Hm...wees net waat ech vun der Foto hai haalen soll. Se huet keen Bildopbau (dain Motiv as nemmen halef drop, an uewen lenks get et naischt ze kuken) an wann een drop klikt as se net mol scharf (1/60stel geet duer fir een Koup Feier gudd drop ze kreien) - ech gesinn net ganz waats de welles haas / wisousde eis dei Foto weiss / firwaats de dech net eng Grimmel mei mam Sujet auserneen gesaat hues.
Ech si frou fir deng zum Deel konstruktiv Kritik. Ech muss dozou soen dass ech néi an deem héiten Hobby sinn an ech nach vill experimentéieren.
Dozou dann direkt eng Fro: Wanns de schreiws 1/60, dann hätt ech dach bestemmet nët Beweegung am Bild, oder?
Zou denger Fro, wisou ech déi Foto weisen: Ma well se mer gefällt.
Hm oukai - dass se dir gefällt as een gudden Ufank! Den Rescht as amfong eischter Technik, dei een iergendswei och bessi beherschen muss fir dass dMotiv eppes hierget...
1/60stel as net sou kuerz dass dFlaamen verluer gin - awer kuerz genuch fir dass dHolzstecker net verrutschen...
Wanns de eis den ganzen Holzkoup, mam Kraiz zbsp gewissen hess, hett een awer schon mei ze kuken gehaat an et wier net sou opgefall dass dei weineg stabil Elementer verwackelt sin.