Gefält mir ganz gutt: D'Faarwen, den Opbau awer besonnesch d'Spigelung, déi de Bléck op eng zweet, méi verschwommen an dofir méi geheimnisvoll Vue opmécht!
Cool. D'Blat kënnt duerch den Faarfkontrast gutt eraus. D'Dräierregel hëlleft do och nach eemol mat den Bléck ze guidéieren. Schued dass déi gréng Blieder net dat ganzt Bild anhuelen, dann wier d'Foto méi homogen.
D'Blat schéngt mer liicht iwwerbeliicht, awer et ass net schlëmm.
Merci gloda.
Also ech fannen grad déi diagonal Opdeelung vu gréng/nët gréng hei interessant, doduerch datt d'Spiggelung um Waasser erauskënnt. Mee och esou wéi's du et beschréiws wier et eng interessant Foto....do hätt ech missten d'Blaat réckelen, an da wier ech dragefall
Ech kann um Raw sécher nach d'Blaat e bëssen zréckhuelen...
Eng flott Foto. Et gefält mer dass een dei Detailer huet, d'Blat an dei kleng Planzen, an awer déi grouss Beem an der Spigelung och gesäit. Ech hätt just fléit uewen een halwen cm oder 1 cm oofgeschnidden fier dass dei greng Plantzen bis ganz un den Bord gin. Hei kritt een d'Gefill dass den Weier do obhällt, aancht kriit een mei d'Impressioun wei wann et nach geif weit weidergoen mat deem grengen Teppesch.