Merci galileo!
Ech hunn elo mol erausfonnt, datt d'Riedche vun der Blend sech och den anere Wee dréine léisst!
Ech hat d'Bild och schonns am Quadrat probéiert, da falen op de Säiten déi schéi onschaarf Formen mat de flotte Faarwen zum Deel ewech. Dat feelt dem Bild menger Meenung awer eppes Wesentleches. Datt de Sujet zimlech an der Mëtt ass stéiert mech hei net. Et ass e bësse wéi eng kleng Bühn mat Rideaue lénks a riets.
Wann s du déi selwecht Bréck an déi selwechte Basseng mengs wéi ech, da stëmmt et. No bei der Breidweiler Bréck
De Quadrat hunn ech ausprobéiert, ass manner schéin. Di Fläch riets a lénks ass jo net wäiss, mä menger Meenung no ganz interessant wat d'Faarwen a Formen ubelaangt. Ouni si feelt eppes!
Fir mech passt dese cadrage, et wier schued wann hei en Deel géing verluer goen
Du hues recht mat denger klenger Bühn, an op der Bühn do fannen ech och e Bléckfang
mee Du weess jo, am Äis do loosen ech ëmmer meng Fantasie spillen