Zut, elo haat ech den Comment nët gespäichert!!
Also am Resumee:
Einfach perfekt.
Fannen just e klitzekléngen Schéinheetsfehler: e puer Pinktelcher am Niwwel, mee wéi gesoot ët sinn Schéinheetsf.... ann an deem Sënn stéieren se (mech) nët, einfach well déi speziell (on)heemlech Atmosphär déi se ëremgët, immens (berouegend) ass.
Ech erlaaben mir se also als TF virzeschloen ( och wann ech an läschter Zäit nët graad déi selwescht Appreciatiounskapazitéiten haat ewéi den Jury)
Stëbskäre sin dach hautjedaags kee Problem méi. Stempel a Korrektuurstempel (de PS-Logo dofir als Plooschter as esou richteg léif...) erlaaben engem dach baal alles. Dat as da fir di näxte Kéier.
Eng ganz stëmmungsvoll Foto vun der Brandung. Gudd gesin. An di blo Luucht doranner gefällt och mir och extra gudd.
Tiptop, di Foto! Déi kraaftvoll Dynamik an der Foto an déi konzentresch geféiert athmosphäresch Opliichtungen teschent deenen kulissenarteg gestaffelten Stengformatiounen féiren de Bléck illusionistesch an di irrational an trandeszent Déiften... kéint zwar nach besse méi Kontrast hun... :p
hehe ma k.a, mee wanns de se sou kucks kéins de mängen d'léich e liichten donstschleier drop, ass jo logesch iergentwéi, wuar jo um mier... deemno wéis de wou kontrast bäigéifs maan kéins de daat verschwannen din.
Voilà Lex! Genau daat hun ech matt "erfekt" gemengt.
Du drécks ët natiirlech vill méi litteraresch, an zemols vill méi philosophesch aus! Tiptop
Hues du villäicht demnächst Philo's Examen?
Wann jo , dann bass du ménger Meenung no prett!
Do sin ech awer op déng Punkten gespannt.
Wanns de esou geschriwwen hues ewéi hei, an ët huet och op d'Froen gepasst, dann kann daat nëmmen eng "mention" gin, och wann ët keen Examen war!
Elo wou ech mol eng Kéier d'Topfotoslëscht duerchgi, sin ech op des Foto gestouss, déi ech nach ëmmer absolut megagenialgudd fannen, an dunn hun ech méch drun erënnert, datt ech an enger Zeitung eemol een Artikel gesin hun iwwert de Fotograf Herbert Böttcher, deen's du villäicht kenns. Wann net, hei as séng URL. Ob alle Fall huët hien och eng Serie Fotoën un der Côte de granit rose an der Bretagne gemaach, di och blo agefierft sin mat extreme Bléckwénkelen. Kuck dir dat emol un. Ech sin iwwerzeecht, dat gefällt dir.