Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

trains qui passent

 
All Fotoen an dëser Serie:
20215 Thumbnail
20216 Thumbnail
20217 Thumbnail
20218 Thumbnail
trains qui passent
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.08.2011
  • Gekuckt:
    16733
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    27
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=58132]
Kommentar vum Fotograf:
E Versuch, d'Beweegung vun den Zich am Bild festzehalen.
Location: Gare Betzder.
Nr. 1 an Nr. 2 sinn en aneren Dag, zu enger anerer Dageszäit a bei anerem Wieder gemaach ginn ewéi Nr. 3 an Nr 4, d'Stëmmung ass komplett verschidden.
Maimonides 15.08.2011 - 00:44
Ganz schéin an interessant Serie, jorsch.
Dat quasi Parallelt vum "Geeschter"-Zuch
mat der "Oberleitung"
ass de Kick.
jorsch 15.08.2011 - 20:44
Merci fir däi Kommentar.
Geeschterzuch ass gutt gesot, ech hu mech nämlech gefrot op den Zuch net e bëssen ze vill geeschterhaft wier.
Mä bei deene heite Opnamen huet een nëmmen eng Chance pro Zuch, soss muss een den aneren Dag erëm kommen!
bigmama19420205 15.08.2011 - 08:31
fannen ech super, smile
(wei hus du do dein Aparat agestallt, wann ech foen därf?)
jorsch 15.08.2011 - 20:57
Merci fir däi Kommentar an de Fav!
D'Fotoe sinn all Owes opgeholl ginn, bei Nr.2 war et bal ganz däischter.
D'Fotoe sinn all mat enger klenger Blend ( f/20) an ISO 200 gemaach ginn. Doduerch sinn Verschlusszäite vun 1 ( bei Nr. 3 ) bis 10 ( bei Nr. 2 ) Sekonnen entstanen.
Ier den Zuch koum, hunn ech e puermol probéiert, bis d'Beliichtung optimal war, well wann en da kënnt hues de nëmmen ee Versuch.
En ordentleche Stativ brauchs de och.
Ech si gespaant op Zuchfotoen aus dem Éislek! Bonne chance!
bigmama19420205 16.08.2011 - 08:40
jo do geht et net euni Statif, closed_eye se sen wonnerschein, a merci fir deng Information !

Hass du de Program S ?smile
jorsch 16.08.2011 - 11:08
Nee "A" ( Blendevierwahl )
bigmama19420205 16.08.2011 - 18:43
merci , loo wees ech daat meescht, entschellig mei Vierwëtzclosed_eye

Fannen deng Serie nämlich super smile
Zora 15.08.2011 - 09:17
Eng rasant Serie, flott
jorsch 15.08.2011 - 21:07
Merci Zora!
Pit 15.08.2011 - 09:46
Flott Serie, Idee gutt emgesaat.
jorsch 15.08.2011 - 20:58
Merci Pit.
chrisykris 15.08.2011 - 10:45
Ganz gutt emgesaat. Mir gefällt besonneg déi éischt!
jorsch 15.08.2011 - 20:59
Merci chrisykris.
Ech konnt mech net zwëschen 1. an 2. entscheeden.
weisandre 15.08.2011 - 11:16
Ganz Interessant Serie, besonnesch fir mech déi 4 wëll een do eraus gesaït welch Bedeitung déi 3 Luuchten hunn
Et gesaït een Symbolesch een grouss Buchstab * A * dënn bedéidt
Achtung
jorsch 15.08.2011 - 21:00
Jo, wann een op de Schinne steet an déi dräi Luuchte gesäit, da gëtt et Zäit!smile
Merci weisandre!
Schluck 15.08.2011 - 11:29
Immens flott Serie, dei sinn dir all gudd gelongen
jorsch 15.08.2011 - 21:00
Merci Schluck!
Nicon07 15.08.2011 - 16:19
Di 2. gefällt mir am besuchten, an alleguerte gudd.
jorsch 15.08.2011 - 21:01
Merci Nicon07, och fir de Fav!
Jeanny 15.08.2011 - 17:15
gefält mir wonnerbar, ganz gutt festgehalen
jorsch 15.08.2011 - 21:01
Merci Jeanny!
rabbit 15.08.2011 - 20:47
fannen se allen 4 Super, ech hat des lescht déi selwischt Idii an de Kapp kricht fir sou eppes ze probéieren, wollt awer een ND Filter koofen fir dat ze maachen.
jorsch 15.08.2011 - 21:06
Merci rabbit!
Hunn se ouni ND-Filter gemaach.
Owes geet eng zoue Blend ( F 20 ) an déif ISO-Wäerter ( ISO 200 ) duer fir Verschlusszäiten iwwert d'Sekonn ze kréien. An engems ass owes den Effekt vun de Luuchten méi grouss. Flott ass et wann den Himmel awer nach e bëssen zeechent.
Si gespaant op deng Biller!
mischii 15.08.2011 - 22:26
do gëtt awer och de Stativ ewechgeblosen,
ka mech och lo guer n¨t entscheeden, alles flott
jorsch 16.08.2011 - 08:36
Merci mischii!
Bei der Nr. 4 stoung ech zimlech no bäi an hunn de Stativ mam Fotoapparat wierklech missen unhalen!
Duerno war ech méi klug!smile
Abacab 16.08.2011 - 14:25
Ganz flott an interessant Serie, woubäi mer di 2 eischt besonneg gutt gefalen, dest wéinst deem bloen Himmel.
jorsch 16.08.2011 - 18:41
Merci Marc!
Bloen Himmel ass ëmmer besser wéi groen Himmel!smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 468 Gäscht online