Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

And So I Watch You From Afar

 
All Fotoen an dëser Serie:
22242 Thumbnail
22243 Thumbnail
22244 Thumbnail
22245 Thumbnail
22246 Thumbnail
And So I Watch You From Afar
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.10.2011
  • Gekuckt:
    32618
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Originaldatum:
    05.10.2011
  • Fotoapparat:
    Canon EOD 1D Mark IV
  • Objektiv:
    Verschiddener
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59428]
Kommentar vum Fotograf:
Hei ee puer Biller vun And So I Watch You From Afar vun ee Mëttwoch aus der Rockhal. Den Recht vun den Biller fannt der hei:

And So I Watch You From Afar @Rockhal (Esch/Alzette) 05.10.2011
Miisamm 07.10.2011 - 23:35
Hey dei haat ech als virgrupp vun den crooked vultures gesinn.

Cool serie fir eng cool Band smile
Schluck 08.10.2011 - 13:16
Ah ... woaren si dat och ... konnt mech mol nët drun erënneren, woar ee coolen Concert an si hun mir gudd gefall, merci Miisamm
Cypress 07.10.2011 - 23:43
Also, wann ech dat soe däerf; fir mech sinn hei 3 verschidde Klassen vun Fotoen derbäi.

3 a 4 si fir mech top, si bestiechen einfach duerch déi speziell Perspektiv.
5 ass scho méi "normal", zwar ëmmer nach gutt, awer haaptsächlech wéinst de Faarwen.
1 a 2 hätt ech net dropgesaat. Déi si mir ze einfach, a bei 1 gefält mir virun allem deen onschaarfe Fous net.
Ech war awer och op Däi Site kucken, an hätt aplaz vun 1 a 2 op d'mannst eng vum Bassist dropgesaat - einfach well deen richteg impressionant ausgesäit, wann hien mat sengem Baart esou déif iwwert der Gittar hänkt ;o) ...a vläicht nach déi "Fisheye" am helle Liicht, wou de Leadgitarrist an d'Luucht sprengt - och well déi e wéineg Ofwiesslung an d'Serie bruecht hätt.

Mä, "the choice is yours", natierlech.

Jiddefalls 3 a 4 sinn definitiv meng Favoriten. :o)
Schluck 08.10.2011 - 12:52
Salut Cypress, natierlech däerfs de, ech sinn ëmmer frou iwwert konstruktiv Kritik!

Déi 3., 4. an 5. hun mir och am beschten gefall an wollt ech och Onbedingt drop setzen.

Lo wou's du ët sees stéiert mech den onscharfen Fouss ob der 1. och ... dat woar mer mol net sou obgefall. Déi 2. huet mer gefall weinst den Foarwen, mais speziell ass se nët.

Vum Bassist woar keng dobéi wou mech iwwerzegt huet dofir hun ech keng vun him dobéigesaat.

Ech wollt am Unfank déi am Geigenliicht mam Fouss an der Luucht bei setzen, déi wier besser gewiescht wéi déi 2. ... déi wou's du sees mam Leadguitarist an der Loft hun ech net geholl wëlls de hien net vun vir gesäis mais du hues Recht, si haet nach méi Dynamik bruecht.

Déi 5. huet mir sou gutt gefall wéinst der Luucht an der Expressioun.

gi87 08.10.2011 - 01:05
Wow,nees eng supergail serie, 5 vun 5' do gefallen se ma allegeurten, eng besser wei dei anner smile Photo 4 an 5 sen meng perseinlech Favoriten. smile
Schluck 08.10.2011 - 13:30
Merci Gianni, fir mech déi 4.
Jeanny 08.10.2011 - 09:41
wat wëlls de mäi,
Schluck 08.10.2011 - 13:18
Merci Jeanny, wat wëll ech méi ?? Bäiléieren an mech weiderëntwéckelen Jeanny ...
Jeanny 08.10.2011 - 16:21
An dat kann e nach besser maachen, ka mir dat bal net virstellen
Schluck 08.10.2011 - 18:05
Wann een ët nët keint besser machen wier ët Perfekt Jeanny an vu que dass ët nie eng 100% Perfektioun gët ...

Mais dorëmms geet ët mir nët ... d'Haaptsach ech hun Spass un der Musék an un der Photographie. Waat mer wichteg ass, ass fir dem Betrachter déi Emotiounen, Energie, d'Ambience eriwwer bréngen ... wann mer dat gelénkt sinn ech zefridden

Jeanny 08.10.2011 - 19:44
eng wonnerbar Astellung Schluck, maach weider esou.
Pixelman 08.10.2011 - 11:58
immens vill Dynamik an dengen Opnahmen, do héiert én Gitaare richteg jéitzen.
Schluck 08.10.2011 - 13:11
Villmols merci Pixelman, probéieren ëmmer d'Energie vun sou engem Concert eriwwer ze brengen
Poly 08.10.2011 - 18:39
du beherrschs dat doen wonnerbar smile
Schluck 09.10.2011 - 15:15
Villmols merci Poly! Mëscht mer vill Spaass an ginn mer ëmmer vill méi
He-Lx 09.10.2011 - 14:06
Hei gesäit een praktecsh de Schweess. Deng Concertsbiller gin nach èemmer besser.
Schluck 09.10.2011 - 15:17
.
Schluck 09.10.2011 - 15:17
Merci Henry, wéi ech schons dem Jeanny soot, ech probéieren ëmmer beizeléieren an mech weiderzentwéckelen ... an ausgeleiert huet een nie an grad dat ass dat flotts un der Saach. Freet mech dass een d'Fortschrëtter gesäit!!
Nathalie 09.10.2011 - 18:02
Erem eng immens flott dynamik an dengen fotoen Schluck, wei emmer top smile
Schluck 13.10.2011 - 11:26
Och dir een décken Merci
Fennec 10.10.2011 - 11:52
super flott, herrlech dynamik, top
Schluck 13.10.2011 - 11:26
Merci gesoot Fennec, freet mech

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 411 Gäscht online