Merci Hex fir deng leif Wierder .. ganz ongewinnt vun dir closed_eye .

Mam Perfektionist hues de zum Deel recht ... lossen mer dat esou ausdrécken .. ët wëll een Besser ginn obwuel een wees dass Perfektioun nët ze errechen ass.

Nei Erausfuerderungen, nët onbedingt, ech hun Spass un dem wat ech machen.
Zora 07.03.2012 - 10:36
Sou soll et sinclosed_eye
Schluck 07.03.2012 - 13:11
woubéi .. all Concert ass ëmmer rëm eng néi erausfuederung wëll ëmmer alles annescht ass an sou vill Variatioun. Dofir machen ech dat och sou gaer
Zora 07.03.2012 - 14:23
Daat ass jo genee daat wat ech mengen, daat spiegelt sech an dengen Biller erem, an dem wats de brengs bass de kaum ze iwertreffen, et mierkt een d'ass de Spass drun hues, goid jobsmile
gtaddei1 07.03.2012 - 10:47
Jo ... einfach perfekt, eng herrlesch controll iwert all variablen
Schluck 07.03.2012 - 13:08
2x Merci Gennaro ....
Jean-Jos 07.03.2012 - 21:27
Och déi heite Serie gefällt mir exzellent, woubäi bei dene vun Tëschegas nach méi peppeg Faarwen durech d'Beliichtung dra sin.

Op der 1. Foto am HG an op der Foto ganz riets misst den Dan Kries sin, deen och bei Heavy Petrol & the Greyhounds um Bass ass, zwar mat méi kuerzen Hoer closed_eye

Schluck 07.03.2012 - 23:35
Jo dat gesinn ech och esou, d'Beliichtung woar bei hinnen einfach besser, ann sie woaren och vill méi aktiv ob der Bühn, ass jo och ee bëssen anneren Still --- Jo genau, dat ass den Danob 1. an 5. , den och fréier bei Nazz Nazz gespillt huet

Ah jo, an den Woody als Sänger do ob dengen Biller
Jeanny 08.03.2012 - 10:45
smileoch des perfekt Schluck
Schluck 08.03.2012 - 16:49
Merci Jeanny
jorsch 08.03.2012 - 12:57
Ech ka mat dem Sujet net esou vill ufänken, awer d'fotografesch Qualitéit vun denge Biller beandrockt mech!
Schluck 08.03.2012 - 16:49
Freet mech jorsch

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 299 Gäscht online