Kann ët sin dass de Schiessentümpel hei e bëssi zu engem Schiefentümpel gin ass
Kënnt mer nämlech vir wéi wann d'Photo e bëssi no riets hänke giff. De cadrage häss de vlaicht och nach liicht besser maache kënnen, d'Bréck z.B. nët ofschneiden oder eventuell am Héichformat huelen. Ass dat hei déi eenzeg wou's de dovun gemaach hues, oder kréie mer nach anerer ze gesin?
Nee, wéi ech well uewen lo geschriwwen hun, et kennt warscheinlech nach di eng oder aaner Foto no, ech hun der och nach wou d'Bréck drop ass mee ech mengen bei denen ass d'Waasser dann ennen net sou gudd gin ... Daat se schief ass fällt mer lo och op, awer nemmen wells du et lo soos
Merci fir de Kommentar
Do muss ech lo leider kriddeleg sin: ech sin bëssen enttäuscht, well ech mir d'Foto als vill besser virstellen, wann d'Bréck ganz drop wär, oder bëssen aanescht ofgeschnidden. Et as natierlech och net einfach do gutt bäizekommen op verschiddenen Plaatzen, mee wann een naass Féiss riskéiert kritt een flott Perspektiven do!
Mir gefällt wéi d'Waasser rauskënnt, mat där Beliichtungszäit.
Mee ech sin kriddeleg, well do as eng perfekten Foto méiglech, wann een sech eng gutt Aussiichtsplaatz erkämpft wou en besseren Wénkel an en aneren Cadrage méiglech as.
Wann ech am Summer endlech mol rem a Lëtzebuerg sin, probéieren ech mäin Gléck och mol rëm do, an dann kanns du och extra kriddeleg bei mir sin.
Hoppla, lo sin ech awer nët méi den éischten an eenzegen Kommentar.
Also fir d'éischt mol Merci fir de Kommentar!
Waat d'Perspektive ungeet sin ech mer secher daat een daat besser hätt kinnten maachen, ech wollt awer keng naass Féiss kreien Ech hun och nach verschidden Fotoen wou d'Bréck mat drop ass, kucken mol, vlait lueden ech an puer Deeg eng Kéier eng dofun rop.
war och schon mol do
haat ech der jo mengen ech erzierlt, mat den touristen dei mech gesteiert haaten, dei einfa net fort wollten ;)
waren bei dir keng do? schengt jo mol net
[sry wann ech ni eppes iwwer d fotoen schreiwen, mee hun e probleem mam pc, ech gesin se just an der iwwersiicht, also nemen ganz kleng, an wann ech se uklicken gesin ech se iwerhaat net :S wees net u waat et leit :/]
aah hu grad rausfonnt as och op denger hp mom kucken se mol un ;)
Merci
Majo dee Problem deen's du mat den Touristen deemols haas haat ech des Kéier och Op deser Foto hun ech uewen riets am Eck missen eng Fra wegretouschéieren, mengen et geseit een et bessen wann ee genau hinkuckt
Wéi ech grad déi richteg Positioun fond haat fir d'Foto ze maachen koum e Bus mat Touristen un an ab dun war d'Bréck iwwerlaaf, dofir hun ech dun nemmen nach ennen d'Waasser fotograféiert