Also, wann ech dat soe däerf; fir mech sinn hei 3 verschidde Klassen vun Fotoen derbäi.
3 a 4 si fir mech top, si bestiechen einfach duerch déi speziell Perspektiv.
5 ass scho méi "normal", zwar ëmmer nach gutt, awer haaptsächlech wéinst de Faarwen.
1 a 2 hätt ech net dropgesaat. Déi si mir ze einfach, a bei 1 gefält mir virun allem deen onschaarfe Fous net.
Ech war awer och op Däi Site kucken, an hätt aplaz vun 1 a 2 op d'mannst eng vum Bassist dropgesaat - einfach well deen richteg impressionant ausgesäit, wann hien mat sengem Baart esou déif iwwert der Gittar hänkt ;o) ...a vläicht nach déi "Fisheye" am helle Liicht, wou de Leadgitarrist an d'Luucht sprengt - och well déi e wéineg Ofwiesslung an d'Serie bruecht hätt.
Mä, "the choice is yours", natierlech.
Jiddefalls 3 a 4 sinn definitiv meng Favoriten. :o)
Salut Cypress, natierlech däerfs de, ech sinn ëmmer frou iwwert konstruktiv Kritik!
Déi 3., 4. an 5. hun mir och am beschten gefall an wollt ech och Onbedingt drop setzen.
Lo wou's du ët sees stéiert mech den onscharfen Fouss ob der 1. och ... dat woar mer mol net sou obgefall. Déi 2. huet mer gefall weinst den Foarwen, mais speziell ass se nët.
Vum Bassist woar keng dobéi wou mech iwwerzegt huet dofir hun ech keng vun him dobéigesaat.
Ech wollt am Unfank déi am Geigenliicht mam Fouss an der Luucht bei setzen, déi wier besser gewiescht wéi déi 2. ... déi wou's du sees mam Leadguitarist an der Loft hun ech net geholl wëlls de hien net vun vir gesäis mais du hues Recht, si haet nach méi Dynamik bruecht.
Déi 5. huet mir sou gutt gefall wéinst der Luucht an der Expressioun.
Wann een ët nët keint besser machen wier ët Perfekt Jeanny an vu que dass ët nie eng 100% Perfektioun gët ...
Mais dorëmms geet ët mir nët ... d'Haaptsach ech hun Spass un der Musék an un der Photographie. Waat mer wichteg ass, ass fir dem Betrachter déi Emotiounen, Energie, d'Ambience eriwwer bréngen ... wann mer dat gelénkt sinn ech zefridden
Merci Henry, wéi ech schons dem Jeanny soot, ech probéieren ëmmer beizeléieren an mech weiderzentwéckelen ... an ausgeleiert huet een nie an grad dat ass dat flotts un der Saach. Freet mech dass een d'Fortschrëtter gesäit!!