Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Maximillion Yeah

 
Maximillion Yeah
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.01.2012
  • Gekuckt:
    25950
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    5
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    673 KB
  • Originaldatum:
    2012:01:08 03:34:28
  • Fotoapparat:
    FinePix S5Pro
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
2. Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=61325]
Kommentar vum Fotograf:

Den DJ Maximillion Yeah am Photoshop veraltert. mat hëllef vu séngem papp
arwa 09.01.2012 - 10:21
dh. uewe riets as sei Papp -
muss soën- eng interessant Aarbecht, dei's du hei weis.

Kucke mir daat schons e bessi mei laang un,
dh. riets rop-rof, rop-rof asw........
dann, switch no lénks

dach...... sou kënt ech mir den DJ an e puer Joër scho viirstellen

btw. wei këns du eigentlëch op dei Idee ?
MarcGerard 09.01.2012 - 10:38
d'iddi kënnt duerch een immens héige konsum vun immens geféierlechen drogen... ech wollt dat experiment jo amfong mat mär selwer man, mee ech hu mer mëttlerweil béid ouren ofgeschnidden, an et as eriwwer mat autoportraits closed_eye
arwa 10.01.2012 - 15:47
closed_eye
JADE 10.01.2012 - 03:20
mir ass et graad esou gangen wéi dem arwa ...

lang gekuckt ... riets-rop-rof-rop-rof-rop-rof-lénks-...-riets-rop-rof-rop-rof-lénks-...-riets-rop-rof- ... hmmmmm ...
aaner Fotoen kucken ... Wochenfoto wielen ... schaffen goen ... etc ...
dann zeréck kommen ... erem lang gekuckt ... riets-rop-rof-rop-rof-rop-rof-lénks-...-riets-rop-rof-rop-rof-lénks-...-riets-rop-rof-... hmmmmmmmmmmm ...

an ech hun fonnt waat mech iergenwéi interpelléiert hei:
- dass een sech matt daer Technik erblécksen kéint wéi ët an e puer Joer matt ons ausgesin géif (ech wëll ët nët wëssen!!)
- bei desem Bild gesin se lénks zefridden aus ...
an riets gesäit hien depressiv aus (an mengen Aan), déi groelzech Fuerw dréit bestëmmt dozou bäi ... den duebelen Kënn passt nët méi bei den Rescht vum Kapp/Gesiicht, esou wéi déi méi jugendlech Koiffür an den Brëll ...
(daat ass awer elo just mäin POV)

comme quoi --> mam aal gin, soll een sech och aal gin loossen, fir dass alles och beieneen passt?


an waat seet den DJ dozou? an säin Papp?
MarcGerard 10.01.2012 - 08:51

Den DJ fënnt dat super, mee ech hun em nach net an d'Aaen gekuckt dass e mer dat sot. Ech gleewen em awer mol. Dem Papa séng Meenung kennen ech nach net, mee déi gin ech nach gewuer.
Apropos al gin: Ech denken dass de Max am Alter anecht ausgesäit wéi dat do. Wann ee bedenkt dass säi Papp am Max séngem alter anschienend déi selwecht Gesiichtsform hat, kann ech mer dat gudd virstellen.
De Problem as deen: Ech hun dat do jo schon mat mäer a méngem Papp gemach. Deemols hun ech eigendlech nemmen eng mëschung aus mär a méngem Papp gemach, an et huet manner no mär ausgesin. Dësskéier hun ech opgepasst dass jiddereen deen de Max kennt heen eremerkennt, a méiglechst net säi Papp. Grad déi wou déi 2 kennen, man automatesch de Lien, well se déi zweet Persoun dra gesin. Et wier natiirlech intressant einfach nach 20-25 Joer ze waarden an ze vergläichen smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 396 Gäscht online