Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mr. Martin

 
All Fotoen an dëser Serie:
22556 Thumbnail
22557 Thumbnail
22558 Thumbnail
22559 Thumbnail
22560 Thumbnail
Mr. Martin
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.10.2011
  • Gekuckt:
    44419
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    51
  • Originaldatum:
    lo kuerz
  • Fotoapparat:
    50D nach emmer
  • Objektiv:
    50mm1.8 Portrait Objektiv
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
Extras:
en falschen Objektiv, bessi Zait, vill Spaass!

Fir anzesetzen: [pg_img=59794]
Kommentar vum Fotograf:
Study of an impressive car.

gesait zimlech gudd aus, mat der Carbon Folie drop...

*edit*(wann d'Zeechen richteg gedeit sinn, as et een ASTON MARTIN V8 Vantage CARBON EDITION ouni Flent allerdings..)

Focus 24.10.2011 - 14:44
I like
OK-Photography 24.10.2011 - 14:52
yeah! bigsmile
ZachOry 24.10.2011 - 14:52
top smile di eischt as definitiv mein fav
OK-Photography 24.10.2011 - 14:54
fannen dei och flott, do sinn dei meeschten Detailer drop komm!

op där 3. gesait een dass en eng Téitsch an der rietser Sait huet (as keen Sensorfleck!) closed_eye
Zodiac 24.10.2011 - 15:12
Eng Flott Serie, wei aus engem Werbeprospekt. hun hei keen Favorite, well se sin all richteg gudd.
Mee dei Saach mat der Folie ass emmer esou een Thema. Hun mer dat eng Kéier mei genau bei engem BMW oder beim Focus RS am schwarz matt ungekuckt ungekuckt, an dat ass oft net proper gemach. sad Mee dat huet lo net direkt epes hei mat denger Foto ze din! Do stemmt Qualitéit nämlech. smile
OK-Photography 24.10.2011 - 16:15
merci closed_eye

joh, effektiv gesait een schon op den Fotoen puer Scheinheetsfehler...dei kleng Téitsch fällt durch dMuster immens op, an och Kratzen sin an der Folie net ze flicken....
wier besser daat Ganzt direkt aus Carbon ze maachen, op daat bessen kent et dann och net mei un... (Ironie) tonguetongue
Fennec 24.10.2011 - 15:17
schein Detailreich, bei der 1. as och en klengen Kraatzer op der Kant ennert der Luucht.
Gud geschafft smile
Wei en Model as et?
OK-Photography 24.10.2011 - 16:18
frekk...den haat ech mol nach net entdeckt!closed_eye

Merci smile

absolut keen Plang waat et vun Auto as...spontan giff ech mengen en Vantage Coupé - mee kennen mech mat Autoen net aus...closed_eye
diddylux 24.10.2011 - 16:31
vun luuchten hier as et ee DBS
mmphotos 24.10.2011 - 17:35
Geif och eichter ob den DBS tippen.
diddylux 24.10.2011 - 21:48
engem kolleg säin Papp huet een am wäissen an jo, sin dofunner iwerzeegt, dass et nemmen een DBS kenn sin, well dat as den eenzegen Aston deen duerchsichteg Reckluuchten huet.
DeJeff 25.10.2011 - 14:47
gleew ma , ass v8 vantage closed_eye
ass halt bessen emgebaut smile
Jaycee 27.10.2011 - 22:26
endlech én den déi Aston richteg identifizéiert huet, ass effektiv eng V8 Vantage...

P.S. Ech sin schon Aston Martin gefuer wéi dir nach all an d'Box gepisst hutt... closed_eye
DeJeff 28.10.2011 - 17:43
ech sin an deem do matgefuer an hunn baal währenddeems an d'box gepisst closed_eye
Jaycee 30.10.2011 - 10:06
wéinst dem rauen Sound?.... closed_eye
DeJeff 30.10.2011 - 18:14
ioo enner aanerem closed_eye
DeJeff 24.10.2011 - 21:14
ah deen auto kennen ech ioo closed_eye

ass en v8 vantage closed_eye
OK-Photography 24.10.2011 - 22:28
hm...dMeenungen gin auserneen! bigsmile
ech hun nemmen Detailer geknipst, an en haat hannen net drop stoen wien hien as (lenks an riets war zougeparkt)

DBS hun ech net gemengt well em dei sëlwer Laischt wou op der 4. Foto ze gesinn misst sin, fehlt.

widderhuelen mech: KEEN PLANG smile

(Gesinn um Lampertsbierg, rue de la Faiencerie)
diddylux 24.10.2011 - 23:05
den witz as deen... all aston as een vantage closed_eye
DeJeff 25.10.2011 - 14:51
ioo mee net all vantage ass en dbs closed_eye
diddylux 25.10.2011 - 18:37
nee... plattform as een Vantage closed_eye
DeJeff 25.10.2011 - 19:52
closed_eye
aston martin huet souwisou nemmen schein autoen smile
diddylux 25.10.2011 - 21:37
genau closed_eye it's so british! closed_eye géing mech reitzen wéi eng italienesch Sardinenbecks closed_eye
Jaycee 27.10.2011 - 22:30
dem Vantage seng Plattform ass d'Baby-Aston Plattform an huet näischt mam DBS oder DB9 Chassis ze din.
BlackLizzard 27.02.2013 - 20:41
Hm, daat kann een net esou stoen loosen.

Et ass net all Aston och en Vantage.

Den Zousatz Vantage war am Ufank nëmmen vir déi leeschtungsgesteigert Versiounen vun engem Modell virbehaalen.

