Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Miami Beach

 
Miami Beach
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.11.2011
  • Gekuckt:
    32339
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    25 mm
  • ISO:
    500
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1180x612
  • Späicherplaz:
    508 KB
  • Originaldatum:
    2011:10:24 22:00:30
  • Fotoapparat:
    M9 Digital Camera
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Zeiss Biogon 25
Kategorie: Natur »» Blëtzer
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59991]
Kommentar vum Fotograf:
Hei en Versuch en Bletz iwwert dem Miir ze photographéieren. Leider sin ech ze speit mam Auto unkomm an daat bescht war schon lanscht. ;-(

Zodiac 02.11.2011 - 11:48
Dei huet zwar epes, leit dei nach am mier schwammen an am hannergrond dei bletzer.
Keup 02.11.2011 - 11:51
Hat mer zwar vill méi viirgeholl well top Donnerwiederen do waren mee dunn war ech emmer op der falscher Plaatz. ;-(
Zodiac 02.11.2011 - 13:06
dat kennen ech. ech wollt dest joer och probeieren dat een oder anert donnerwieder ze fotographeieren, mee et ass iergendwei neicht gin. emmer wann ech gemengt hun et geif een gudd Donnerwieder kommen war et nemmen een mini Donnerwieder wat eriwer war wann een den apparat färdeg do stoen hat an gewart huet unhappy nujee, ech gin net op. mee mengen een Donnerwieder zu Miami kritt een net all daag ze fotographeieren.
Keup 02.11.2011 - 14:52
Jo daat ass Murks. Hun der och vill verpasst. Ech wollt hei bessen vermettelen wéi gewalteg déi Donnerwiederen kennen an Florida sin. Ass mega spektakulaer an kann een sech mat mengem Bild leider net sou virstellen. Mee bon hun alles gin.
Zodiac 02.11.2011 - 15:55
Nee kann een sech net virstellen, zumols well d'leit nach gemitterlech do um strand sin wei wann guer nix wär .
Keup 02.11.2011 - 16:08
Jo d'Leit schockt daat guer net. Och wann et reent geet do keen enner Daag. En Präbeli huet och keen.
_MiAmI_ 06.11.2011 - 10:47
Am Mier as et emmer warm, also wann et reent am Mier bleiwen! closed_eye
Keup 07.11.2011 - 17:44
Genau mee den Reen war war am Fong och warm closed_eye
OK-Photography 02.11.2011 - 13:30
woah!spektakulärt Motiv, hues de daat SOU gesin?
mir gefällt virunallem den daischteren Himmel, mam daischteren Sand haifir, an der heller Straif an der Mett wou dLiewen drop as...wierklech een flotten Opbau!
gefällt mer gudd! smile
Keup 02.11.2011 - 14:48
Op ech et genau sou gesin hun villeicht net grad. Hun bessen un der Téinung gefummelt. Et war awer schon komesch daess d'Leit bei egal wéi engem Wieder do um Strand bleiwen.

Gracias BlackPanther
OK-Photography 03.11.2011 - 15:57
alright, as awer richteg gewürzt sou, net ze vill an einfach gudd!

TOP smile
Keup 04.11.2011 - 17:27
Ty smile
_MiAmI_ 06.11.2011 - 10:47
kann daat sust bestätegen Leit leien bis et massiv ufänkt mat reen um Strand, (ech och) mee eng hallef Stonn noom reen as erem alles dröschen! herrlech. smile
Keup 06.11.2011 - 22:14
Genau sou ass et closed_eye
Johny 02.11.2011 - 13:32
Trotzdem excellent Szen immens flott agefaang.
Keup 02.11.2011 - 14:46
Merci Johny closed_eye

Freet mech wann mein gehetz bis dohinner sech trotzdem na bessen gelount huet.
kruemelatease 02.11.2011 - 14:13
Fannen ech mega: Dee Kontrast: Mier, Strand,Sonn an dann am Hannergrond een Blëtz, deen och nach gutt erwëscht ass!

Bravo
Keup 02.11.2011 - 14:45
Ty Kruemelmasse (och fir den Fav) closed_eye

Metalbambi 02.11.2011 - 15:17
Ass en béisen Kontrast tëscht dem Blëtz op där enger Säit, an der relaxter Strandatmosphär op där anerer. Deen ënneschten Deel vun der Foto dréit awer am Endeffekt näischt méi zum Bild bäi, mee lenkt den Bléck éischter nees of. Géif do wierklech en gutt Stéck wech schneiden, sou dat d'Küstelinn ënnen lenks am Eck ukënnt.
Keup 02.11.2011 - 16:07
Merci Metalbambi. Majo ech probéieren se dann mol ze cropen. Setzen se dann mol verbessert online.
Shantideva 02.11.2011 - 15:36
Has du do elo sou vill Chance grad den richtegen Moment ofzedecken fir den Blëtz ze geroden oder hues du zwou Fotoen iwwerteneen geluecht? Egal wéi et ass, d'Resultat ass ganz flott. Am Platz vun der Vignette hätt ech villäicht nach bal bis un den Rand vum Waasser gecroppt (adg).
Keup 02.11.2011 - 16:13
Nee ech rechnen am allgemengen net vill mat Chance. closed_eye
Ech hat den Apparat op en Stativ gestallt, ND Filter drop gemeet an Laangzeitbeliichtungen geschoss bis et endlech na emol gebletzt hat. Duerno Filter erof an dann 1/60 beliicht fir d'Leit drop ze kréien.

Jo cropen se mol nei.

Merci villmols fir dein Komment.
gloda 02.11.2011 - 19:03
Woah. Trotz verspéidung hues de do eppes imposantes agefangen. Wéi hues de dat mam Timing hikritt? Am Dag kanns de jo net lang beliichten. Dat interesséiert mech!
Ech géif soen d'Vignette ënnen erlaanscht ass ze abrupt.
Keup 03.11.2011 - 09:32
Merci gloda closed_eye Freet mech déck. Timing war net schwéier:
ND Filter drop mat Bulbfunktioun bis den bletz komm ass dann duerno filter rof an d'Foto nach emol gemeet.

Verschaffen den enneschten Deel mol nei.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 292 Gäscht online