Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tammy II

 
Tammy II
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (03.12.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.12.2011
  • Gekuckt:
    13108
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/25 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    667x1000
  • Späicherplaz:
    111 KB
  • Originaldatum:
    2011:12:01 14:42:49
  • Fotoapparat:
    NIKON D3100
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Nikkor 50mm f.1.4
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=60624]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nach eng S/W vum Shooting de leschte Samsden.
Jeanny 03.12.2011 - 06:32
hei de Serge, e neit Gebiet smile ass gutt ginn
Zersch 03.12.2011 - 10:00
bigsmile Merci Jeanny.
Loki 03.12.2011 - 09:38
Ah voilà, super di do! bigsmile

Wann ech déi lo mat der éischter aus der läschter Serie veglaichen, da fällt op dass daat schräg-stellen vum Zuch der Foto méi Déift gett, an och wann suguer méi vum Zuch ze gesin hass hei, d'Foto doduersch net sou enk wierkt. Also super Cadrage, wanns de mech freets closed_eye D'Tammy ass natirlech och rem gudd drop an d'Pose passt och tiptop!

Wann ech lo e besse nit-picking misst maachen, dann giff ech soen dass d'Héicht, also d'Positioun vun der Camera ganz knapp niewt der optimaler Héicht läit. Wanns de kukks, dann gesais de dass dain Apparat ongeféier an der Mëtt bis ieweschter Halschent vum Tammy séngen Uewerschenkelen war (à moins dass sou fréi mueres main Gehier nach net well closed_eye ). Doduersch kriss de wéinst der Distanz bis zu him an dengem Objektiv eng liicht (se ass wierklech ganz liicht) quasi Vergréisserung vu séngen Been an Verkléngerung vu sengem Uewerkierper an Kapp.
Deen Effekt kann natirlech gewollt sin, ma ech hun (well ech jo selwer deen doote Genre gäre knipsen) fier mech festgestallt dass eng soit-disant optimal Héicht fier daat ze vermeiden wanns de riicht vun der Sait wells knipsen ongeféier op der Héicht vum Nuebel läit, vlait knapps drënner. Et hëlleft och wanns de d'Distanz tëscht där an dengem Model vergréissers an dann erazooms, dann kriss de meeschtens och e besse mi ausgeglach Resultater. Fro mech lo w.e.g net di teschnesch Bezeechnungen dofier (kann do een hellefen?) closed_eye

Weider sou, ech si gespant op di nächst!! smile
Zersch 03.12.2011 - 10:15
Merci fir dei Ureegungen do , Loki. Däin Gehiir funktionnéiert haut de moien tip-top bigsmile, well du hues Recht. Exakt esou war et ! Ech stoung just leider hannen widder mam Réck , den Zug kruut ech net gereckelt :tongue: , wollt och onbedingt mam 50er mat Festbrennwäit schaffen an aus dem Wénkel haat ech einfach keng Plaaz mei no hannen , also nix mat zoomen oder Distanz vergréisseren wann de zoom wei an desem Fall d'Been sin bigsmile. Ech hätt och d'Objektiv kënnen wiesselen mais e grousse Feeler vun mir war deelweis d'Hektik bei deem Ganzem , Tammy war schon krank , et war einfach daat ekelegt äiskaalt Wieder an ech hätt mer vill mei Zäit missen huelen , dann wier mei draus gin. Endresultat vun deem Samsden as datt Tammy zenter geschter mat enger zolitter Angine am Bett läit... :-( Villmols merci fir deng Tips an Ureegungen , wärt mer daat zu Härz huelen an Zukunft. Ech sin awer frou datt se der gefällt.
Merci. closed_eye
Loki 03.12.2011 - 12:18
Uff dann brauch ech mech jo lo net ze schummen, dann ass mai Gehier jo awer nach ze gebrauchen :P

Jo ech haat gesin dass et en 50mm fix ass, genau déi schwieregkeeten (zoom=Been hahahaha, top!) hun ech domat och begéint wann ech et net fier Portraits benotzt hun closed_eye Sou Kléngegkeeten wéi Zich réckelen sin natirlech och nozevollzéihen bigsmile

Bei deer Keelt verstin ech d'Hektik ganz gudd, daat armt Tammy, op allefall vun hei eng gudd Besserung! Et well een jo net dass et nach zevill an der Schoul verpasst closed_eye
Zersch 03.12.2011 - 12:46
Merci , gin dem Tammy et virun et setzt grad hei closed_eye Jo jo déi léif Premièren...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 532 Gäscht online