Dat as 1951 ugang mam DB2 Vantage. Anschliessend koum den DB4, DB5 an DB6 Vantage. An den 70er an 80er Joeren ass dun den Modell V8 och an enger Vantage-Versioun eraus komm.

1992-2000 ass dun deen eischten Modell ënnert der Bezeechnung V8 Vantage an enger Stéckzuel vun insgesammt 280 Autoen gebaut gin.

Den aktuellen V8 Vantage ass den Basismodell vun Aston an bezeechent net méi déi stärksten Versioun vun enger Baureih.

En DB9, DBS, Rapide oder Virage droen net den Zousaatz Vantage.

Daat hei sinn awer Super Detail-Fotoen déi all Fan vun dëser mythescher Autosmark mussen gefaalen.
diddylux 24.10.2011 - 23:00
den witz as deen... all aston as een vantage closed_eye
Locke 24.10.2011 - 15:57
och ouni Folie as e schéin closed_eye
OK-Photography 24.10.2011 - 16:19
an séier,
an deier,
nach derbai,
huelen ech mol un smile
diddylux 24.10.2011 - 16:31
an fotoen gesin och gudd aus smile lieben déi Mark closed_eye
OK-Photography 24.10.2011 - 22:29
closed_eye thx
krautheim 24.10.2011 - 16:54
Immens Studie! Stéiert mech dat Stéck gréng Wiss op där 2ter? Wees net closed_eye
OK-Photography 24.10.2011 - 22:30
huch FAARW!!! du sees et! as mer entgaang, amfong wollt ech et am kaalen, liicht bloen, s/w haalen...do passt dWiss effektiv net dran, dono get gekukt!

Merci Jim! smile
Loki 24.10.2011 - 17:03
Ooooooh very nice! I like! Ech fannen Autoen notoresch schwéier ze knipsen, ech gesin du hues vill méi Uluescht an Ahnung vum Cadrage etc, nicely done, ech sin impressionéiert! smile
OK-Photography 24.10.2011 - 22:31
hmm...kent mer net oft fir dass ech mech mat Autoen beschäftegen (ech sinn eischter fir den Velo, du wees:P) mee war een interessanten Lack fir mat opener Blend ze knipsen..closed_eye

Freet mech dass der dFotoen eppes soen! closed_eye

Merci Ralph!! bigsmile
Schluck 24.10.2011 - 17:04
Dein neien Auto ? Ganz flott!
OK-Photography 24.10.2011 - 22:33
hrhrrrr, en huet net mei an dGarage gepasst, dofir hun ech en alt virun der Dier knipsen mussen....
nächste Kéier reckelen ech main naien "Sport Utility Vehicle" e bessi, dann passen dei zwee och (vlait) niewteneen eran...tongue
Abacab 24.10.2011 - 18:01
Esou flott a scharf Détailopnahmen fennste emol net an engem Hierstellerkatalog closed_eye Extrem flott!
OK-Photography 24.10.2011 - 22:34
hui... tongue
dobai huet main Objektiv mech just 100Euro kascht...closed_eye

FREET MECH ze liesen! smile
chappi 24.10.2011 - 18:36
BlackPanther, bei Aston Martin as daat normalweis keng Folie do as daat een spezillen lack!
kriss de och well bei mercedes op sepziell unfroo waat esou em dei 20.000€ oder esou (keng genau ahnung!!) extra kascht!

mee egal soos sin fotoen ower top!!
OK-Photography 24.10.2011 - 22:36
Alrighty! ech hun weigesoot absolut keng Ahung vun Autoen (sen bessi iwwerrascht dass dFotoen hai sou een Uklang fannen....xD)
giff mech zwar interesseiren wei een daat als LACK hin kritt....op hierer HP sin verschidden Autoen awer effektiv als Carbon Look ze bestellen....

mengen op daat bessen, kent et do och net mei un...tongue

merci Chappi smile
marker 24.10.2011 - 20:56
..flott Study an coolen Auto.., mais leider net main.. unhappy
..d'Biller gefalen mir ganz gut..!!
OK-Photography 24.10.2011 - 22:36
hui, freet mech ze heiren!
MERCI!! closed_eye

PS: waat net as, kann nach kommen....mat der Crise, wees een nie waat wou nach rausfällt... tongue
kruemelatease 24.10.2011 - 21:03
Flott, dass du mäin nächsten Auto fotograféiert hues ... hahaha, de Klassiker-Witz schlecht hin smile

Mä am Eescht, flott fotograféiert !!! Top !
OK-Photography 24.10.2011 - 22:37
tongue
Kanns der se jo schon mol gerummt an dStuff henken, fir dei aner drop ze prepareiren....hihi closed_eye

Merci gesoot smile
DeJeff 24.10.2011 - 21:15
immenz flott fotoen smile
OK-Photography 24.10.2011 - 22:37
as et dain? tongue

thx
DeJeff 25.10.2011 - 14:47
schein wier et closed_eye
BlueRic 15.01.2012 - 21:54
Ech haat des nach net gesin. Déi sin net schlecht. Mir gefällt d'Struktur ganz gutt, zumols esou am SW.
OK-Photography 15.01.2012 - 22:17
hehe closed_eye merci fir den Bleck an meng Galerie - waren spontan fotoen - muss mech mol nach enka mam Proprietaire an verbindung setzen fir en richtegen shooting mat dem Auto ze machen! smile
BlueRic 16.01.2012 - 00:10
Jo dat ass natierlech relax wanns de de Proprietaire kenns. Da brauchs de nach eng passend Location.
BlackLizzard 27.02.2013 - 20:42
Top Detail-Fotoen vun engem Super Auto.

Vir all Interessenten vun AM hei en flotten Site mat Infoen an Biller.

http://www.astonmartins.com/

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 387 Gäscht online