Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Vicky 3

 
Vicky 3
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.12.2011
  • Gekuckt:
    22407
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    85 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    803x1200
  • Späicherplaz:
    393 KB
  • Originaldatum:
    2011:12:23 16:04:09
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Studio Equipment

Fir anzesetzen: [pg_img=61003]
Kommentar vum Fotograf:
Voila, dann hei nach eng Aus dem selwechten Shooting.
Ech hoffen Sie gefaellt Ierch

MbG - Luc -
nostromo 23.12.2011 - 16:40
Ass di bescht - Och wann de Model e bessli zwanghaftech wiirkt - mé dat mecht eben de Charme aus
Scheine Chrëschtdag
Luc_69 23.12.2011 - 21:47
Fret mesch dass d'Photo dir gefaellt.
Wei gesot, Hat stung nach nie firun enger Kamera. Ech fannen awer dass et seng Sach gudd gemach huet.

Luc
Metalbambi 25.12.2011 - 01:14
Wat mier bei der ganzer Serie feelt, ass Spannung.
Technesch ass näischt un dengen Biller auszesetzen, gëss der do keng Blouss. Mee d'ass einfach näischt an den Fotoen wat mech fesselt, an mech motivéiert se méi laang, oder eng 2t Kéier ze kucken. Dat läit deelweis drun dat d'Model sou ultra staark geschminkt ass an näischt natierleches méi do ass, an zum aneren dat et ni mat dier interagéiert, et kuckt bei kenger Foto an d'Kamera. Hei ass dat am krassten, et wierkt éischter wéi eng Presentatioun/Modeschau, wous de just anonymen Beobachter bass. Bëssen läit et och drun dats de den Postprocessing sou absolut neutral häls, ass ze vill Passfoto an ze wéineg Konscht. Bei der 2ter (mengen ech, déi wou et d'Aan zou huet) kennt nach am meeschten Gefill riwwer, ass vill besser wéi déi hei an déi 1t.
Luc_69 25.12.2011 - 11:27
Jo ech gin dir do deelweis recht. Et ass eng ganz Serie an dat hei sin net dei Biller dei ech aus der Serie eraus gesicht hun. D'Photoen woren als Geschenk fir dem Vicky sein Mann, an dei Biller dei ech bis elo hei gewisen hun huet Hat explizit eraus gesicht.
Ech sin awer och der Meenung dass een net hannert all Bild no grousarteger Konscht soll sichen oder?

Luc
Metalbambi 25.12.2011 - 11:46
Ass ëmmer bëssen tricky wann een d'Biller net selwer raus sichen kann.
Sinn zwar schonn der Meenung dat een soll versichen aus all Bild dat bescht ze maachen, zemools well et hei um Site jo awer och ëm Fotografie als Konscht an net als Handwierk geet.
D'muss net all Bild groussaarteg Konscht sinn, mee d'soll een schonn probéieren méi draus ze maachen. Virun allem well technesch perfekt Biller ëmmer méi einfach ginn, dat d'Material méi wäit entwéckelt ass.
Luc_69 25.12.2011 - 11:50
Wei gesot ech sin Deelweis denger Meenung. Ech fannen awer lo keent vun den Biller esou schlecht dass se et net wert gewiecht wiren hei gewisen ze gin.

p.s D' Material eleng mescht och nach "keeng technech perfekt" Foto (weis de oft geseis, och hei um Site ) smile

Luc
Metalbambi 25.12.2011 - 11:55
2x averstan
Luc_69 25.12.2011 - 12:00
Lo geif mesch awer och intresseieren weis du d' Vicky 1 fëns.
Dei haett ech nämlech fir mein Partner eraus gesicht.

Luc
Luc_69 25.12.2011 - 11:40
Hei eng dei ech eraus gesicht haett.

Vicky 1


Ech fannen dass et ob Der eng super Ausstrahlung huet an fannen se vill besser wei dei aner 3.

Mee bon dem Vicky hun dei aner besser gefall.

Luc

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 460 Gäscht online