Fëns du ? Intressant, mir huet dei 1. am beschten gefall.
Geseis du wei d'Gouen auserneen gin. Mee ech hun der esouvill aus der Serie dass et immens schweier ass fir eng Selektion ze fannen.
Wär jo schlemm wann mer all dat selwecht geifen gudd fannen. Dann häss du just eng Foto missten maachen den problem fir eng Selektioun ze maachen kennen ech ganz gudd. hun den Problem och ganz oft.
Nee Val eng D3X, et muss een just leif mat senger Meedecher sin, dann kalppt dat och Dei naechsten Keier inwiteieren ech och nach den Schluck wann ech en Shooting hun, dann kritt Deen och endlech eng gescheit Knips
flotten portrait, dei puer hoer iwert den aaen steieren mech en ganz bessen, dei verstoppen en besen den flotten bléck vum model.
kennt den kleeschen och bei mech ?
an sech ass d'Foto jo net , schlecht
d'Kommentaren hei si jo och nëmme vu Männer dofir mellen ech mech lo als Fra
e besse bedréckend , dass een eng Fra muss a Reizwäsch kleeden an hier e Kleeserchersmantel undeet fir dass se gefällt,
op mannst hätt se missen de Brautreng och nach ausdoen
vläicht sin ech e bessi ze aal, mee fir mech ass hei d'Fraa als Spillobjekt duergestallt, ass lo just meng Meenung, an ech mengen net, dass ech prude wier
vläicht mellt sech jo och nach déi eng oder aaner weiblech Userin zu dësem Thema
Salut Mischii, warscheinlech bass du ze aal sou weis du selwer ugedeit hues.
Firwat mengen esou Fraaen weis du emmer dass mir Maenner d'Fraaen net respekteieren an se als Spillobjekt durstellen?
Bei desem Schooting huet d'Model mesch gefrot fir esou en Schooting ze machen. Hat huet den Outfit selwer eraus gesicht, an d'Photoen sin esou wie Hat sech Se firgestallt huet.
Ob Hat sein Brautreng beim Schooting unhaelt ass him woul iwerloos oder?
Neischt fir ongudd, mee ech wollt dat och mol enkeier gesoot hun. Mir Maenner noetegen dat schwacht Geschlecht net emmer fir esou Biller ze machen.
Et gin och Fraaen deenen esou Biller oder Schootingen gefaalen.
Ech gin dann emol dervun aus, datt hat Kleeschen fir säi Mann wollt spillen, an dat ass gelongen.
Fir de Rescht fannen ech déi eng oder aner Bemierkung vum Michèle pertinent (woubäi ech weess, datt een dat och anescht ka gesin) an d'Saach vum Alter war bestëmmt éischter rhetorësch gemengt, wéi ech d'Michèle kennen, du häss nët missen drop äntwerten