Extras: Beliichtung- just déi besi Sonn déi do war wann och meeschtens hannert Woleken...
Fir anzesetzen: [pg_img=59989]
Kommentar vum Fotograf:
:D haat rem besi Zäit planchen ze goen mat mengem fotoaparat, ach hun ech dat vermesst! Ech hoffen dier erfreet iech all sou vill un den Fotoen wéi ech!
usech flott, mee du hues eis schon souvill Ennerwaasserfotoen gewiss dass ech net mei richteg wees waat ech nach derzou soll soen...
se sen gudd, mee et wier secher interessant e bessi Entwecklung am Sujet ze gesin...
Bon verteidgen Michelle lo mol,as halt säi Beräich,vun aaneren gett jo o näicht gesoot,wa se rem fir 100. eng Blumm,e Käfer oder Urbex roplueden,wou deelweils o keng Entwecklungen ze gesi sin...(lo keng perséinlech Attack oder sou...)näicht fir ongudd,mee meng Meenung
huch...sollt op keen Fall eng perseinlech Attack sin odersou!!(hoffen daat as och net sou ukomm)
ech wollt domat just soen dass een och ennerwaasser Oofwiesslung kann dranbrengen - beim Urbex get jo och net emmer daat nemlecht Haus geknipst...(och wann se nom verschaffen all dselwecht ausgesin hrhrr)
fir mech wier den Challenge, Saachen duerzestellen, oder Objeten mat ran ze huelen dei net enner Waasser gehéieren oder sou zBsp...
Dier hutt Allenzwee Rescht, mee Locke, géif soen dats de en bëssen déi falsch Konklusioun zitts. Dat all déi aner ëmmer nëmmen dat selwecht produzéieren an hier Kreativitéit schon längst begruewen hunn, gëtt dir nach laang net d'Rescht, dech där Mëttelméissegkeet un ze schléissen, 't soll dech éischter motivéieren draus raus ze stiechen an et besser wéi déi aner ze maachen.
Also ech behaapte weder dass ech mech deier Mettelmessegket uschléissen,nach dass dem Michelle seng Photoen mettelmeisseg sin(well sou weis du et formuléiert hues kéint een daat mol mengen) ech hu just festgestallt, dass lo dem Michelle hei dee "Virworf"gemeet gin as an menger Meenung no keint een daat dann zu all zweetem dann hei soen... an nach en aaneren Gedanken zum Thema Mettelmeissegkeet,ech maan laang genuch UW Photoen a ka roueg behaapten,dass daat waat Michelle weisst net evident ze maan as,dofir hun ech bei deier Aussoo eben missten eps soen... näicht fir ongudd mee mengen d'Evolutioun bei deenen Photoen hei läit och an aaneren Punkten wei daat waat een als Betrachter nemmen op den éischten Bléck matkritt... sou lo awer genuch fir de Metten
vun deenen ganzen Ennerwasserserien déis Du Michèle bis elo eropgelueden hues , ass fir mech perséinlech keng drënner, déi net richteg interessant wier. Vun der éischter bis zur leschter iwwert der Moyenne. Et ass halt eng aner Fotographie déi en net esou einfach aus dem Aarm erausresselt.
Dat doten mat e bëssen méi Photoshopgespills, (ënn den et gären huet) e puer Strukturen, Wellen, Blosen asw ... an d'Resultat ass dann net nëmmen ewéi elo gutt, mä phantastesch a virun allem eenzegaarteg
Merci Locke ech sin gerührt vun denger Verteidegung! Ech wärt awer d Kritik berücksichtegen an mengen nästen Fotoen, ech hun och schon säit enger Zäit verschidden Ideen am Kapp, just guer keng Zäit se emzesetzen. Ech lieben zB dem Barbara Cole seng Chromatics oder dem liliroze säin Style. Am moment orientéieren ech mech um Wierk vum Howard Schatz, heen sot Who needs Beauty? I do! An dat huet mer wierklech gudd gefall, ech maachen gären schéin Fotoen an bislo fannen ech eigentlech net dat se langweileg gin sin, ech hun och schon Objetn (loftballonen, e spigel, orangen, en prabelli...) mat ennerwaasser gehol, mee déi sin net all sou gudd gin, vum teschneschen hier, compositioun etc. Soubal ech gudd Material hun wärt et op alle fall hei ze gesin sin
Hunn mech effektiv en bëssen onglécklech ausgedréckt, dat mat der Mëttelméissegkeet war allgemeng geduecht an net op dës Fotoen bezunn. Leider hues de och Rescht dat déi Kritik op vill ze vill Fotoen op PG zoutrëfft, mee dat ass eben sou wann een en Site huet vir Leit déi léieren, an net nëmmen eng Artgallery vir Profien (wou och erschreckend Quantitéiten un Ramsch optauchen).
Ech hunn effektiv nach ni eng Kritik bei enger vun den Ënnerwaasserfotoen hei geschriwwen, well ech schon puermol gelies hunn wéi schwéier et wier, an selwer keng Ahnung hunn wéi gutt een wat kann ëmsetzen.
Flott. Déi véiert gefällt mer am beschten well do Beweung drann ass. Ech fannen et just schued dass den Hannergrond esou steril ass. Dat passt net esou gutt bei déi flott Iddi vun der 'Forest Fairy'.
merci mam Titel haat ech och eher gemengt dat déi forest fairy aus hierem eigentlechen element an en aanert gefall as, ennerwaasser. Hei as se friem, verluer an alleng an awer nach emmer wonnerschéin wéi hier faarwen an deem friemen element liichten.
op der Websäit? nee geet och net bei mir. déi schwaarz-wäiss mat den Seeler gefalen mer gutt.
Wat mer och nach gutt gefält sinn Ennerwaasserfotoen vum Ilse Moore (http://www.ilsemoore.com/) an den Neil Craver deelweis och mega flotter (http://neilcraver.500px.com/)