Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

passage difficile

 
passage difficile
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.11.2011
  • Gekuckt:
    10716
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/0 sec
  • Blend:
    f/20
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    955x637
  • Späicherplaz:
    493 KB
  • Originaldatum:
    2011:11:25 08:09:10
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=60502]
Kommentar vum Fotograf:
...mä do muss een derduerch!


( Klicken )
marker 25.11.2011 - 16:27
..gutt emgesaat am SW, mat baal allen Tounwerter wou d'Skala ze bidden huet
..flotten Bildopbau a vu fir bis hannen schaarf, daat ass menges.., gefällt mir ganz gutt esou..!!
jorsch 26.11.2011 - 11:04
Merci marker! Steng schénge jo am Moment ons Favoriten ze sinn.
marker 27.11.2011 - 13:27
..net nemmen am Moment jorsch, mais daat steet jo och schons op menger Usersait..!! closed_eye
suraki 25.11.2011 - 18:12
de marker sot et schonns, all Growärt vun 1 bis 10 ass dran,
e flotten Opbau, du gëss an d'Bild gezunn... en top sch/w.
jorsch 26.11.2011 - 11:03
Merci suraki, freet mech.
Zora 25.11.2011 - 18:33
Kann mech hei nemmen unschléissenclosed_eye
jorsch 26.11.2011 - 11:03
Merci Zora!

Ech froe mech, wéi s du, mat déngen HDR-Erfahrungen, déi heite Vue duergestallt häss! Keng Loscht ze probéieren?
Zora 26.11.2011 - 11:41
Ok, ech probeieren emol, awer reicht den owend, oksmile
galileo 25.11.2011 - 19:53
Ouni d'Plaz elo gesinn ze hunn....wier e Cadrage am Heichkant nët hei méi adaptéiert ?
D' Growerter sin ouni Zweifel flott, mee ech ka mer awer och déi flott gréng Patine vun de Fielsen firstëllen...fläicht och liicht desaturéiert...
...mee och deng Variant hei huet eppes! An d'Schärft ass super!
Jean-Jos 25.11.2011 - 22:57
Dat kann een esou gesin mam Titel 'passage difficile', awer 'pour mon vilain goût' fannen ech, datt de jorsch mat der 'landscape-Versioun' mat vill Geschéck e puer gutt Regelen vum Cadrage erabruecht huet: ë.a. d'Diagonal, d'Andeelung 1/3tel - 2/3tel horizontal gesin...
@jorsch: top di doten!
jorsch 26.11.2011 - 11:01
Villmools Merci fir är Analysen an Diskussiounen iwwert d'Bild!

Ech hunn de Schloff an alle Variante fotograféiert, Querformat, Héichformat, 24mm, 70mm ... .
Ech hunn se faarweg an sw verschafft.

Mäi Choix ass bei der heiter Variant hänkebliwwen:
- sw well dann d'Struktur vun der Trap besser erauskënnt.
- 24mm well dann de Wee duerch d'Fielsen méi laang a schwiereg wierkt. D'Lach mam Liicht ass wäit ewech.
-Querformat well dann d'Fielsen de Wee nach méi erdrécken.
Doduerch kritt d'Foto fir mech och e staarke symboleschen Ausdrock.

Natierlech ass dat alles adg an ech hätt gär är Meenung héieren!

Schued datt een elo net di aner Varianten ka bei de Kommentar bäiflécken.
rabbit 26.11.2011 - 06:43
eng flott Foto van enger flotter Platz, kanns de eis dann och na matdeelen wou déi Platz ass?
jorsch 26.11.2011 - 10:47
Merci rabbit!
D'Plaz ass tëschent Berdorf an der Weilerbaach, "Perekop" genannt. Du kanns mam Auto just virum Lach parken!smile
rabbit 26.11.2011 - 14:32
Sackajess, do sën ech well zig mol lansch gangen unhappy
bigmama19420205 26.11.2011 - 07:15
beëngend , ma flottsmile
jorsch 26.11.2011 - 10:44
Et gëtt och e Wee ronderëm, wann een net derduerch wëll!smile
Merci fir däi Kommentar!
Richie 26.11.2011 - 08:25
Super Perspektiv ! Gefält mär
jorsch 26.11.2011 - 10:43
Merci Richie, freet mech!
VeloBen 26.11.2011 - 12:59
Ass bombastich déi Foto ! Besonech déi Fielsen sin immens opp den Saiten. Interesaant wier gewiescht d'Saiten mat den Fielsen méi daischter ze maachen an am Hannergrond deen Spalt nach weider oppzehellen resp. den glow an d'Luccht ze setzen. Dann hess de een flotten Flucktpunkt do. Trotzdem een flott Bild vun dir ! Super !
jorsch 26.11.2011 - 14:44
Merci VeloBen, och fir deng Iddien!
Ech muss deng Interpretatioun vum Bild emol ausprobéieren. Besonnesch dat mam glow kéint spannend ginn, hunn domat nach keng Erfahrung!

Jeanny 27.11.2011 - 06:16
Däi richteg Schong un a lass smile
ganz flott fotograféiert, an SW passt
jorsch 27.11.2011 - 17:35
Merci Jeanny, freet mech!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Flèche du Sud

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: wandaluciaia
Am Ganzen: 3727
keen Benotzer an 587 Gäscht online