Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Inuksuk

 
Inuksuk
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.10.2011
  • Gekuckt:
    15488
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    30 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x798
  • Späicherplaz:
    311 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    16-35 mm
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59853]
Kommentar vum Fotograf:
Mol eng Kéier eppes anescht aus Kanada wéi eng Landschaftsfoto :-)

Inuksuk ass eng Zort Wegweiser wou Inuit obgestallt hun fir verschidden Platzen ze markieren (dann sin et ganz kleng Stängmännescher) oder eng Richtung unzegin (dann sin se mei grouss)

2010 war en och am Logo vun den Olympeschen Wanterspiller zu Vancouver

http://en.wikipedia.org/wiki/Inuksuk
Maimonides 26.10.2011 - 21:11
Gefält mir super, Sirius.
Däin Kommentar och.
An d' Inuit wëssen wat passt.
Sirius 27.10.2011 - 08:13
Merci smile
Abacab 26.10.2011 - 21:15
Super di doten!
Sirius 27.10.2011 - 08:13
Thx fir den Fav smile
Jean-Jos 26.10.2011 - 21:55
...an awer Landschaftsbild, flott Sirius, ënnen vläicht eng Grimmel enk cadréiert, ass awer kee wierkleche bémol...
Sirius 27.10.2011 - 08:14
Ass awer keng klassesch Landschaftsfoto tongue
VeloBen 26.10.2011 - 22:02
Coolt Motiv. Muss irgendwéi un d'Ouschterinselen denken...
Sirius 27.10.2011 - 08:14
Merci VeloBen
Kwitchibo 26.10.2011 - 22:21
eng flott B/W Foto !
hues de net vun bessi mei weit eweg esou das uewen oder ennen bessi mei ze kuken wär?

mbg

M
gloda 26.10.2011 - 22:32
Méi Himmel uewen wier effektiv net schlecht.
Sirius 27.10.2011 - 08:20
Merci smile

Ech haat mech do eng gudd 1/2 h ameseiert fir verschidden Wenklen ze testen. Den Problem war dass ech wollt bessi vun den Bierger am Hannergrond dropkrein an d'Figur aus dem bestemmten Wenkel wei ob der Foto smile Wann ech mei Himmel dran haett wieren Bierger net mei drop.

An wann ech an dei anner Richtung geknippst haett dann wier een Vistitorcenter an eng Riesenseelbuhn drop smile
kobsi 26.10.2011 - 22:25
Déi Foto strahlt esou vill Fräiheet aus.. schéin!
Sirius 27.10.2011 - 08:21
Merci Kobsi smile
gloda 26.10.2011 - 22:31
Gesäit cool aus wéi déi Figur sou am Himmel steet. Den Point de Vue ass flott Gewielt. Wat mir nach feelt ass eng Referenz zur Gréisst. Iergeneppes wouvunn ech d'Gréisst kennen, eng Persoun zum Beispill, géif mer hëllefen mir am Kapp vir ze stellen wéi grouss déi Figur do ass. Am Moment wierkt se op mech wéi wann se 30 Meter grouss wier, mä dat kann jo bal net sinn denken ech mer. Wann et awer esou ass dann wier eng Gréisstereferenz génial well d'Figur dann och direkt méi grouss an imposant wierke géif, wat den Bléckwénkel jo schon undeit.
Sirius 27.10.2011 - 08:22
Daat war genau meng Idee, wollt dass Figur am Himmel steet awer mat Bierger am Hannergrond smile

Also 30 Meter haat dei Figur net tongue..........Geng soen dass se tescht 4-5 m grouss war.

An Merci fir den Fav smile
gloda 27.10.2011 - 08:28
Do muss ech dech leider enttäuschen, ech hat mech verklickt. Mä kuck der roueg eemol meng Favs un, da gesäis de wat fir mech e gutt Bild ausmécht.
Sirius 27.10.2011 - 09:02
Ok smile
Jeanny 27.10.2011 - 06:18
de geseet esou riesech aus
ganz flott fotograféiert an SW passt
Sirius 27.10.2011 - 08:23
Merci Jeanny smile
Zodiac 27.10.2011 - 07:51
Super Bildopbau an och S/W bearbeschtung gefällt mer hei.
Sirius 27.10.2011 - 08:23
Merci Zodiac

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 536 Gäscht online