Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Behemoth

 
All Fotoen an dëser Serie:
25288 Thumbnail
25289 Thumbnail
25290 Thumbnail
25291 Thumbnail
25292 Thumbnail
Behemoth
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.02.2012
  • Gekuckt:
    47586
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    31
  • Originaldatum:
    14.02.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Objektiv:
    Canon EF 16-35 f/2.8 II
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=62129]
Kommentar vum Fotograf:
Hei ee puer Biller vun Behemoth geknippst ob der Full of Hate Tour an der Garage zu Saarbrécken.

Weider Biller vum Concert wéi gewinnt ob heavymetal.lu:

Full of Hate @Garage (Saarbrücken) 14.02.2012
Zora 16.02.2012 - 18:30
Einfach ein mega geil Ambiance an deenen Biller, an deng Begeeschterung fir Konzertfotoen ze man, kann hei keen topenbigsmile
Schluck 16.02.2012 - 18:38
Merci Joffer ... am Moment ass rem vill lass
VeloBen 16.02.2012 - 18:31
Wié emmer TOP ! Flott Motiver an genialm Faarwen. Just Nr 3 gefällt mir net. Dem Guitarrist sein Kapp wierkt irgendwéi komesch. Esou gezerrt.
Schluck 16.02.2012 - 18:37
Merci, hmm déi 3. ... mir gefällt se am Fong weinst dem Ausdrock an den Foarwen ... verzerrt fäll am klengne nët sou ob ... kucken nach eng keier durno
VeloBen 16.02.2012 - 18:41
jo. Den Rescht ass alles tiptop. Kuck den Kapp. Et wierkt wéi wann d'Proportiounen net géiffen stëmme. Alien-like.
ZerberuZ 16.02.2012 - 19:07
wahnsin... super biller .. naja weem soen ech et smile
dei feiert ass einfahc nemmen herrlech !
Schluck 16.02.2012 - 23:56
Eeen décken Merci dem Här... jo gëll mam Liicht ass gäil --- gdd dass ech mech grad konnt hannert dem Mikro verstoppen
hardae 16.02.2012 - 19:09
Super Schluck, ganz flott an de Faarwen.
Ech gesinn, du bass vill ënnerwee fir Fotoen ze maachen. closed_eye wunn kal an der Natur a waarm op engem Concert smile
Schluck 16.02.2012 - 23:55
Merci hardae, mais gaer ee bessen vun allem, awer am Leiwten Concert an Natur (Deieren, Landschaft)
Dynax 16.02.2012 - 19:57
Alt erem eng wahnsinnsSerie vun engem Concert. Mir gefällt den Bassist Nr.5 am Beschten.
Schluck 16.02.2012 - 23:53
Eng stëmm fir den Bassit ... ech probieren ëmmer eng ausgeglache Serie ze weisn ... vun all Musécker déi bescht. Just vum Drummer hei hat ech keng
Jeanny 16.02.2012 - 20:33
oh Schluck, ech weess net wat ech schreiwe soll
einfach super smile
Schluck 16.02.2012 - 23:51
Sinn se sou schlecht ... closed_eye
Merci Jeanny
Jeanny 17.02.2012 - 07:09
smile de Glanz smile
gi87 16.02.2012 - 20:41
Wow wat Eng Gail Serie vun Fotoen, 1t an dei 2t sin meng Favoriten smile
Schluck 16.02.2012 - 23:46
Merci Gianni, fir mech 1-4 mais nom Ben sengem Comment ersetzen ech villeicht déi 3. nach ... mol kucken
Gibbes 16.02.2012 - 20:58
Dei eischte Keier wou mer Foto vun deer Woch schon Donneschdes kennen
Schluck 16.02.2012 - 23:36
Merci Gibbes, freet mech dass se gefällt ... hmm ..Wochenphoto... ass ëmmer schein an d'freet een sech mais ech gesinn Photographie net als Wettkampf. Haptsaach Spass muss een hun.
Gibbes 17.02.2012 - 07:01
do hues de schons recht ass awer eng schein Niewenwirkung an och eng Bestätegung
Schluck 17.02.2012 - 08:09
Jo, stëmmt ... mais eng Objektiv Aussoh ob deng Photo gudd ass eng Wochenphoto och nët.

Virun allem den Feedback vun den Bands an den Zuschauer ass wichteg an Bestätegung kriss de duerch d'Akkreditatiounen déi's de kriss ...
Abacab 16.02.2012 - 21:16
Du has Recht wousste soss et geet emmer besser... closed_eye 2 a 4 sinn den absoluten Hummer!
Schluck 16.02.2012 - 23:45
Gesäis de ... ween wëll schon déi perfekt Photo machen wëll durno häss de keen Undriff méi fir nach een annert Bild ze machen .. Merci
gloda 16.02.2012 - 21:56
Immens Biller. Du hues d'Atmosphär op der Bühn gekonnt an d'Bild gesat an flott Momenter a Perspektive gewielt.
Schluck 16.02.2012 - 23:38
Merci gloda, ech ginn mer ëmmer méi, an Concertën ass eben absolut menges ... mat der Zoul déi ech bis elo geknippst hun wier ët jo och schlëmm wann ech näicht beigeleiert hät, an ët leiert een nie aus.
gemu 16.02.2012 - 22:25
Ech sin keen fan vun heavymetal mee bei denen Biller kéint ech mir daat nach aanescht iwerleen, super déi Serie richteg scharf!
Schluck 16.02.2012 - 23:43
Hehehe ... ass Sàit iwwer 25 Joer meng Musek an zanter 2 Joër machen ech Photoën an besser Motiver an der Concertsphtotographie fënns de kaum.

Lauter exentresch Perséinlechkeeten, Wahnsinnsenergie an Geschwindegkeet, schnell wiesselnt Lucht an all Brochdeel vun Seconn een annert Bild... an virun allem och d'Atmosphär.

Wann dat an den Biller erriwwer kënnt hun ech main Ziel errecht ... an villeicht kann ech jo een oder den anneren ob den Gout brengen closed_eye
gemu 17.02.2012 - 07:53
Daat ass op jidderfall voll gelongen, génial déi Biller
Nathalie 18.02.2012 - 12:35
Also Schluck hei hues de dech selwer rem iwertraf! Belichtung wei Perspektiven an Schärft, alles passt hei tiptop an geseit super aus. Top smile
Schluck 20.02.2012 - 09:18
Merci gesoot Nathalie smile
nebu 19.02.2012 - 20:14
Gouf jo schonn alles Gesot .. smile Super..
Schluck 20.02.2012 - 09:18
Och dir een Merci nebu !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 460 Gäscht online