Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

TaT's

 
All Fotoen an dëser Serie:
25766 Thumbnail
25767 Thumbnail
25768 Thumbnail
25769 Thumbnail
25770 Thumbnail
TaT's
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.03.2012
  • Gekuckt:
    50584
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    24
  • Originaldatum:
    3/03/2012
  • Fotoapparat:
    Canon 60D
  • Objektiv:
    100mm
Kategorie: Objeten an Still Life »» Misc  
Extras:
- Externen Bletz
- Softbox (selfmade)
- Reflektor
- Eng kleng konstruktion mat Infusiounsgerät (Baxter)
- Divers Flessegkeeten an Farwen

Fir anzesetzen: [pg_img=62403]
Kommentar vum Fotograf:
Moien alleguerten, wollt hei mol meng eicht TaTs weisen dei ech schon eng Zeitschen probeieren ze machen.
Wichteg Kriterien fir TaTs hinzekreien waren fir mech :
Timing, Ofstand vun der faalender Dreps, Viskositeit vum Wasser.
Gebletzt gouw vu fir an vun hannen.

All Bild as mat 1/250s, f/20 an ISO 200 gemeet gin.
gtaddei1 05.03.2012 - 11:03
Ekzellent serie ! Bravo
Scorpius 06.03.2012 - 13:30
Fillmols merci gtaddei !
Zodiac 05.03.2012 - 13:39
Fannen hei hues du een wonnerbart Resultat mat dengen Drepes erzielt. 1 an 2 Sin fir mech dei Bescht aus der Serie, do hun Drepsen och nach en flott Form.
Scorpius 06.03.2012 - 13:32
Merci gesoot, jo di eicht an zweet gefaale mir perseinlech och am besten. Di eicht war ironescherweis och di den eichten TaT dee mer gegleckt as closed_eye
jorsch 05.03.2012 - 14:41
Immenst flott Formen- a Faarwespill. Super gelongen! 2 ass mäi Favorit.
Ass bestëmmt vill Spaass beim Experimentéieren!
( Eventuell am Carré? )
Scorpius 06.03.2012 - 13:33
Et mecht fill spass jo closed_eye wan een sws schon gär bastelt an experimenteiert dan op jidferfall!
Das eng gut Erfahrung fir enert anerem seng cam besser kennenzeleieren.
Hmmm jo also wan ech eierlech sin hun ech ufanks och iwerluecht ob carré oder rechteck. Jidefalls wollt ech se an der serie all dselwecht hun closed_eye
FranzMacN 05.03.2012 - 17:15
Super, ech kreien erem Loscht ze probeieren.
Weivill muss du knipsen fir 1 Foto ze kreien?
Franz
Scorpius 06.03.2012 - 13:39
Dat as schueier ze soen, hat "sessiounen" wou ech keng hikrit hun, an hat der wou ech der 3-4 hikrit hun. Et hängt dovun of wei präzis ech meng drepsgeschwindegkeet agestallt hun wel et kennt haptsächlech dodrop un, an natielech och zu weiengem moment geknipst get.
Ech soen einfach mol grob, 1 gut vun 10-20, firausgesat ddrepsgeschwindegkeet as richteg. well se muss sou agestallt sin dass 2 drepsen relativ seier hannerdenee en deiwen "krater" am wasser machen fir das de strahl deen sech aus dem wasser erhiewt meiglechst heich an dluut geet, dan muss eng dreps (mat enger mi grousser verzögerung wei di 2t dreps) op deen strahl opprallen.

Das also eng affaire vun Millisekonnen.
Di meecht kafen sech doweint en Metalventil deen elektronech gesteiert as, dat vereinfacht dat ganzt natielech closed_eye
JADE 05.03.2012 - 19:21
XLNT !


(errënnert mech och e bessi un deen Schaukelkaroussell op der Fouer)
Scorpius 06.03.2012 - 13:39
Jo genau, oder eng stehlampe smile
merci
Jeanny 06.03.2012 - 06:16
wonnerbar gespillt, all Foto e klenge Bijou
Scorpius 06.03.2012 - 13:40
Merci Jeanny, genau dat war mein Ziel bigsmile
Schluck 06.03.2012 - 07:46
Immens flott deng Serie, gefällt mer immens gudd, dat do ass eng vun den Saachen déi ech och eng keier muss probéieren
Scorpius 06.03.2012 - 13:42
Salut Schluck, schon eng zeit hier closed_eye
Jo dat kanns de roueg maan,m echt spass an as eng gut Erfahrung.

Ps hun der mol nanet gratuleiert weint denger lechter wochefoto! super hues de dat rem gemeet, wei emer! Muss och mol rem op e concert komen closed_eye
Pixelman 10.03.2012 - 18:23
Sie sinn all excellent mä Nummer 2 ass d'Kréinung.
Scorpius 11.03.2012 - 21:29
Dat heiert een gär Pixelman..dan war d'arbecht och net fir d'kaatz closed_eye
Miisamm 11.03.2012 - 21:19
Mega!!!!
Scorpius 11.03.2012 - 21:28
thanks Misamm! bigsmile
kobsi 12.03.2012 - 04:47
Kann nemmen Gratuléiren, super flott Serie!
Gibbes 12.03.2012 - 06:12
Gratulatioun schein Serie
arwa 12.03.2012 - 07:26
TOP - WORK
Schluck 12.03.2012 - 09:00
Congrats zur der flotter Serie ... ganz verdengt zur Wochenphoto gewielt ginn!
chrisykris 12.03.2012 - 14:34
Gratuléieren... Mega Serie! Mëcht Loscht ze probéieren.
majolifa 15.05.2012 - 08:34
Dat do as eng richteg cool Serie, do passt alles, Form, Fuerw, einfach super

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 395 Gäscht online