d'iddi kënnt duerch een immens héige konsum vun immens geféierlechen drogen... ech wollt dat experiment jo amfong mat mär selwer man, mee ech hu mer mëttlerweil béid ouren ofgeschnidden, an et as eriwwer mat autoportraits
lang gekuckt ... riets-rop-rof-rop-rof-rop-rof-lénks-...-riets-rop-rof-rop-rof-lénks-...-riets-rop-rof- ... hmmmmm ...
aaner Fotoen kucken ... Wochenfoto wielen ... schaffen goen ... etc ...
dann zeréck kommen ... erem lang gekuckt ... riets-rop-rof-rop-rof-rop-rof-lénks-...-riets-rop-rof-rop-rof-lénks-...-riets-rop-rof-... hmmmmmmmmmmm ...
an ech hun fonnt waat mech iergenwéi interpelléiert hei:
- dass een sech matt daer Technik erblécksen kéint wéi ët an e puer Joer matt ons ausgesin géif (ech wëll ët nët wëssen!!)
- bei desem Bild gesin se lénks zefridden aus ...
an riets gesäit hien depressiv aus (an mengen Aan), déi groelzech Fuerw dréit bestëmmt dozou bäi ... den duebelen Kënn passt nët méi bei den Rescht vum Kapp/Gesiicht, esou wéi déi méi jugendlech Koiffür an den Brëll ...
(daat ass awer elo just mäin POV)
comme quoi --> mam aal gin, soll een sech och aal gin loossen, fir dass alles och beieneen passt?
Den DJ fënnt dat super, mee ech hun em nach net an d'Aaen gekuckt dass e mer dat sot. Ech gleewen em awer mol. Dem Papa séng Meenung kennen ech nach net, mee déi gin ech nach gewuer.
Apropos al gin: Ech denken dass de Max am Alter anecht ausgesäit wéi dat do. Wann ee bedenkt dass säi Papp am Max séngem alter anschienend déi selwecht Gesiichtsform hat, kann ech mer dat gudd virstellen.
De Problem as deen: Ech hun dat do jo schon mat mäer a méngem Papp gemach. Deemols hun ech eigendlech nemmen eng mëschung aus mär a méngem Papp gemach, an et huet manner no mär ausgesin. Dësskéier hun ech opgepasst dass jiddereen deen de Max kennt heen eremerkennt, a méiglechst net säi Papp. Grad déi wou déi 2 kennen, man automatesch de Lien, well se déi zweet Persoun dra gesin. Et wier natiirlech intressant einfach nach 20-25 Joer ze waarden an ze vergläichen