mir gefällt den glanz op der Haut ganz gudd....D'Aen e bessi manner (Oderen)....an (détail) d'Brettel vum Soutien dréint sech....dorobber passen Ech mettlerweil op
Freet mesch dass der d' Photo alles an allem gefaellt. Jo d' Oderen an den Aan wollt ech net ewech machen, d' Chris huet ebeschen Oderen an den Aan, sie woren awer roud an ech hun se desatureiert, fir dass se net zevill obfaalen.
Iwert d' Bretell hun ech mesch herno och geirgert well ech passen normalerweis och dorobs ob, mee vieleicht wor ech ebeschen oofgelenkt
Do hues de ganz recht, ech stin awer zu mengen Fehler an wollt mesch net mei lang domadder ameseieren.
Dei Leit dei elo just ob d' Brëttel kucken din mir leed.
Et ass richteg, et haett net misten sin, mee alles an allem fannen ech et awer och net schrecklech dramatesch.
Den m-otiv huet dat gudd gesin, mee hien hued awer och mei wichteg Sachen ugesprach ewei d' Lucht z.b etc..
Ech schléisse mech un. D"Brettel ass eben 'domm gaangen' mee ech fannen awer och dass daat net an d'Gewiicht fällt. Fannen di Foto tiptop opgebaut, ausgeliicht an verschafft. Kompliment!
Et freet mesch dass des Photo dir esou gudd gefaellt.
Ech denken och net dass den m-otiv dei Brëttel elo hei iwerbewert.
Sie ass eben ugesprach gin, an dat ass och ok, sans plus.
Ganz lakelech duergestallt, wei solls et och anechteres machen, mat esou enger scheiner Joffer. Mir gefällt och deng Bearbechtung.
Kee Wonner dat's de ofgelenkt wors, an d'Brettel net gesin hues, bei sou scheinen Aen
fein dass dest Bild dir gefaellt.
Ech fannen dass d' Postproduktion bei esou Biller och wichteg ass. Wann een am Studio oni Accessoiren schafft dann bleift just nach den Model, an dat muss passen.
Ech well awer net domadder soen, dass ech beim Chris nach hun vill misten machen. Mat him ass et zimlech einfach.
Dëse Portrait gefält richteg gutt! E schéint Meedchen excellent an Szene gesat! Endlech emol eent wat net esou ausgesäit wéi wann et frësch aus dem Kierchechouer géif kommen
Flott Photo an Model, an och d'Pose an d'Beliichtung gefaalen mer, dat mat der Brëttel asss domm gangen mais ët versteht een virwaat's de offgelengt woar
Freet mesch dass d' Photo dir gefaellt.
Wei gesoot, ech hun mesch dermoosen misten ob den Cadrage konzentreieren, dass mer dei Brëttel net obgefall wor.