Kommentar vum Fotograf:
Eng Série wou ech einfach drop gehaalen hun se ropzelueden.
Et geet mer engersaits drems d'Déieren un sech wëllen ze weisen, mee virun allem hun ech versicht den "Feeling" vun der Beweegung bessen riwerzebréngen andeems ech mat relativ kuerzer Verschlosszäit geschafft hun fir den Mouvement sou gudd et gee "anzefréieren".
Sou gesait et also aus wann een an d'oppend Mier spréngt an engem eng gudd 25-30 wëll Delphiner mat bis zu 50 km/h entgéintgeschwommen kommen.
Ka jidferengem just un d'Hearz léen déi Erfahrung eng Kéier ze maan. As schon ganz groussen Kino. Ech preziséieren dass daat heiten NET an irgend engem Geheeg stattfonnt huet, mee Mëtten am Atlantik, +/- 20 km vum Festland a bei ronn engem Kilometer Fong.
P.S. An NEEEEEE, et as NET wéi an de Filmer, se loossen sech NET upaaken. ;-)