Mir gefält d'Iddi hei ganz gutt. Och de Schwonk an de Stämm ass flott. Déi massiv Féiss vun de "Frënn" wierke beandrockend.
Ech fannen awer, datt d'Äscht um Buedem fir Onrou suergen. Si leien de Beem an de Féiss. Hätt een se sollen raumen? ( Uff, vill Aarbecht! )
Ech ginn och ëmmer gär an de Bësch, sinn awer meeschtens frustréiert iwwer d'Fotoen, déi ech do maachen.
Wahrscheinlech sinn ze vill Beem am Bësch!
Mech hun déi Féiss do och ugezunn...d'Äscht um Buedem stéieren mech elo nët esou vill héi, déi gehéieren einfach dozou...mee deng Iddi ass nët schlecht: d'nächste Kéier gi mer zesummen, du raums d'Äscht an ech machen d'Fotoen
Et ass awer effektiv schwéier am Bësch zu ordentleche Fotoen ze kommen...no der Perspektive hei hun ech och e gudde Moment laang missten sichen...
Also ech fannen dei heiten eng vun dengen gelongensten Bëschfotoen!
Trotzdem gin ech dem Jorsch recht wat d'Aescht ugeet. Iwrigens och dei Blieder uewen riets. Fir mech ass den Konzept vun der Foto d'Abstraktioun, an dei ass super gelongen am mëttelsten Deel vun den Stämm. A bei enger Abstraktioun steieren nun mol all Sachen dei een "direkt erkennt".
...esou gesin kënnt dir 2 natierlech Recht hun - wann ech Zäit hun probéieren ech mol digital ze botzen - e bëssen eppes misst do nach méiglech sin; oder mir fueren alleguer hannescht d'Äscht reckelen