Also wann een et sou onschaarf mëcht, an awer kloer gesäit dass e Muster dran ass, ass et denken ech ganz express esou gemaach. Schaarf wir dës Foto net ugeholl gin warscheinlech
Also iert lo jiddereen sech hei iwert déi Photo opreegt: ech denken dat war mat Sëcherheet gewollt dass se sou onschaarf ass. Ech mengen bei der dote Photo gesäit jo effektiv jiddereen dat direkt. Ech giff och fannen dass ët eng interessant Photo ass fir an d'Kategorie Abstrakt. Op lo jidderengem dat gefällt, dat ass eng aner Saach. Ma ët ass dem Annick hei jo bestëmmt nët drëm gaangen fir eng schaarf Photo ze maachen, mee fir e Bild ze präsentéieren wat him gefällt.
Ët muss nët ëmmer all Bild schaarf sin!!! Ët muss e just ënnerscheede kënnen wou Onschärft gewollt ass, a wou d'Photo wiirklech onschaarf gin ouni dass ët gewollt ass.
do hues de recht, well fier eng photo sou onschaarf ze kreien ass och net sou einfach mee dei wer wieklech besser gewiecht ennert "agstrakt", obwuel een awer zimmlech gudd erkenne kann waat et ass
@olimi: firwat soll eng onschaarf foto net acceptéiert gin? hei as et jo ganz kloer dass déi onschäerft gewollt as an ech fannen se och nach super! well dat motiv ass esou ofgelutsch dass et mech nervt wann ech esou biller gesin. einfach bessi um fokus gedréit a scho schwätze leit driwwer! fannen ech super!
't annik huet hei gewissen dass et ee minimum u kreativitéit huet an dass et deen ëmsetze kann ouni mussen op déi sache wéi "al bild muss schaarf sin, all bild muss riit sin, all bild muss hei a muss do!!!..." cool einfach!
Bon... dann ass et wahrscheinklech gewollt... wann et him gefällt... keen probleem domadder... mee ech hun et net als abstrakt ugesin, weder als schein.. daat ass vllt net leif formuleiert, mee fannen et einfach net gudd daat bild... mais bon...
Jo d'Onschärft ass deefinitv gewollt An jo mir gefällt d'Photo, soss hätt ech se wuel net eropgelueden Jo gesinn Meenungen ginn ausereneen... Wéinstens gefällt et alt e puer Leit