D'Foto gesäit flott aus. D'Bänk invitéiert ee richteg fir sech ze sëtzen. D'Limitatioune vum Fotomaterial mierkt ee just am Eck uewe lénks wou den Hellegkeetsënnerscheed ze grouss gouf.
Merci, wéigesoot huet de Filter automatech esou gewierkt, an ech hätt mech kéinten drusetzen fir den Eck e bëssen opzehellen. Mee vläit war et och grad sou gudd fir et emol sou sin ze loossen an e bëssen op d'Fehler vun der "automatiséierter" Kreativitéit opmierksam ze man
Merci, d'Verdonkelung uewen lénks loung um Filter vun der App. Manuell hätt een daat nach vläit kéinten um Computer am PS änneren.. Et huet mech iergendwann och liicht gestéiert, mee leider net genuch fir mech drun ze setzen
Merci! Engersäits kann ee flott, kreativ Saachen ganz einfach a séier bewierkstellegen, anerersäits bleiwt et awer eendeiteg och de Mangel u Qualitéit vum Material.
Façon de voir: Et ass kee Mangel vum Material, et ass ANERT Material. Oder gengs de soen den Cartier Bresson huet matt mangelndem Material geschafft (am Verglach zu haut)?
Wanns de natirlech probéiers matt dengem iphone Sportsfoto'en ze machen stéiss de u Grenzen. All Material muss esou agesat gin, dass et den Ufuederungen entsprecht. An dat ass bei dengem Bild 100% de Fall.