Richteg gudd déi do ! Den Virdeel un HR/Metal asw. as datt's de do esou Foto'en weinstens kanns machen. Bei engem Concert vum Pavarotti oder den Fischer-Chöre läit Chance do bei quasi 0 %
P.S : Wousst mol nët dat et Grave Digger nach gin , haat mol an den 80er Plakken vun deenen
Dofir mëcht Metal och souvill Spass, et ass ëmmer vill Bewegung, schrill Outfits an mega Expressiounen ... an fir mech och d'Musék. Ech kéint mer eierlech lo nët firstellen zb. d'Lady Gaga ze knippsen, och wann et bëstemmt optëch an Photographech interessant wier, mais dat ass nët meng Welt.
Effektiv, Grave Digger gët et nach, hat awer och schon lang näischt méi vun hinnen héieren
Yes, einfach nees Top gin , bei dengen Biller brauch en mol net mei den User ze gesin ween geknippst heut, heus et ferdeg breucht wiekleg wei deng eegen Signatur an dengen Biller Festzehaalen an emmer nees Qualiteit ze liweren, fannen dat Bemiekenswert ! Zu da Foto, fannen ech Perspektiv dei ganz vill Hierget, de Blëck ass och gud festgehalen gin ! Top !
Merci Gianni, ech probéieren main egenen Still ze hun an ët freet mech ze héieren dass mer dat gelengt. Ech hun missen ee puer Biller woarden bis ën de Bléck gehuewen huet, an wéi een mech gesinn huet hun mer allen zwee missten laachen. Woar ee coolen Owend