Hm ... neen, ech sin éierlech mat der, déi heite gefällt mer lo nët sou.
Verschidde Grënn:
1. Blumm ass nët sou schéin
2. Faarwen si nët sou schéin
3. Ausschnëtter gefale mer nët sou
4. Hannergrënn hun en ënnerschiedlechen Toun
5. déi zwee kleng Biller sin ze kleng fir nach eppes gudd ze erkennen. Ët strengt een sech onweigerlech un fir méi genau eppes ze gesin.
Mee bon, doduerch dass de probéiers léiers de jo och selwer a gesäis wat de Leit gefällt a wat nët, an dorop kënnt ët jo schliesslech un gell
mio ech wees och lo net waat mat deser foto hei geschitt ass, well wei ech se bearbescht hun war se nach ganz kloer, sou wei bei der vun firdrunner...wees net wat mir do passeiert ass....si war firdruner ganz kloer...wees du vleit net waat do geschitt keint sin?...
Wat mengs du genee mat kloer?
Also wat d'Faarwen ugeet, do huelen ech einfach mol un dass dës Blumm eben nët grad sou kräfteg an de Faarwen war wéi déi aner, oder ass ët eng an déiselwecht? Ausserdem kéint ech mer och virstellen dass hei duerch den Hannergronn (den leider nët iwerall wiirklech unis ass, a richteg wäiss ass) d'Faarwen iergendwéi méi blatzeg wierken. Op der anerer war jo keen Hannergronn, do has de jo just d'Blumm mat de Blieder wou déi 4 Biller jeweils ganz ausgefëllt huet.
io, oki daat ass wouer dass fuerw vun deser blumm net su hell an krefteg waren wei bei der annrer....mee bon....kuken dann fir dei next besser ze maan...merci awer fir deng fill komentarer bis elo... huat mer wirklech besi geholef..