Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Iceage

 
Iceage
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.02.2012
  • Gekuckt:
    24559
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    529x800
  • Späicherplaz:
    399 KB
  • Originaldatum:
    11.02.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Programm:
  • Objektiv:
    Canon EF 16-35mm f/2.8 II
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=61994]
Kommentar vum Fotograf:
Wuel dat am Meschten photographeiert Motiv haut hei am Land ...
Gibbes 11.02.2012 - 19:00
Impressionant an top festgehaal mais wou as daat do dann?
Schluck 12.02.2012 - 15:49
Merci ... du hues ët jo lo sëlwer schons erausfonnt
Jean-Jos 11.02.2012 - 19:16
Ganz cool gin déng Ënnereiswelt closed_eye
Flott Bea!
Schluck 12.02.2012 - 15:48
Merci Jean-Jos, jo, sou lues geet ët mat der BEA
galileo 11.02.2012 - 19:39
Ganz schéin, hannert dem Rideau...
Schluck 12.02.2012 - 15:47
Merci, heinsdo muss een eben och hannendrun kucken fir d'Scheinheet ze gesinn
galileo 12.02.2012 - 17:10
ech louch/soutz och mam WW genau op der do Plaz closed_eye
majolifa 11.02.2012 - 19:41
Dei do as richteg gudd gin, do mengt en et geiw en an eng "Eishöhl" eran kucken
Schluck 12.02.2012 - 15:46
Merci gesoot ... mat dem villen geschraufs un der annerer mengen lo dass ech den Dreih eraus hun
mischii 11.02.2012 - 21:47
COOOOOOOOOL
do haas de awer eng geheim Adress !!!!!
Schluck 12.02.2012 - 15:45
Also bei souvill Léit wei gëschter an haut den Moien schon do woaren kann se net sou geheim sinn
mischii 13.02.2012 - 10:55
jo, war geschter mëtten och do, mee et war en desolant Bild vu Verwüstung, Kanner hun do mat Steng a Bengelen alles futti geschloen an d'Eltere hu séileroueg nogekuckt
Ech hun awer du missen eng Remarque maachen an ech war net dat eenzegt! an déi Kleng hun och nach frech eremgemault, traureg sou eppes
Schluck 13.02.2012 - 14:03
Sou ongefeier hun ech mer dat och geduecht ... d'Kanner machen alles futti an d'Elteren kucken no. Wann's de dann dech nach traus eppes ze soen ginn se dann nach domm an fresch.

Mir brauchen eis wierklech net ze verwonneren ...
galileo 13.02.2012 - 21:30
Elo muss ech dann awer hei och e klenge Pefferkär bäiginn:
ech war Samschdes do, an mat mengem Bouf vun 9Joër och nach eng Kéier Sonndes moies - do hun ech mech och geiergert, datt schon verschidden Aiszappen futti waren...mee ech hun mol nët missten soën "mach näischt futti"...esou selbstverständlech war daat fir hien....mir hu gekuckt a fotograféiert...a sin dunn virun duerch de Bësch spadséiert.

An dann sin et jo wuel d'Elteren, déi een hei muss mam Ouer huelen, an nët an eischter Linn d'Kanner...oder ?

Natierlech musse mir eis Emwelt erhaalen...fir eis a fir eis Kanner ! Egal wéi topech verschiddener mengen dierfen ze sin....
Schluck 13.02.2012 - 21:49
Ginn der vollkommen recht ... d'Kanner kënnen net dofir mais d'Elteren déi nokucken. D'soll een och nët alles an een Dëtonguepen geheien .. main Fehler.

galileo 14.02.2012 - 07:53
closed_eye Kee Problem...t'war mir just esou durch de Kapp gaang....
Schluck 14.02.2012 - 08:13
Heinsdo gët een bei sou Themen emotional an dann verallgemengert een wëll dat eben einfach ass fir Argumenter ze hun ... sinn awer dann och nët ganz richteg.
hardae 11.02.2012 - 22:04
super
a wou hues du déi do gemaach?
Gibbes 11.02.2012 - 23:24
Am Marscherwald bei Konsdorf smile
Schluck 12.02.2012 - 15:44
Ganz genau do Gibbes
hardae 12.02.2012 - 21:20
Merci Gibbes, war och do hu just déi Vue net gesinn unhappy
Gibbes 12.02.2012 - 21:49
Probeieren murr nach op den leschten Steppel eppes ze maan eier et sech an Wasser opleist smile
Jean-Jos 12.02.2012 - 00:06
Du misst haut eigentléch do gewiescht sin, oder dolanscht gefuer sin. Et ass tëscht Blummendall an der Kräitzung wou et op Krëschtnech, Konsdrëf resp. an de Mëllerdall geet.
hardae 12.02.2012 - 21:17
Jo, ech hunn och do Fotoe gemaach, just déi Vue hunn ech net gesinn. unhappy
Schluck 12.02.2012 - 15:44
Merci, do wou den Gibbes soot
hardae 12.02.2012 - 21:15
Elo weess ech wou. Ech hunn och do Fotoe gemaach, just déi Vue hunn ech net gesinn. unhappy
Jeanny 12.02.2012 - 06:30
einfach wonnerbar Schluck,
wann et net sou kal wier, fir esou Fotoen ze maachensmile
Schluck 12.02.2012 - 15:39
Jo, du sees ët Jeanny, woar den Moien nach eng keier an do woar ët richteg spatz... Merci
jorsch 12.02.2012 - 10:02
Flott!
Och nach e Schied vun den Äiszappen hues de erwëscht!
Schluck 12.02.2012 - 15:39
merci jorsch, den koum awer reischt no der BEA sou richteg eraus

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 486 Gäscht online