Düster, anonyme, voyeuristesch, nodenklech....daat fällt mir heizou an.....awer eng interessant Foto, virun allem duerch déi verschidden "Rideau/Beliichtungs-Zoustänn"
Hoffentlech hues du nëmme misste laanscht fueren...!
Fannen ech och ganz flott..an den kommentar nachmei,.
Iegendswei ironesch das et eigentlech eng platz as fir "gesond" ze gin, also epes wat d'gesondheet soll fuederen, an awer well keen do sin..
D'Foto ass ganz flott, flott gemaacht, gutt beliicht, mä ech hunn ze perséinlech net gären, well ech grad 2 Wochen hannert esou enger Fënster war an frou do eraus ze sinn...
Ech verstinn, wann dës Foto negativ Gefiller ervirruffe kann. Dat deet mer Leed an dat ass net meng Intentioun gewiescht.
Ech hat net vir, eng Foto vun der Klinik ze maachen, ech wollt Architekturfotoen Owes um Kierchbierg maachen.
Mä de Mann, deen do alleng bei der Fënster sëtzt, huet mäi Bléck ugezunn!
Et war mer wichteg, datt de Mann net ze erkennen ass. Sou gëtt säi Bild stellvertriedent fir d'Schicksal vun de Kranken. De Kontrast vun der mënschlecher Realitéit hannert de Fënsteren mat der Ästhetik vun de Rideauen an der Façade verstäerkt nach den Effekt.
Mech huet d'Bild och vill beschäftegt. Hunn ech e Recht dës Foto ze maachen? Ass dat scho Voyeurismus?
Ech hoffen, d'Bild vermëttelt och Respekt an Undeelnam!
Ech verstinn ënner Voyeurismus, heemlech eng Foto vun enger Persoun oder vun enger Szene mat Persounen ze maachen, déi an enger "desagreabler" oder peinlecher Situatioun sinn, an déi Foto dann wéi eng Juegdtrophäe um Internet ze presentéieren. Hei kann ech awer näischt sou eppes erkennen. Et kéinten jo och Hotelszëmmeren sinn. Ech fannen dass et eng flott an expressiv Foto ass déi just nëmmen dat "Alltäglecht" widderspiggelt laanscht dat déi meeschten Leit ginn ouni mol ze kucken. Flott Aarbescht.